Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

USA: Am RoundUp-Prozess gëtt d‘Zomm vum Schuedenersatz revidéiert
china online dating industry

USA: Am RoundUp-Prozess gëtt d‘Zomm vum Schuedenersatz revidéiert

E Méindeg huet eng Riichterin vu San Francisco den Uerder

gypsy dating sites uk
china online dating industry

https://moien.lu/10-ways-to-know-if-you-are-dating-a-sociopath/

Eng vun de Prioritéite vun der EU ass de Schantje

Hu mir elo endlech de Brexit-Deal?
china online dating industry

Hu mir elo endlech de Brexit-Deal?

Mat der EU-Kommissioun schéngt de Boris Johnson sech eens ze

Am Oktober sollt een drun denken d‘Wanterpneuen opzeleeën

Am Oktober sollt een drun denken d‘Wanterpneuen opzeleeën

A knapp enger Woch gëtt d‘Auer nees ëmgestallt, d‘Deeg si souwisou schonn eppes méi kuerz ginn, a wie mueres fréi aus de Fiedere muss, jo deen huet matkritt, datt et ufänkt dobausse kill ze ginn. Et sollt een esou lues drun denken d‘Wanterpneuen op den Auto ze montéieren.

Datt Wanterpneuen och ouni Schnéi a Glatäis Sënn maachen, dat läit dorunner, datt et bei niddregen Temperaturen zu engem bessere Gripp kënnt an de Chauffeur säin Auto beim Bremse besser ënner Kontroll behält. Et huet domatter ze dinn, datt d‘Gummimëschung vum Summerpneu sech bei Temperaturen ënner 8°C bis 10°C verhäert, a méi séier un d‘Rutsche kënnt. Dat heescht datt sech de Bremswee verlängert, esouguer mat ABS.

E Wanterpneu dogéint, besteet aus enger mëller Gummimëschung, déi zousätzlech iwwert eppes méi Rille verfüügt. Während d‘Rillen den Optrag hunn ze verhënneren datt sech Match a Schnéi festsetzt, suergt déi mëll Gummimëschung fir eng besser Haftung, an esou fir e kuerze Bremswee.

Wat d‘Gesetz dozou ze soen huet

Zu Lëtzebuerg ass et esou, datt een ab dem 1. Oktober – bei wanterleche Wiederkonditiounen, also Schnéi, Räif oder Glatäis – verflicht ass op Wanterpneuen ënnerwee ze sinn. Déi sinn entspriechend gekennzeechent: mat de Kierzel MS (Matsch a Schnéi) an deels och mam Alpin-Symbol.

Wien sech net dorunner hält, ka wann et zu enger Kontroll kënnt, mat engem Protokoll an héicht vu 75 Euro bestrooft ginn. Sollt een op d‘Kontrollstatioun mussen, kann et mat de falsche Pneuen zur falscher Joreszäit, Problemer ginn. Dat alles muss net sinn, an et ass e gutt berode mat de richtege Schlappen ënnerwee ze sinn. Et geet jo heibäi net eleng ëm déi eege Sécherheet, mee vun där déi aner um Verkéier deelhuelend Mënschen net a Gefor ze bréngen.

A wann et iech elo duerno ass, déi fir dës Joerzäit richteg Pneuen opzeleeën, da kann et net verkéiert sinn dovunner ze profitéieren, fir och no de Luuchte kucken ze loossen. Dat dauert nëmmen en Ament an deet och guer net wéi. Mee gutt gesinn a gesi ginn, ass grad an dëser Period wichteg.

Ähnlech Sujeten Auto, Code de la Route, Pneuen, Sécherheet, Wanterpneuen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel