Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Halbzeit vum trumpsche Mandat: eng Perséinlechkeetsanalys
International Kultur Neiegkeeten WTF

Halbzeit vum trumpsche Mandat: eng Perséinlechkeetsanalys

E Sonndeg war et op den Dag genee zwee Joer

Erausfanne wat Google iwwert ee Weess, erkläert
International Kultur Neiegkeeten WTF

Erausfanne wat Google iwwert ee Weess, erkläert

Datt e beim Internetsurfe vill Spueren hannerléisst, dat ass gewosst,

Venezuela: de Kampf ëm d‘Muecht
International Kultur Neiegkeeten WTF

Venezuela: de Kampf ëm d‘Muecht

Dat latäinamerikanescht Land, dat et gewot huet den USA d‘Stir

surprise

Oliver Stone: „D‘USA hunn d‘Gläichgewiicht verluer“

De Regisseur prangert den US-President un

Oliver Stone: „D‘USA hunn d‘Gläichgewiicht verluer“

Am Kader vum Filmfestival zu Sarajewo huet sech den amerikanesche Realisateur Oliver Stone zu Wuert gemellt. Hien ass der Usiicht, datt d‘USA „hiert Gläichgewiicht verluer“ hätten an sech net méi bewosst wieren, wat d‘Qualen an d‘Tragedie vum Krich wieren.

De Cineast vun 71 Joer, mat dräi Oscaren ausgezeechent, huet déi Ausso gemaach, nodeems hien um Filmfestival mat dem „Honorary Heart of Sarajevo“ ausgezeechent gi war. Eng Éierung fir säin aussergewéinleche Beitrag zum siwenten Aart.

Onbekannte Qualen an Tragedie

„Déi ënnert iech déi wësse wat Krich ass, et ass är Verflichtung de neie Generatioune verständlech ze maache wat et bedeit, wat et aus de Mënsche mécht“, huet hie viru gutt 3.000 Leit an der bosnescher Haaptstad gesot. Déi Stad déi am bluddege Krich vu Bosnien-Herzegowina (1992-95) bal véier Joer laang belagert gi war.

Stupid a geféierlech Saache ginn ëffentlech ausgeschwat

Oliver Stone

Et wier wichteg „besonnesch elo, zu engem Moment wou mäi Land, ech fäerten et, säi Gläichgewiicht verluer huet, a wou et eng Generatioun vu Leit gëtt, déi net méi wësse wat d‘Qualen an d‘Tragedie vun engem Krich sinn“, esou de Stone weider. „Stupid a geféierlech Saache ginn ëffentlech ausgeschwat“.

Dem Oliver Stone seng Deklaratioun intervenéiert zu engem Zäitpunkt wou den Donald Trump sech es net midd gëtt vu militäresche Mesuren ze schwätzen. Dat géint Nordkorea, déi allerdéngs mat hirem Atomprogramm och hire Bäitrag leeschten. Mee awer och géint Venezuela, wou d‘Interessien éischter wirtschaftlecher Natur sinn.

Erschreckend Realitéit

Den amerikanesche President „schwätzt vum Krich wéi wann et e Spill wier, mee erënnert iech, datt virun dësem President, d‘USA seng Muskele während 70 Joer spille gelooss huet“, erkläert de Cineast, a füügt bäi „Et ass erschreckend fir jiddereen op der Welt“.

D‘Besicher vum Festival kënnen zu Sarajewo véier vum Oliver Stone senge remarkabele Wierker genéissen. „The Putin Interviews“ – „Snowden“ – „Platoon“ – „Natural Born Killers“ stinn um Programm vum der 23. Editioun vum Filmfestival. E Festival iwwregens, dee während dem Krich gegrënnt gouf, als Akt vu Resistenz. Am ganze stinn 235 Filmer aus 54 Länner um Programm. De Festival geet nach bis den 18. August.

mat AFP

Foto: Den Oliver Stone poséiert mat sengem „Heart of Sarajevo“ bei der Präisverdeelung vum Filmfestival zu Sarajewo um Owend vum 13. August (© Elvis Barukcic/AFP)

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Film, Kultur, Oliver Stone, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel