Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

City Breakfast: Wanter, Mobilitéit a virtuell Realitéit
Meenung Neiegkeeten

City Breakfast: Wanter, Mobilitéit a virtuell Realitéit

Beim Kaffi um Mëttwochmueren, war et eng gutt gelaunte Buergermeeschtesch,

Coronavirus: Ëmmer méi Länner schotten sech of
Meenung Neiegkeeten

Coronavirus: Ëmmer méi Länner schotten sech of

Et ass eng Kris, esouvill ass sécher… et wier allerdéngs

Vëlos-Occasiounsmaart am „schéine Stär“
Meenung Neiegkeeten

Vëlos-Occasiounsmaart am „schéine Stär“

Et ass zur Traditioun ginn an zudeem och e Magnéit

D’Spëtzt vum Äisbierg ofbrieche geet net duer, fir d’Grondrecht op Wunnen zu Lëtzebuerg anzeléisen

D’Spëtzt vum Äisbierg ofbrieche geet net duer, fir d’Grondrecht op Wunnen zu Lëtzebuerg anzeléisen

D’Konsequenze vun ongebremste Buedem- an Immobiliespektulatiounen zu Lëtzebuerg si säit längerem bekannt. Et ass net just den Ausléiser an Undreiwer vun der Präisspiral, mee och vun der Ëmverdeelung, bezéiungsweis Verdeelung vu Biedem a Wunnengen vun ënnen no uewen.

Fir international an national Investisseuren versprécht de Lëtzebuerger Immobiliëmaart héich Renditten an niddreg Zënsen, déi op imprevisibel Zäit d’Geldkreditter bëlleg maachen. Eng kleng Zuel vu Superräiche profitéieren doriwwer hannenaus – am Ënnerscheed zum Normalbierger – vu skandaléise Steierbegënschtegungen.

Kennt neit oder scho bebaut Land op de Maart, ass et a kierzester Zäit vu Kapitaluleeër opkaaft an hir Konkurrenz léisst d’Präisspiral monter weiderdréien. An dëser Kategorie fält och d’Kafe vu Land, dat (nach) ausserhalb vum Bauperimeter läit. Duerch d’Buedem- an Immobiliespekulatioun wiisst déi sozial Ongerechtegkeet zu Lëtzebuerg staark un.

Wunnen

© Shane / Unsplash

D’Wunnpräisser bewierken net just ee massive Kafkraaftverloscht bei den ënneschten a mëttleren Akommesschichten. Fir vill wiisst de Risiko vun enger stagnéierender oder souguer schlechter Wunn- a Liewensqualitéit. Gesamtwirtschaftlech gesinn féiert d’Spekulatioun zu engem onproduktive Kapitalasaz, deen den Investitiounen an der realer Wirtschaft an hirer Produktivitéitsentwécklung entzu gëtt.

Virun engem Joer hat den OGBL den Noutstand Wunnen ausgeruff an d’Regierung dozou opgefuerdert, dem Grondrecht Wunnen héchst Prioritéit ze ginn an dréngend eng nei Politik ëmzesetzen, déi sech un dësem allgemenge gesellschaftleche Recht orientéiert a sech net méi laang de Partikularinteresse vu beduchte Buedem- an Immobiliëbesëtzer a -spekulanten ënneruerdent.

Et muss endlech domat Schluss sinn, datt ëmmer méi Mënschen an eisem Land sech déi eege véier Wänn net méi leeschte kënnen wärend anerer honnerten oder dausende Wänn gewënnbréngend unheefen.

D’Politik trëfft eng immens héich Schold un dësem Noutzoustand. Bis zum haitegen Dag gëtt et keng eenzeg gesetzlech Moossnam, fir d’Buedem- an Immobiliëspekulatioun anzedämmen. Bis haut gëtt probéiert der Ëffentlechkeet d’Illusioun virzegaukelen, datt eng Politik, déi sech un der Offer orientéiert, also eng Politik, déi sech am Virdergrond op d’Erschléisse vun neiem Wunnraum begrenzt, d’Präisspial an de Grëff kréie kéint.

Den OGBL stell kloer, datt eng Politik, déi sech un der Offer orientéiert, just dann erfolelgräich ka sinn, wa gläichzäiteg d’Dynamik vun der Buedem- an Immobiliëspekulatioun gebrach gëtt. Fir dës Dynamik ze briechen gëtt et just ee Wee. Eng nei Steierlegislatioun, déi esou opgestallt gëtt, datt et sech ab enger bestëmmter Héicht vum Buedem- an Immobiliëverméigen net méi lount, d’Verméige weider unzesammelen.

Wa mir et och begréissen, datt no laanger ëffentlecher Kritik déi parlamentaresch Finanzkommissioun sech no hirer Sëtzung vum 15. Juni 2020 „parteiiwwergräifend schockéiert iwwert de System vun der FIS“ weist, stell den OGBL onmëssverständlech kloer, datt de Kampf géint d’Spekulatioun stompeg bleiwe wäert, wann en op der Reform vu sougenannte „Spezialiséierten Investitiounsfongen“ (FIS) begrenzt bleift.

Wunnen

© Bruce Mars / Unsplash

D’FIS sinn ouni Zweiwel den héchsten Ausdrock vu Buedem- an Immobiliëspekulatioun zu Lëtzebuerg, bezéiungsweis der (Ëm)Verdeelung a Konzentratioun am Interessi vun de Räichen An et steet fir den OGBL ausser Fro, datt déi skandaléis steierlech Virdeeler vun der FIS a Bezuch op Immobilien a Grondstécker ersatzlos ofgeschaaft musse ginn.

Mee eng Reform un der Spëtzt vum Äisbierg vun der Spekulatioun wäert un hirer Dynamik net wierklech eppes änneren, wann net och de Rescht vum Äisbierg gebrach gëtt. Dat steierlecht Haaptthema fir en erfollegräiche Kampf vun der Regierung géint d’Spekulatioun am Buedem- an Immobiliëberäich muss dofir d’Reform vun der Grondsteier sinn.

Fir de Wunnbesëtz, deen dem eegene Wunnzweck déngt, schléit den OGBL déi vollstänneg Befreiung vun der Grondsteier fir. Bei Besëtz vu méi Objeten muss ab engem ze bestëmmende Gesamtwäert vum Verméigen d’Grondsteier d’Form vun engem progressive Steierasaz ophuelen.

Wien 10-, 20, 50- oder 100-fachen Immobilien- a Grondbesëtzer ass, deem soll „progressiv“ de Rendittereiz geholl ginn, sech nach weider op Käschte vum Rescht vun der Bevëlkerung mat Grond- an Immobiliebesëtz ze seenen. A gläichzäiteg e finanzielle Beitrag ze leeschten, fir déi duerch d’Buedem- an Immobiliëspekulatioun verursaacht sozial Schied op mannst zum Deel auszegläichen.

Just esou gëtt de Wee fräi gemaach, datt zu Lëtzebuerg d’Grondrecht Wunnen ageléist gëtt a gutt an erschwénglecht Wunnen nees eng Chance kritt.

Matgedeelt vum OGBL

Opmaacherbild: © Cindy Tang / Unsplash

Ähnlech Sujeten Buedempräisser, FIS, Grondsteier, Immobilien, Kafkraaftverloscht, Kritik, OGBL, Präisspiral, Regierung, Spekulatioun, Wunnen, Wunnraum
Nächsten Artikel Virrechten Artikel