EU: Polen blockéiert en Text zu de fundamentale Rechter
Polen huet en Donneschdeg, bei der Sëtzung vun den EU-Justizminister
Polen huet en Donneschdeg, bei der Sëtzung vun den EU-Justizminister
Am Kader vun der Retrospektiv-Ausstellung „Thierry!“ vun 2018 am CNA
De Manktem u Beweegung ass laut WHO de véiert gréisste
Well keng kloer Linn bei de Prozedure bei COVID-19 Fäll vum MENJE erkennbar ass, herrscht bei den Enseignanten, den Direktiounen, den Elteren an och bei de Schüler eng grouss Onsécherheet wat d’Mesuren ubelaangt.
Déi vill Demanden a Réckmeldungen aus de Schoulen a Lycéeë gi konsequent ignoréiert:
Am Detail kann dës Lëscht je no Schoul a Regioun nach laang weidergefouert ginn. D’Enseignanten an de Schoule sinn der Desorganisatioun ausgeliwwert.
Reagéiert gëtt vum Ministère op Drock aus de sozialen Netzwierker, net awer op d’Réckmeldunge vun deene Leit, déi all Dag d’Schüler encadréieren, a rassuréieren a gläichzäiteg ënnert erschwéierte Konditiounen hirem Bildungsoptrag nogoe wëllen. Well dann d’Enseignanten ni am Virfeld iwwer méiglech Strategien informéiert ginn, befanne si sech a permanenter Approximatioun.
Krank oder ënner Quarantaine gesate Léierpersoune kënne scho méi laang net méi ersat ginn, well keng Remplaçantë méi disponibel sinn. Sou gesi sech d’Schoulen an d’Lycéeë gezwongen, d’Schüler op déi aner Klassen ze verdeelen, respektiv mussen d’Titulairë vum Cours d’Appui oder Cours d’Accueil, respektiv d’Assistants pédagogiques asprangen: Schüler mat Léierdefiziter, déi scho besonnesch ënnert dem Confinement gelidden hunn, ginn elo eng weider Kéier vernoléissegt.
Dobäi war am Summer mediewierksam annoncéiert ginn, dass am Hierscht supplementar national Rattrapagescoursen niewent der Schoul organiséiert géife ginn. Op d’Propositioun vum SEW/OGBL fir dës Coursen an d’Unterrechtszäit ze verleeën an dat zousätzlecht Personal an de Schoulen intervenéieren ze loossen, huet de Minister net reagéiert. Nodeems um Schoulufank kee Plang duergeluecht ginn ass an och nom spéiderhin ugekënnegten Datum vum 12. Oktober et nach ëmmer keng Informatioun gouf, koum kierzlech d’Meldung, dass dës Coursen dann dëst Joer iwwerhaapt net stattfanne géifen. Déi grouss Verléierer vun dëser Desorganisatioun si schliisslech awer d’Kanner.
Den SEW/OGBL fuerdert de Minister op d’Urgence eng grouss Reunioun mat alle Betraffenen (Schülervertrieder, Elterevertrieder, Gewerkschaften a Minister) anzeberuffen an op d’Schoulpartner ze lauschteren, fir d’Situatioun ze redresséieren a fir ze verhënneren, dass d’Schoul an den nächste Wochen am Chaos ënnergeet.
Matgedeelt vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft (SEW) am OGBL
Opmaacherbild: © Shari Pleimelding/moien.lu