Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

70 Joer NATO: Gutt wann ee weess wien decidéiert
Neiegkeeten

70 Joer NATO: Gutt wann ee weess wien decidéiert

Nodeems den NATO-Generalsekretär sech beim US-President zum Rapport gemellt hat,

Munneref: De Steve Reckel als neie Buergermeeschter vereedegt
Neiegkeeten

Munneref: De Steve Reckel als neie Buergermeeschter vereedegt

E Freideg huet d‘Inneministesch Taina Bofferding (LSAP) dem neie Buergermeeschter

Bei neie Sanktioune kéint den Iran d‘Atomofkommes kënnegen
Neiegkeeten

Bei neie Sanktioune kéint den Iran d‘Atomofkommes kënnegen

En Dënschdeg huet den Iran domadder gedréit, den Accord iwwert

Buedem als Allgemenggutt? Stëftung fir eng méi sozial Landwirtschaft

Buedem als Allgemenggutt? Stëftung fir eng méi sozial Landwirtschaft

OIKOPOLIS ass eréischt den zweete Lëtzebuerger Betrib mat eegener Stëftung. Zil ass et, eng ökologesch a gläichzäiteg sozial Landwirtschaft ze fërderen.

Den 9. Abrëll gouf zu Mënsbech op eng ëffentlech Podiumsdiskussioun iwwert Engagement vu Fondatiounen agelueden. Als Diskussiounsgäscht invitéiert waren den Nikolai Fuchs vun der GLS Treuhand, de Pierre Ahlborn, Gerant vun der Banque de Luxembourg, de Pit Reckinger, Präsident vun der André Losch Fondatioun, an de Marc Elvinger vun der Kanzlei „Elvinger Hoss Prussen“.

D’Gäscht hunn all zur Stëftungsgrënnung felicitéiert. Den Ustouss dozou geet op de Gastgeber Änder Schanck, President vum Verwaltungsrot a Grënner vun der OIKOPOLIS-Grupp zeréck.

D’Stëftung als Instrument fir d’Gemengwuel ze stäerken

Eng Stëftung ass eng Ariichtung, déi mat Hëllef vun engem Verméige sënnstëftend aktiv gëtt. Si baut op dem Verständnis, datt Eegentum net der perséinlecher Beräicherung déngt, mee gemengnëtzeg Zwecker fërdere soll. Laut dem Nikolai Fuchs ass si domat en “Instrument, fir am kapitalistesche System d’Weechen e Stéck wäit a Richtung Allgemengwuel ze stellen”.

Nach besser wier et, sou den Änder Schanck, d‘Allgemengwuel net nëmmen “iwwer Ëmweeër” duerch eng Stëftung ze fërderen, mee direkt beim Betriibsmodell unzesetzen. Dofir bedierf et awer un neien Impulser a Rechtssystemer fir “autonom Betriber”, bei deenen net primär d’Profit-, mee d’Maximéierung vum Allgemengwuel un éischter Stell steet.

OIKOPOLIS-Stëftung wëll de Buedem neutraliséieren a landwirtschaftlech notzen

D’Iddi vun der OIKOPOLIS-Fondatioun ass aus dem Uleies entstanen, déi biologesch Landwirtschaft- an Ernierungskultur laangfristeg an op ganzer Linn ze fërderen – ugefaange bei der ökologescher Somziichtung bis bei d’Stäerkung vu solidaresche Kooperatiounsformen tëscht Baueren, Händler a Konsumenten. Ee vun den zentralen Ziler ass d’Entwécklung vun neien Eegentumsforme fir d’Buedemnotzung.

Zu Lëtzebuerg befannen sech ronn 60% vun de landwirtschaftleche Flächen net a Besëtz vu Landwirten. D’Präisser vun esou Terraine sinn an de leschte Joeren immens geklommen. Déi nei Stëftung soll Grond a Buedem “neutraliséieren”, dat heescht de privaten Nolooss a Spekulatioun entzunn a soumat de Baueren a Landwirtschaftsgemeinschafte fir eng raisonnabel Pacht zur Verfügung gestallt ginn.

Loft no uewen bei Stëftungspotenzial zu Lëtzebuerg

D’Banque de Luxembourg setzt sech säit bal 20 Joer fir Philanthropie an. Si war och gréisstendeels un der Grënnung vun der Fondation de Luxembourg (FDL) virun zéng Joer bedeelegt. Als Daach-Stëftung verwalt si ronn 140 Milliounen Euro aus dem In- an Ausland. Während sech vill kleng Stëftungen ënnert dem Daach vun der FDL erëmfannen, ginn et zu Lëtzebuerg genau gekuckt nëmmen zwou komplett eegestänneg, wann och immens ënnerschiddlech “Betriibsfondatiounen”:

d’OIKOPOLISFondatioun an d’André Losch Fondatioun. Dobäi hu betriibsgebonne Fondatioune positiv Auswierkungen op d’Aarbechtsklima, weess de Pit Reckinger aus Erfarung. De gréisste Garagist zu Lëtzebuerg gehéiert zu 100 Prozent der Losch-Stëftung, déi sech ënner anerem fir Kanner- a Jugendhëllef asetzt. Déi iwwer 900 Mataarbechter weisen sech zefridden a motivéiert, well se wëssen, datt se fir e gudden Zweck schaffen.

Trotzdem gëtt et enger Betriibsfondatioun zu Lëtzebuerg net ëmmer einfach gemaach. Et brauch een en Affekot an e laangen Otem. De Justizministère iwwerpréift d’Gemengnëtzegkeet ganz genau, sou de Marc Elvinger, deen och d’OIKOPOLIS-Grupp bei der Grënnung beroden huet. Laut dem Pierre Ahlborn ass d’Potenzial vun der Philanthropie zu Lëtzebuerg nach laang net ausgeschëpft: “De Privatsecteur kéint déi ëffentlech Hand bei der Fërderung vum Gemengwuel nach vill besser ergänzen.”

Hien huet den Androck, datt Politik, Parlament a Ministèren awer net ëmmer wëllen, datt privat Gelder benotzt ginn, fir bestëmmte Saachen ze fërderen. De Staat entscheet léiwer selwer, wéi Steiergelder fir d’Allgemengheet verdeelt ginn. An anere Länner, besonnesch a Skandinavien, ass een do méi oppen an erkennt de Bäitrag, dee privat Stëftungen zur Diversitéit an der Zivilgesellschaft bäidroen.

Hannergrond

Hannert där am Dezember 2018 vum Justizministère offiziell unerkannten OIKOPOLIS Fondatioun sti Fërderer aus der biologescher Landwirtschaft, dorënner Membere vun der Bio-Bauere-Genossenschaft Lëtzebuerg (BIOG) an e puer Matwierkender aus den OIKOPOLIS Betriber. Der Stëftung gehéieren 20 Prozent vun der „OIKOPOLIS Participations SA“ (OPSA), d‘Mammegesellschaft den OIKOPOLIS Betriber.

Zu deene gehéieren de Bio-Eenzelhandel NATURATA mat aktuell zéng Butteker, de Bio-Grousshandel BIOGROS an d’BIOG-Molkerei. Ugefaangen huet alles viru genau 30 Joer mat der Grënnung vun der BIOG-Genossenschaft 1989.

Foto: (v.l.n.r.) Nikolai Fuchs, Änder Schank, Pierre Ahlborn, Marc Elvinger a Pit Reckinger

matgedeelt vun der Stëftung OIKOPOLIS, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Melvin Hatto

Ähnlech Sujeten Änder Schank, Marc Elvinger, Nikolai Fuchs, OIKOPOLIS, Pierre Ahlborn, Pit Reckinger
Nächsten Artikel Virrechten Artikel