Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

GayMat: Zesumme si mer méi staark
Neiegkeeten Stories

GayMat: Zesumme si mer méi staark

Fir déi 18. Editioun vun GayMat an déi fënneft „Marche

dislike
De Puidgemont an Däitschland verhaft, Gewaltausbréch a Katalounien
Neiegkeeten Stories

De Puidgemont an Däitschland verhaft, Gewaltausbréch a Katalounien

De fréiere President vun der autonomer spuenescher Provënz Katalounien, Carles

Brexit: D‘Theresa May plaidéiert fir eng besser Zesummenaarbecht bei der Sécherheet
Neiegkeeten Stories

Brexit: D‘Theresa May plaidéiert fir eng besser Zesummenaarbecht bei der Sécherheet

Déi britesch Premierministesch Theresa May, huet en Donneschdeg bei sengen

Fir eppes Sonn am Wanter: Okult Summer

Fir eppes Sonn am Wanter: Okult Summer

Dësen héichgärege Summer Béier vun Okult (Grupp Simon) ass u sech e klassesche „ Pale Ale“ an awer och iergendwéi net. Während e Pale Ale éischter en Alkoholgehalt esou ëm déi 6% huet, ass deen heite mat senge 4,3% e richteg „braven“. Mat engem Schoss „Citronelle“ ass hien ee liichten, genësserlech an immens erfrëschend. Hien ass, dann och den ideale Begleeder zur Summersaison…

An esou blatzeg wéi en eigentlech vum Numm hir misst sinn – Pale Ale kënnt aus dem engleschen a steet fir „bleechen Ale“ enger Béierzort aus hellem Malz – ass de Kadett guer net. Woubäi de Begrëff „Pale Ale“ gëtt zanter 1703 ugewannt, dat fir Béierzorten där hire Malz iwwert engem Koksfeier, statt dem Holzfeier geréischtert goufen. Eng Praxis déi kaum nach stattfënnt.

Den „Okult Summer“ ass dann och nach 100% Bio, an alles wat een do am Glas huet ass vun héchster Qualitéit. Och hei kommen d‘Ingredienten zum gréissten Deel aus der Regioun, esou wéi dat bei der Brauerei Simon fir quasi all Béier deen si zu Wolz brauen de Fall ass. En ass also net „nëmme“ Bio, mee och nach nohalteg. Et ass ee gëllege Béierche mat guddem Gewëssen.

Liicht Happ-betount a guer net batter, kann e soen, datt de Summer Béier vun Okult, deen een 100% artisanale Béier ass, an dofir och just a limitéierter Stéckzuel produzéiert gëtt, e gudde Choix fir all déi Mënschen ass, déi vum industrielle Béier genuch hunn. Artisanale Béier ass dann och ëmmer e bëssi eng Rees an dat Onbekannten, an den Okult Summer ee richteg gudde Guide.

Esou huet sech de Summer Béier dann och hannert déi 12. Dier vum Béier-Adventskalenner gestallt. Hien enthält all déi sonn, déi eis vun den déiwe Wolleke verwiert bleift. Gutt kill zerwéiert erfreet hien all eis Sënner.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten artisanale Béier, Béieradventskalenner, Brauerei Simon, Okult, Summer Béier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel