Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

En neien Tapis fir d’Rue Christophe Plantin (10.-12.10.2020)
International Neiegkeeten Sport

En neien Tapis fir d’Rue Christophe Plantin (10.-12.10.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt vun e Samschdeg, den 10.

Nëmmen een, deen all Dag vill ënnerwee ass, schneit bei dësem Quiz gutt of!
International Neiegkeeten Sport

Nëmmen een, deen all Dag vill ënnerwee ass, schneit bei dësem Quiz gutt of!

Mir waren nees am ganze Land ënnerwee an hunn d’Distanzen

Restrukturatioun am Stolsecteur erzwéngt Tripartite
International Neiegkeeten Sport

Restrukturatioun am Stolsecteur erzwéngt Tripartite

Nodeems den indesch-lëtzebuergesche Stolkonzern déi lescht Woch ugekënnegt huet, datt

Halen d‘Japaner un den olympesche Spiller fest?

Déi japanesch Aart a Weis mat der Pandemie ëmzegoen, trëfft op Kritik an et stellt sech d‘Fro ob d‘Land d‘Zuel vun den Infektiounsfäll kleng hält, fir un de „Spiller“ festhalen ze kënnen.

Halen d‘Japaner un den olympesche Spiller fest?

Wärend zu Tokio déi lescht Handgrëffer op de Chantiere gemaach ginn, gëtt schwéier diskutéiert ob a falls jo, wéi déi olympesch Spiller nach kéinte stattfannen. Et geet ëm vill Geld, wann och Manner ëm dat vun de Sponsoren. Olympesch Spiller si generell och e Boost fir d‘Ekonomie…

Trotzdeem, laut engem Sondage vun der Noriichtenagence Kyodo, si ronn 70% vun de Japaner dergéint, dës Spiller auszedroen. Villen ass et net geheier, datt ënnert den aktuellen Ëmstänn, déi ganz Welt sech am „Land vun de opgoender Sonn“ soll treffen. An dat trëfft de Punkt: all d‘Länner vun der Welt schléissen no an no hir Grenzen, do wier et wuel besser dat Ganzt ofzesoen.

SpillerDat awer gesäit den Internationalen Olympesche Comité (IOC), deen huet sech am Virfeld mat de Weltorganisatioune vun de verschiddene Sportaarte beroden a hält konsequent um Zäitplang fest. Eng Entscheedung d‘Spiller ofzesoe wier zur Stonn net erfuerderlech an all d‘Spekulatiounen zum Thema kontraproduktiv. Och déi japanesch Regierung hält mat alle Mëttel un de Spiller fest.

Offiziell gëtt et a Japan 874 Infektiounsfäll, woubäi dat vu Virologe staark bezweifelt gëtt. Woubäi et och eppes domadder kann ze dinn hunn, datt Japan ganz wéineg Tester duerchféiert. Esou ginn a Südkorea all Dag méi Mënschen op de Coronavirus Covid19 getest, wéi sech der a Japan sollen infizéiert hunn. De japanesche Virolog Masahiro Kami schätzt datt et eng héich Donkelziffer gëtt.

Wéi d‘Japaner mam Covid19 ëmginn

Folgend „Prozedur“ gëtt a Japan ugewannt: Wien a Japan méi wéi véier Deeg laang Symptomer oder Féiwer huet, soll sech bei enger Berodungsstell mellen; fir eeler Mënschen oder därer mat Virerkrankungen an/oder Immunschwächt, schonn no zwee Deeg. An dëse Berodungsstelle gëtt dann entscheet ob eng Iwwerweisung an eng medezinesch Infrastruktur noutwenneg ass.

Do gëtt de Patient da eng éischte Kéier getest. Dat entsprécht net de Richtlinne vun der WHO, déi eng aner Virgoensweis „empfeelen“. Esou sot de WHO-Direkter Tedros Adhanom Ghebreyesus, datt d‘Pandemie nëmmen ze stoppen ass, wa bekannt ass, wien infizéiert ass. An dat wier nëmme méiglech wa getest, getest an nach emol getest géif ginn. Dat awer wier Géigewäerteg net de Fall.

SpillerE Samschdeg hat de japanesche Premier Shinzo Abe sech fir d‘Lescht un d‘Vollek gewannt. Froe vun de Journaliste waren net zougelooss. Hien huet sech ganz zouversiichtlech gewisen, a versprach datt bis Enn Mäerz 8.000 Tester pro Dag méiglech solle ginn. Seng Experte bewäerten d‘Lag esou, datt d‘Verbreedung bis zu engem gewësse Grad stabil ass a sech net onkontrolléiert entwéckelt.

Derbäi sinn ass alles

Wann e bedenkt wéi vill Steiergelder déi Japanesch Regierung fir dës Olympiade ausginn huet, kann ee verstoen, datt och de Premierminister dës Spiller net verléiere wëll. Zudeem ass et jo och esou eppes wéi ee „Gesiichtsverloscht“, wat fir Asiaten absolut inakzeptabel ass. Zwar ass de Shinzo Abe beméit d‘Féierung ze behalen, mee et bréicht konkret Moossnamen an eng Decisioun.

Spiller

Um nei gebauten Olympiastadion zu Tokio verleeën Aarbechter déi lescht Stroumleitungen. © Xinhua

De Finanzminister Taro Aso huet sengersäits awer wësse gelooss, datt och wann déi japanesch Regierung d‘Pandemie géif agedämmt kréien, Spiller ouni Athlete kaum bis guer kee Sënn erginn. Et géif, wann een dësem Hiweis nogeet, also un der Entscheedung vun de Länner leien, ob déi da gewëllt sinn hir Sportler ze schécken. An déi dierften eppes „Renitent“ sinn, ugesiichts der Lag…

Hale mir nach fest, datt och den IOC confirméiert huet, datt sech e Member vum Comité mam Virus infizéiert huet. D‘Turnweltmeeschterschaften, déi Ufank Abrëll sollten zu Tokio ofgehale ginn, sinn ofgesot ginn. Den olympesche Fakellaf soll dann awer déi nächst Woch zu Fukushima starten. Hei sinn d‘Leit gebiede ginn, op ee Besuch vum Streckeverlaf ze verzichten. What the f…

mat indymedia/tyo

Foto: Den 12. Mäerz ass déi olympesch Fakel an enger traditioneller Zeremonie entzünt ginn, elo soll se zu Fukushima op déi lescht Etapp goen, datt awer ënner Ausschloss vun der Ëffentlechkeet. © Tokyo Olympics

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, IOC, Japan, Olympesch Spiller, SARS-CoV2, WHO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel