Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Europawahlen: EU-Kommissär bestätegt Manipulatiounsversich
Fail Kultur dating sites for singles in australia

classified hookup

Den EU-Sécherheetskommissär huet e Samschdeg bestätegt, datt et bei den

https://moien.lu/dating-sites-in-riga/
Fail Kultur dating sites for singles in australia

Verstäerkt Video-Iwwerwaachung am Garer Quartier

Fir d’Sécherheet vun de Bierger ze garantéieren informéiert de Minister

Zoff am persesche Golf: Iraner schloen de Briten en Tosch vir
Fail Kultur dating sites for singles in australia

Zoff am persesche Golf: Iraner schloen de Briten en Tosch vir

Datt den Dissens tëscht den USA an dem Iran sech

dislike

Okja ass e Film, deen net weess, wat e wëll

An domadder säi Publikum siche muss

Okja ass e Film, deen net weess, wat e wëll

Okja muss ee schon iwwerloossen, datt et fir Opreegung gesuergt huet. De vu Netflix produzéierte Film ass zu Cannes gewise ginn an huet zu enger gréisserer Polemik gefouert. Dobäi goung et net ëm déi eigentlech Qualitéit vum Film, mee éischter dorëmmer, op Streming-Filmer erlaabt sinn. Wéineg iwwerraschend ass, datt Streaming Filmer net méi do däerfe gewise ginn. Iwwerraschend ass, datt Netflix ausgerechent dëse Film do gewisen huet.

Okja ass méi oder wéineger E.T. am moderne Costume. D’Okja ass e super-Schwäin, genetesch manipuléiert, wat a Korea an enger ländlecher Idyll mat engem Meedchen, dem Mija, zesummen opwiisst. D’Ufanksszene ginn sech Méi, fir déi enk Relatioun tëscht dem Computer-animéierten Okja an dem Mija anzefänken. A sou wäit klappt dat och ganz gutt, et bereet een op mannst emotional op d’Handlung fir. Net wierklech klappen deet do dem Tilda Swinton seng Introduktioun kuerz virdrun: Hatt ass de Kapp vun enger multinationaler Gesellschaft, déi ënnert schlechter Publicity leit a mat de Super-Schwäin e Concours mécht, fir d’Welt ze ernären. Denkt Monsanto, à la Disney. A bei hirer iwwerzunnener Performance leide schonn d’Alarmklacken…

Super konfus

Mee zréck zum Plot: D’Super Schwäin gi bei verschidde Baueren op der ganzer Welt ënnerbruecht. No zéng Joer kënnt d’Entreprise hiert Schwäin erëm sichen, fir et der Welt ze presentéieren. Dat bescht soll da vum Publikum ausgewielt ginn. Datt dat dem Mija net gefält, sollt kloer sinn, an hatt probéiert dann och, d’Okja erëm ze kréien. D’Verfolgungsjuegd gëtt duerch Ökoterroristen ënnerstëtzt, déi gréisstendeels wéi e Running-Gag funktionéieren. Mat hirem vehemente Pazifismus an Idealismus stinn ser sech selwer am Wee. Trotzdeem sinn se bemierkenswäert efficace a geleeëntlech erschreckend brutal.

Okja

Foto: Netflix

Wann dat wéi e gréissere Widdersproch kléngt, dann ass et wuel symptomatesch fir de Film. En oszilléiert ondecidéiert tëscht den Extremen hin an hier: Mol familljefrëndlecht Idyll, mol Gefluchs a Fäkalhumor. Mol ass d’Zill, d’Welt ze ernäre ganz nobel, mol ass den antikapitalisteschen a pro-vegetareschen Usaz esou penetrant, dass engem d’Tréine kommen. Vill Figure sinn total iwwerzunn, an do fält net nëmmen d’Tilda Swinton op. De Jake Gyllenhall kënnt bei der Duerstellung vum Dr. Willcox eriwwer wéi d’Aldi-Versioun vum Jim Carrey . Deen ass natierlech och mat Kontrast-Puere beluecht: Eigentlech en Déierefrënd, hëllt en un den eekelhafteste Quälereien un Déieren an dësem Film deel. Dobäi ass en, wéineg iwwerraschend, net wierklech vu Konsequenz, wat de Film an de Plot ugeet. E verschwënnt iergendwann einfach esou, an et weess ee mol net, firwat en do war.

Okja ass voller Déifpunkten

Hien steet domadder am Zentrum vum grousse Problem vun Okja: De Film schwankt ze vill am Toun. Den Déifpunkt ass bei enger Vergewaltegungszeen mam Déier erreecht, déi nach mat engem hallwe Witz soll erliichtert ginn. Géint der Enn gëtt et nach eng KZ-aarteg Zeen, déi dann an der ofschléissender Idyll ophält an et bleift engem de Mond beim Ofspann opstoen. Well eigentlech, reng mechanesch, fonctionnéiert de Film. Mee et muss een sech froen, fir wien en eigentlech gemaach ginn ass, wann en sou krass schwankt. Et ass kee Familljefilm, kee Kannerfilm, ma och net onbedéngt e serieuxe Film. En ass fir jiddereen, a fir keen. A wat e konkret aussoe wëll, ass do och nach laang net geséchert. Ass Fleesch iesse béiss? Kapitalismus? Ass do eng Nuance dran, oder sou vill Nuancen, datt et kee Message méi gëtt?

Okja

Foto: Netflix

Datt de Film sou gutt bei de Kritiker ukënnt, ass fir mech wéineg novollzéibar. Ze oft mécht de Film ze wéineg Sënn. Ze oft si fragwürdeg Choixe getraff ginn.

De Film ass integral op Netflix ze gesinn

Ähnlech Sujeten Kultur, Netflix, Okja
Nächsten Artikel Virrechten Artikel