Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ee Mëttel géint HIV – ass et endlech esou wäit?
Neiegkeeten Stories

Ee Mëttel géint HIV – ass et endlech esou wäit?

No enger Stammzellentransplantatioun konnte bei engem Patient zu London keng

Mäerderesch Iwwerschwemmungen a Griicheland
Neiegkeeten Stories

Mäerderesch Iwwerschwemmungen a Griicheland

„Mir si verwüst“, sot um Donneschdeg de Besëtzer vum engem

Packs du dëse Lëtzebuergesch-Test?
Neiegkeeten Stories

Packs du dëse Lëtzebuergesch-Test?

Wéi ëmmer hu mer och hei aus den Aktualitéiten e

Okult N°1: Eng „Bio Blanche“ mat Häerz a Verstand

Okult N°1: Eng „Bio Blanche“ mat Häerz a Verstand

Haut ass et e Béier, op dee mir eis besonnesch freeën, well et hat net vill gefeelt, da wier en eis verluer gaangen, mee dozou spéider méi. Den Okult N°1 ass en uewergärege Béier, dee seng Bezeechnung „Spezial Béier“ a vollem Ëmfang verdéngt huet. Zum engen ass den Okult N°1 genee dat wat ee sech vun engem artisanale Béier versprécht: nämlech „ganz Gutt“.

Beim Alkoholgehalt ass dës Blanche mat sengen 5,4% „zréckhalend“, mee iwwerrascht duerch säi frësche Goût. Et dierf een och seng Liichtegkeet hiweisen, déi op eng wuel beduechte Rezeptur zréckzeféieren ass. Den Dammen – mee natierlech och den Hären – sollt den delikaten Aroma vum Koriander an de Hauch „Orangëschuel“, entgéint kommen, firwat den Okult N°1 net batter ass.

Wat dem Okult N°1 och nach immens gutt zu Gesiicht steet: ass d‘Tatsaach, datt hien 100% Bio ass. Alles wat an dëser Fläsch dran ass, kënnt aus der Biolandwirtschaft. Dat mécht dës Blanche dann och eppes eenzegaarteg am Ländchen. Et ass, dat dierf een esou soen, e Béier deen een virun allem am Summer genéisst, well hien esou erfrëschend ass, mee e mécht och gutt ënnert dem Beemchen.

Okult

Fir datt een och doheem e gellege Béier ka genéissen, sollt dësen och an eng Fläsch kommen. A wéi dat kann ausgesinn, gesitt dir hei. Dat bescht, den Inhalt gëtt esou oft kontrolléiert, datt all Fläsch zum Genoss gëtt. © Martine de Lagardère/moien.lu

Wat wiere mir haut ouni d‘Simon Brauerei?

Weesekanner!“ géif de Jhemp dorobber äntweren, an hie géif dat batter eescht mengen. De Projet „Okult“ hat sengerzäit zu Réiden un der Attert d‘Liicht vun dëser Welt erbléckt. D‘Produiten déi an der Brauerei Artisinal hiergestallt goufen, waren top. Mee fir Erfolleg ze hunn, muss een och eng Grëtz Geschäftssënn hunn. De Wee no uewen ass beschwéierlech, no ënne geet et awer schëtzeg.

Esou koum et da wéi huet misse kommen: 2005 war Schluss. Den Okult war wuel net verstuerwen, mee esou richteg gutt ass et ëm och net gaangen. Elo war deen awer dach esou gutt, datt d‘Freed nees grouss war, wéi 2007, d‘Simon Brauerei vu Wolz sech dat ganzt „ënnert de Nol gerappt huet“ an dësem wierklech gudden, a virum allem lëtzebuergesche Produit nees zu Éiere verhollef huet.

Fir déi ënnert eise Lieser, deenen den Okult nach net iwwer de Wee gelaf ass, sollt gesot sinn, datt een „Okult“ net esou wuertwiertlech sollt huelen. Mat schwaarzer Magie huet et näischt ze dinn, mee dofir villes mat Braukonscht. Et gëtt hien an alle gutt zortéierte Béierrayonen an et ass net verkéiert dës Blanche am Frigo parat ze hunn, wann de „gudde Besuch“ kënnt. Just fir ze soen…

Foto: 100% Bio ass den Okult N°1, an dat ass keen Zoufall. E soll sech jo och dierfen aus der Mass ervirhiewen, wat him als artisanale Béier dann och net schwéier fält. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Adventskalenner, artisanale Béier, Blanche, Craft Beers, Okult, Simon Brauerei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel