Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vill Affer bei Lawinenongléck an der Osttierkei
Neiegkeeten

Vill Affer bei Lawinenongléck an der Osttierkei

Zwou Lawinen an der osttierkescher Provënz Van hu vill Affer

Ee séchert Silvester: Passt op Iech, Är Kanner an d’Déieren op!
Neiegkeeten

Ee séchert Silvester: Passt op Iech, Är Kanner an d’Déieren op!

A wéinegen Deeg kënnt d’Joer 2019 schonn op een Enn

Dem Trump säi Friddensplang fir Palestina
Neiegkeeten

Dem Trump säi Friddensplang fir Palestina

Virun der geplangter Staatsvisite vum (nach) israelesche Regierungschef Benjamin Netanyahu

Den OGBL wëll d‘Zäitspuerkonten am Privatsecteur – elo!

Den OGBL wëll d‘Zäitspuerkonten am Privatsecteur – elo!

Am neien AKTUELL vum Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg (OGBL) geet de President André Roeltgen op d‘Zäitspuerkonten am Privatsecteur an. Am Editorial geet hien ouni e Blat virun de Mond ze huelen op d‘Ursaachen an, déi bis ewell d‘Aféierung verhënnert hunn.

De Gedanke fir all Salarié en Zäitspuerkont anzeriichten ass net nei. Den Avis vum sozioekonomesche Rot (CES) aus dem Joer 2004, bezeechent den OGBL-President dann och als en exemplaresche Modell, hisiichtlech enger Aarbechtszäitorganisatioun, déi Modellcharakter huet.

Visionär, sozial progressistesch, ekonomesch interessant an eestëmmeg vun de Sozialpartner ugeholl, wier dëse Modell perfekt fir e Gesetztext auszeschaffen. Net ze vergiessen, datt d‘Gesetz zu de Kollektivverträg (2004 ugeholl) vill nei kontraktuell Méiglechkeete bitt. Mee zudeem och d‘Instrumenter ubitt, déi am Aklang mat de Richtlinne stinn, wéi se am Avis enthale sinn.

Se kommen einfach net an d‘Gäng

Fir den André Roeltgen, hunn all d‘Regierungen zanter 2004 versot: d‘Regierunge Juncker-Asselborn I an II ganz däitlech, an et schéngt alles drop hinzedeiten, datt et mat der Regierung Bettel-Schneider-Bausch I net wierklech besser ausgesäit.

Alleguerten zesummen, hunn se 13 Joer verplempert, ouni dat et bei dësem imminent wichtege Sujet och nëmmen de geréngste Fortschrëtt ginn hätt, ausser an der Fonction Publique. Do huet den Inneminister neel mat Käpp gemaach, an e Gesetzprojet fir d‘Beamten deponéiert, deen sech voll a ganz un de Propose vum CES orientéiert.

„Dat ass gutt esou a verdéngt d‘Ënnerstëtzung vum OBGL“, esou de André Roeltgen. Mee et ass dann awer och den OGBL-President deen sech freet wéi et da fir d‘Majoritéit vun de Salariéeën ausgesäit? Wéini kréien och si e Gesetzprojet zougestane, an dem am gläiche Mooss op d‘Propose vum CES zeréckgegraff gëtt?

Den Avis vum CES ass nach ëmmer Aktuell

De Gewerkschaftler ass es sichtlech midd, datt een d‘Salariat aus dem Privatsecteur ëmmer nees op e neits vertréischt, vu Legislaturperiod zu Legislaturperiod. Hien zéckt och net ze spekuléieren, an traut dëser Regierung zou, e Gesetzestext auszeschaffen, deen déi fundamental Prinzipie vum Avis mat Féiss trëppelt.

Dem OGBL-President ass et wichteg drop hinzeweisen, datt den Avis vum CES aus dem Joer „kee Stëbs ugesat huet. De Géigendeel ass de Fall, well „den Avis eng Adequat an exemplaresch Äntwert op déi Froe gëtt, déi sech 2018 stellen“. Et wier e Modell a sengem Genre, well en déi wichtegst Erausfuerderungen ugeet.

Et gëtt am Editorial da kloer an däitlech ausgeschwat, datt den OGBL sech voll a ganz hannert den Avis vum CES, a senge 5 fundamentale Prinzipie, stellt. An den André Roeltgen freet sech hei, wat den Aarbechtsminister drun hënnert, sech dem Avis vum CES unzehuelen an e Gesetzprojet virzeleeën, deen d‘Interesse vu jidderengem berécksiichtegt.

Ähnlech Sujeten André Roeltgen, OGBL, Zäitspuerkonten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel