Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
De Bitcoin iwwerschreit d‘Barre vun 11.000 US-Dollar
best christian dating websites free good online dating starters

free dating website online

Um Mëttwoch ass d‘Kryptowärung Bitcoin iwwert de Wäert vun 11.000

radiocarbon dating canada
best christian dating websites free good online dating starters

Oppene Bréif un de Minister Schneider zum Aktiounsplang fir biologesch Landwirtschaft

Här Minister Schneider, D’Plattform Meng Landwirtschaft begréisst dat am Koalitiounsofkommes gesaten Zil

Boxen zu Diddeleng: e wierklech kuerzweilegen Owend
best christian dating websites free good online dating starters

Boxen zu Diddeleng: e wierklech kuerzweilegen Owend

Organiséiert vum „Boxing Club Dudelange“, ënnert dem Patronage vun der

USA: Sexuelle Mëssbrauch op der Ohio State University

Medeziner vergeet sech iwwer Joerzéngten ewech u Studenten

USA: Sexuelle Mëssbrauch op der Ohio State University

Gëschter huet sech de President vun der Ohio State University (OSU), Michael V. Drake an enger ausféierlecher Stellungnam zum Bericht vum „State Medical Board“ geäussert. Aus dësem Bericht geet ervir, datt den Dokter vun der Schoul, Dr. Richard Strauss (2005 verstuerwen) tëscht 1978 an 1988 op mannst 177 Studente sexuell mëssbraucht huet.

Déi ausféierlech Enquête, déi de 15. Mee ofgeschloss ginn ass, huet erginn, datt den Dokter, dee sech haaptsächlech ëm d‘Athlete gekëmmert huet an och am „Sudent health center“ vun der Uni aktiv war, sech iwwer 20 Joer laang u Studente „vergraff“ huet. Schockéirend an onverständlech: aus dem Bericht geet ervir, datt d‘Personal vun der OSU schonn 1979 vun dëse Virgäng wousst.

Weider heescht et am Bericht, datt et regelméisseg Plainte ginn huet, déi „Persistent“, „Seriéis“a „Kredibel“ waren, mee säitens der Universitéit keng Enquête gefuerdert ginn ass… bis 1996, wou d‘Informatioun bei „offiziellen“ ausserhalb dem Sportskader a Gesondheetszenter ukomm ass. Do eréischt ass den Dokter suspendéiert ginn, mee hie weider e Member vun der Fakultéit bliwwen ass.

Den Dr. Richard Strauss huet 1998 (aus eegene Stécker) seng Pensioun agereecht a d‘Universitéit, huet hien nach emeritéiert. 2005 dunn huet de Medeziner sech d‘Liewe geholl. D‘Enquête selwer ass opgrond der Häert vun de Fäll weidergefouert ginn. Eng Enquête déi elo 40 Joer méi Spéit keng Zweiwel méi zouléisst, an der OSU e fundamentaalt Versoe beim Schutz vun de Studente virhält.

Wien ewechgekuckt huet ass matschëlleg

Woubäi ze preziséieren ass, datt d‘Enquête eréischt am Abrëll 2018 ugekënnegt gi war. Et kann ee wuel net confirméieren, datt et en Zesummenhang mat engem anere Fall gëtt, mee villes deit drop hin. E puer Méint virdrun, war den Dr. Larry Nassar, Mannschaftsdokter vun den US-Turner, wéinst sexuellem Mëssbrauch vu Mannerjäregen ugeklot ginn. Am Mee 2018 gouf d‘Uerteel geschwat.

De 54 järege Medeziner ass den 23. Mee 2018 zu 175 Prisong veruerteelt ginn, nodeems honnerten Turnerinnen an hir Eltere géint de Larry Nassar virgaange sinn. Dorënner och eng Rei Championne wéi d‘Olympiagewënnerinnen: Alexandra Raisman, McKayla Maroney an d‘Simone Blies. Zum Zäitpunkt vum Mëssbrauch, waren d‘Affer ënner 16 Joer jonk, an dräi Fäll ënner 13 Joer jonk.

Sexuelle Mëssbrauch gëtt et deemno net eleng an der kathoulescher Kierch, an de gräissleche Fazit deen sech och am Kontext vum Vergoen u jonke Mënschen op Universitéiten oder an Sportskader ergëtt weist, datt d‘Täter meeschtens längst bekannt, hir Dote vu Kollegen a Frënn gedeckt oder vertuscht ginn. Gutt, datt am Fall „Strauss“ den Dout vum Dokter d‘Enquête net verhënnert huet.

mat indymedia/col

Ähnlech Sujeten Dr. Richard Strauss, Ohio State University, Sexuelle Mëssbrauch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel