Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Politesch Emanzipatioun fir de Matteo Renzi
dating victoria hearts

Politesch Emanzipatioun fir de Matteo Renzi

Italien kënnt net wierklech aus senger politescher Kris eraus. Gëschter

post dating mot
dating victoria hearts

speed dating sport

Wéi erwaart huet um Dënschdeg d’Untersuchungsriichterin, déi aacht Membere vun

Krus de mat? De Wochequiz (Woch vum 6.11.2017)
dating victoria hearts

Krus de mat? De Wochequiz (Woch vum 6.11.2017)

Eng weider Woch ass laanscht! Mol kucken, wéi gutt s

Omega 90 kann e produktiivt Joer virweisen

Omega 90 kann e produktiivt Joer virweisen

Bei de Generalversammlung am „Omega Haus“ huet de President vun Omega 90, Roger Molitor, a senger Introduktioun op déi gutt a wichteg Aarbecht vu senger Organisatioun an alle Mataarbechter higewisen. Hie bléckt dann och zouversiichtlech an d‘Zukunft, well un der Nofro feelt et net.

Et war dann un der Directrice, Christine Dahm, sech dem Detail vum Joresbericht 2017 unzehuelen. Dorausser ass ze enthuelen, dat déi véier Servicer vun Omega 90, géintiwwer dem Virjoer, eppes méi beusprocht gi sinn. Dat wier dem Statut vun Omega 90 geschëlt, deen am Kader vum neie Spidolsgesetz evoluéiert huet, firwat och d‘Associatioun gewuess wier.

Aus dem Bericht geet ervir, datt d‘Psychotherapeute vum Consultatiounsservice ronn 1.200 Kanner, Teenager an Erwuessener an hirer Trauer begleet hunn. Dofir waren 3.244 Seance noutwenneg. Sënn an Zweck vun dëse Seancen ass et, am Gespréich d‘Ressourcen an d‘Stabiliséierung vun der Persoun déi trauert fräizesetzen. D‘Kanner ginn individuell am Kanner- a Jugendservice begleet.

D‘Omega Haus, den Zenter fir palliativ Soinen, huet am vergaangene Joer 127 Leit (64 Männer an 63 Fraen) opgeholl, déi am Schnëtt 41 Deeg am Zenter verbliwwe sinn. Den Duerchschnëttsalter läit bei ronn 73 Joer. 850 Persounen aus dem Gesondheetssecteur an dem psycho-sozio-edukative Beräich sinn fir déi palliativ Soine forméiert ginn.

Och beim Benevolat ass vill geschafft ginn. De Service „Benevolat“ geréiert e Reseau vun 72 Leit, déi d‘Leit um Enn vum Liewen an de Spidäler, de Fleegeheemer an den Altersheemer begleeden. Si sinn och am Omega Haus oder bei de Leit doheem am Asaz. Déi Fräiwëlleg hëllefen awer och beim administrativen. Alles an allem hunn si 8.335 Stonnen Aarbecht geleescht.

Et huet een och Geld ausginn

Wat d‘Finanzen ubelaangt, esou huet Omega 90 am leschte Joer 5.634.000 Euro ausginn, fir all déi Déngschtleeschtungen ze erbréngen. D‘Aktivitéite ginn zum groussen Deel iwwert d‘Konventioun mam Familljeministère an der Gesondheetskeess finanzéiert. Mee et dierf een d‘Gewiicht vun den Donen net ënnerschätzen: de Besoin un Done chiffréieren sech fir 2017 op 676.000 Euro.

Interessant dann och d‘Virstellung vum „Netzwierk Palliativ Geriatrie Lëtzebuerg“. Dëse Reseau ass am Oktober 2017 vu sechs Institutioune gegrënnt ginn, déi sech um Pilotprojet „Palliativ Geriatrie“ bedeelegt hunn. E Projet deen tëscht Mäerz an Oktober siwen Institutiounen animéiert huet, sech der Entwécklung vun der palliativer Kultur an hire Strukturen unzehuelen.

An dësem Netzwierk hunn sech dann och déi bedeelegt Institutioune verflicht, sech kontinuéierlech auszetauschen an d‘Leit ze sensibiliséieren. De Mënsch geet ebe vill méi al, an esou Krankheete wéi beispillsweis d‘Demenz, maachen den Liewensowend schwéier. Fleegeheemer ginn dann och oft dat „lescht Doheem“, firwat ëmsou méi wichteg ass, d‘Würd vun de Leit ze erhalen.

E weideren interessante Punkt, war d‘Visite vum „St. Christopher‘s Hospice“ zu London. Hei hunn d‘Benevollen an d‘Mataarbechter vun Omega 90 d‘Méiglechkeet erhalen, d‘Praxis vun de Soinen zu London, mat deene vu Lëtzebuerg ze vergläichen. De Londoner Hospice, gouf an de 60er Jore gegrënnt, a gëllt als Wéi vun der palliativer Behandlung.

Ähnlech Sujeten Christine Dahm, Omega 90, Palliativmedezin, Roger Molitor
Nächsten Artikel Virrechten Artikel