Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Virschléi vun der Fedil fir d‘Gewerkschaften inakzeptabel
Auto Neiegkeeten

Virschléi vun der Fedil fir d‘Gewerkschaften inakzeptabel

Nodeems et den 29. November eng Verhandlungsronn mat de Gewerkschafte

D‘CSV ass enger Tracing-App net méi ofgeneigt
Auto Neiegkeeten

D‘CSV ass enger Tracing-App net méi ofgeneigt

Si ware vir d‘Motioun vun de Piraten an hu begréisst

Luxembourg Mini Maker Faire: Réckbléck
Auto Neiegkeeten

Luxembourg Mini Maker Faire: Réckbléck

Zefridde bléckt de Christian Moll, ee vun den Organisateure vun

Oldtimer: 1. Grand-Prix vu Beetebuerg

Fir de gudden Zweck: Rallye fir Young- an Oldtimer

Oldtimer: 1. Grand-Prix vu Beetebuerg

De 15. Juni 2019 ass groussen Treff beim Beetebuerger Schlass fir sämtlech Frënn vun Oldtimer. De Lions Club Luxembourg-Amitié, zesumme mam SC Beetebuerg, organiséieren op dësem Dag en Auto-Rallye, bei deem den Erléis un e gudden Zweck geet.

Jidderee mat engem stroossentauglechen Oldtimer (oder awer och Youngtimer) ka bei dësem “touristesche Rallye” mat enger Längt vu ronn 70 km matmaachen. Den éischte Grand-Prix vu Beetebuerg soll an engem frëndschaftleche Kader stattfannen, bei deem den Erléis der Initiativ “En Dag am Parc Merveilleux” zeguttkënnt. Domat soll et bedürftege Familljen erméiglecht sinn, zesummen e flotten Dag am Beetebuerger Mäerchepark verbréngen ze kënnen (Transport, Entrée, Restauratioun a Souveniren).

Umelle kann ee sech iwwert dëse Link. Leschten Delai fir d’Aschreiwungen ass de 7. Juni.

Iwwerbléck & Programm:

Wat? Rallye fir Young- an Oldtimer
Wéini? Samschdeg, de 15. Juni 2019
Wou? Beim Beetebuerger Schlass (13, rue du Châteu L-3217 Beetebuerg)

13:30 Rendez-vous vun den Autoe beim Beetebuerger Schlass
14:00 Briefing an Iwwergab vun den Dokumenter
14:30 Éischten Depart (Streckelängt ± 75 km)
17:30 Éischte Retour beim Beetebuerger Schlass
18:30 Owesiessen a Präisiwwerreechung

Ähnlech Sujeten Beetebuerg, Grand Prix Beetebuerg, Lions Club, Oldtimer, Youngtimer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel