Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Washington entzitt Palestina 200 Milliounen Entwécklungshëllef
Neiegkeeten

Washington entzitt Palestina 200 Milliounen Entwécklungshëllef

Zu Washington, huet e Freideg d‘Trump-Administratioun ugekënnegt, datt d‘USA iwwer

tonguedislike
„Ouni Perspektive kënnt keen op de Bierg“
Neiegkeeten

„Ouni Perspektive kënnt keen op de Bierg“

D‘Gewerkschaft vum professionelle Personal vun der Arméi (SPAL) hat virun

angrytongue
Dat ganzt Land leit wéinst dem Stater Schäfferot
Neiegkeeten

Dat ganzt Land leit wéinst dem Stater Schäfferot

Laut engem Communiqué vun der Stater KPL-Sektioun hätt eist ganzt

OGBL-SEW: Et freet sech fir wien d‘Schoulrentrée am schwéierste gëtt

OGBL-SEW: Et freet sech fir wien d‘Schoulrentrée am schwéierste gëtt

Datt den Educatiounsminister seng radikal Reformen ouni Récksiicht op d‘Awänn vun de Gewerkschafte geholl huet, dat ass e Choix deen op wéineg Géigeléift stéisst. Et ass dann och richteg, datt den OGBL-SEW keng vun de Reformen, esou wéi se agefouert goufen, begréisst.

Bei der Gewerkschaft stellt ee sech dann och eng ganz Rei Froen, an et ass beméit déi Wäerter ze erhalen, déi duerch eng „Beschäftegung op béien a briechen“ zu méi Problemer wäert féieren, wéi et dofir um Uschloss ka Léisunge ginn. D‘Situatioun gëtt och net doduerch besser, datt de Ministère mat alle Gewerkschaften den Dialog, wann och net ofgebrach, dann awer „ënnerbrach“ huet.

Um Virowend vun der Schoulrentrée an am Kader vum Bilan vun de leschte fënnef Joer, muss de President vum OGBL-SEW, Patrick Arendt, feststellen, datt et mam Vertrauen tëscht den Enseignanten an dem Educatiounsministère net méi wäit hir ass. E Constat deen esouwuel fir d‘Primärschoul, wéi och de Secondaire Gültegkeet huet. Dat misst net sinn…

Vu Privatiséierung, Individualiséierung a Konkurrenz

Beim OGBL-SEW gëtt nach emol betount, datt een sech ganz decidéiert géint d‘Privatiséierung, Individualiséierung a Konkurrenz vum Enseignement opgestallt huet. De Patrick Arendt leet grousse Wäert drop, datt et och an Zukunft en héich qualitativen Enseignement gëtt, an net stänneg eng „Upassung un Ënnen“ vollzu gëtt. Heimatter géif een de Kanner kee Gefale maachen.

Esou kritiséiert d‘Gewerkschaft, datt d‘Zilsetzung vun der Schoul, sech op eng zukünfteg Beschäftegungsméiglechkeet bezitt. „Et brauch een haut éischter qualifizéiert wéi gebilte Leit“, bedauert de Patrick Arendt de kontraktuelle Kontext. D‘Schoul un d‘Aarbechtswelt upassen, an dofir d‘Allgemengwëssen, Konscht a Geschicht ze afferen, wier ganz kloer eng Feelentscheedung.

Féiert eng schlecht Bildung zu Populismus a Rietsextremismus?

Fir de Patrick Arendt ass et noutwenneg, dass sech d‘Zivilgesellschaft doriwwer am klore muss sinn, datt wann een an der Schoul net méi déi kulturell an humanistesch Wäerter vermëttelt kritt, vill Problemer op eis duer kommen. Zudeem misst en dierfe feststellen, datt vun enger schlechter Bildung, an éischter Linn d‘Populisten an déi rietsradikal Beweegunge profitéieren.

Dat kann een als direkte „Virworf“ un de Claude Meisch a säi Ministère gesinn, woubäi d‘Lëscht vun de Virwërf scho bal e Buch fëlle kéint. Interessant an dësem Kontext ass, datt während de Minister matdeelt, datt all d‘Plaze „besat sinn“, den OGBL-SEW eppes anescht behaapt, leider hei keng konkret Zuele virleeë kann. Et muss een dann de nächste Méindeg ofwaarden a feststellen.

Ze vill oder net genuch? Béides trëfft zou…

De Patrick Arendt huet drop higewise, datt den Telefon bei der Gewerkschaft „gutt beschäftegt“ ass an d‘Informatiounen sech vun deene vum Minister staark ënnerscheeden. Grouss bedenke gëtt et beim OGBL-SEW och am Bezuch op d‘Effektiver. Vill Klasse wieren „ze grouss“ wouduerch déi ugestrieften Individualiséierung, an d‘Begleedung vun de Schwächste verhënnert gëtt.

Well et net genuch „Enseignanten“ um Aarbechtsmaart gëtt, sollen dann elo „Studente mat engem Bachelor-Diplom“ déi net Erzéiungswëssenschaft geléiert hunn, agespaant ginn. Dat bréngt, esou de Patrick Arendt, de Risk mat sech, datt et zum Dissens an der Professioun komme wäert. Et ass dann och eng reng „Noutmoossnam“ déi fir fënnef Joer effektiv soll sinn. E Provisorium?

Wa sech Schoule Konkurrenz maachen

Et gëtt dann nach wichtege Punkt, dee beim OGBL-SEW fir zolidd Kappzerbrieches suergt. Esou ass een der Usiicht, datt déi „europäesch ëffentlech Schoulen“ de Lëtzebuerger Sproochesystem, deen eng Partikularitéit vun eisem Land ass, kann a Fro stellen. Et wier elo emol ze einfach, sech enger Sprooch „déi engem net läit“ ze entzéien. Domatter gëtt d‘Gesellschaft u sech a Fro gestallt.

An de Succès vun den „internationale“ Schoulen ass net vun der Hand ze weisen. Haten sech 2016/17 nach 1.621 Schüler fir dëse „Schoulsystem“ entscheet, esou sinn et fir d‘Rentrée 2018/19 schonn 2.206 Schüler, déi „en anere Wee bestreiden“. De Ministère weist awer drop hin, datt et bei de Privatschoulen aus dem „internationale Secteur“ keng wiesentlech Verännerunge ginn huet.

Parallelgesellschafte fërderen net de gesellschaftlechen Zesummenhalt

Fir den OGBL-SEW ass et dann och eng verréckt Situatioun. Hei gi Parallelgesellschaften erzwongen an et géif de Risk bestoen, datt sech iwwert dëse Wee, nach méi jonk Leit – laut dem Patrick Arendt wiere vun dësem Phänomen besonnesch d‘Lëtzebuerger betraff – laanscht den Apprentissage vun der franséischer Sprooch géifen „drécken“.

Problemer huet ee beim OGBL-SEW och mat de Programmer déi vu private Gesellschaften opgebaut ginn. Esou géif sech de Michel Lucius (ISML) vun der Firma „Pearson“ de Programm zesummestelle loossen. Op déi Programmer elo kompatibel sinn oder och net, muss sech dann nach erweisen. Et schéngt dann awer esou, datt et nach vill Gespréichsbedarf gëtt.

Ähnlech Sujeten Claude Meisch, Educatiounsministère, Enseignanten, OGBL-SEW, Schoulrentree
Nächsten Artikel Virrechten Artikel