Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Russesche Chefdiplomat iwwert d‘Ukrain-Telefonat
dating rye pottery write a little about yourself for dating

dating app olympics

Fir de russesche Chefdiplomat Sergey Lavrov ass d‘Verëffentlechung vum Gespréich

dating meaning in spanish
dating rye pottery write a little about yourself for dating

D’Stormtrooper vum 501st Outpost waren am Belval-Plaza

D‘Sortie vun der „Star Wars Episode VIII“ op DVD a

Kultursall Steesel: Alles Féik…oder wat?
dating rye pottery write a little about yourself for dating

Kultursall Steesel: Alles Féik…oder wat?

Si sinn erfollegräich, hu Witz an och soss eng drop.

Olympesch Jugend-Wanterspiller zu Lausanne 2020: Vu Victoiren an Néierlagen

Olympesch Jugend-Wanterspiller zu Lausanne 2020: Vu Victoiren an Néierlagen

Nodeems leschten Donneschdeg déi 3. Editioun vun den Olympesche Jugend-Wanterspiller mat 8000 Spectateuren an der Vaudoise Aréna zu Lausanne offiziell ugefaangen hunn, ass et fir eis jonk Lëtzebuerger Sportler eescht ginn.

Um spéide Freideg Nomëtteg huet et fir den Nicolas Elgas (#2) an d’Team Green geheescht, all d’Kënnen anzesetzen a géint d’Team Yellow unzetrieden. Beim éischte Match am Äishockey 3-géint-3 konnt d’Ekipp mam Lëtzebuerger Spiller mat 10-5 gewannen.

Dem Lina Meijer (#4) säin éischt Spill am Team Grey ass leider net esou erfollegräich ausgaangen. Beim Äishockey 3-géint-3 war et d’Team Blue, dat mat engem 7-9 de Match fir sech entscheede konnt.

Olympesch Jugend-Wanterspiller

Den Nicolas Elgas (#2) spillt am Team Green © COSL

De Succès vum Freideg ass fir d’Team Green an den Nicolas Elgas och den Dag drop weidergaangen: Moies hunn d’Spiller géint d’Team Brown mat engem 8-6 gewonnen, um Nomëtteg ass de Wettkampf am 9-8 géint d’Team Red ausgaangen.

Fir d’Team Grey mam Lina Meijer war de Samschdeg vun enger weiderer Néierlag gepräägt. Nom 5-11 géint d’Team Yellow konnten d’Sportler allerdéngs um Owend mat engem 9-7 géint d’Team Brown gewannen.

Olympesch Jugend-Wanterspiller

D’Lina Meijer (#4) spillt am Team Grey © COSL

De Sonndeg sollt generell mat engem freedege Gesiicht ausgoen. Dat éischt Spill um Moie konnt d’Team Green mat engem 11-6 fir sech entscheeden. Nomëttes ass de Match mat engem 6-14 fir d’Team Grey ausgaangen, woubäi den Nicolas Elgas ee Gol geschoss huet. Seng Ekipp war mat 14 Punkten op der éischter Plaz a konnt sech dofir fir d’Halleffinall qualifizéieren.

Beim Lina Meijer a senge Sportskollegen ass dat éischt Spill mat engem 8-5 géint d’Team Red positiv ausgaangen. Um Owend sollten d’Géigner awer nees méi staark sinn an esou huet een den 4-9 leider akzeptéiere missen.

Olympesch Jugend-Wanterspiller

De Joachim Keghian ass beim Riseslalom ugetrueden © COSL

Um Méindeg Moie war et dunn fir de jonke Skirennfuerer Joachim Keghian esou wäit: Beim 1. Laf vum Riseslalom sinn hien a 76 weider Athleten un de Start gaangen. Am ganzen hunn der 59 de Laf och fäerdeg gemaach, woubäi de Joachim Keghian et mat enger Zäit vun 1:12.10 op d’Plaz 43 gepackt huet.

Beim 2. Laf vum Riseslalom um Nomëtteg koum eng immens usprochsvoll Streck op d’Sportler duer. De Joachim Keghian konnt sech hei mat enger Zäit vun 2:23.08 op d’Plaz 37 steigeren a war 16,77 Sekonnen hannert dem Éischtplacéierte Philip Hoffmann aus Éisträich.

Gëschter ass et och fir den Nicolas Elgas an d’Lina Meijer am Äishockey 3-géint-3 nees ëm Alles gaangen. Wéi schonn un de vergaangenen Deeg konnt d’Team Green mam Nicolas iwwerzeegen an huet sech mat engem 8-6 géint d’Team Orange duerchgesat. Beim Lina Meijers huet d’Gléck leider net esou matgespillt. D’Team Black war mat senge 5 Punkten dem Team Grey ganzer 2 Punkte viraus.

Ähnlech Sujeten COSL, Joachim Keghian, Lausanne, Lina Meijer, Néierlag, Nicolas Elgas, Olympesch Jugend-Wanterspiller, Riseslalom, Team Green, Team Grey, Victoire
Nächsten Artikel Virrechten Artikel