Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

En „Eclat“ bei der CSV?
https://moien.lu/oregon-law-for-dating-a-minor/ ugo dating site

how does a roku express hook up

Elo ass de Philippe Wilmes – Brudder vum Serge Wilmes,

improve your online dating profile
https://moien.lu/oregon-law-for-dating-a-minor/ ugo dating site

Syrien: A 5 Deeg stierwe 400 Zivilisten vrun den Diere vun Damaskus

Iwwer 400 Doudeger, wouvunner eng 100 Kanner, sinn zanter e

Kenns du d’Gemeng Miersch gutt genuch, fir hei op mannst 8 Froe richteg ze beäntweren?
https://moien.lu/oregon-law-for-dating-a-minor/ ugo dating site

Kenns du d’Gemeng Miersch gutt genuch, fir hei op mannst 8 Froe richteg ze beäntweren?

D’Gemeng Miersch ass net nëmmen eng vun deene gréisseren am

„On Water – Sur l’eau“: Eng aussergewéinlech Ausstellung zum Schutz vum Waasser

„On Water – Sur l’eau“: Eng aussergewéinlech Ausstellung zum Schutz vum Waasser

Um 25. Oktober huet am Athénée de Luxembourg de Vernissage vun der international renomméierter Ausstellung „On Water – Sur l’eau“ stattfonnt. Zesumme mat Educatiounsminister Claude Meisch, dem President vun der europäescher Investissementsbank (BEI) Werner Hoyer an dem franséische Fotograf Philippe Bourseiller sinn déi 49 Wierker zur Schéinheet an Zerbriechlechkeet vun der natierlecher Ressource presentéiert ginn.

Esou noutwenneg d’Waasser fir eiser aller Iwwerliewen ass, esou fragil gëtt eise Planéit duerch seng Ausbeutung a Verschwendung. Dobäi sinn d’Shark Bay an Australien, déi schmelzend Gletscher weltwäit oder d’Palmenueleg-Plantagen op der Borneo Insel just e puer vu ganz ville Beispiller déi de wäertvollen a rare Charakter vum Waasser fir eis Äerd verdäitlechen. Mir all brauchen d’Ressource a mussen et dofir och schützen.

„De Klima ass déi gréisst Erausfuerderung vun eiser Epoch, ee Sujet deen d’Populatioun staark beschäftegt. Et ass imperativ fir eis als Bank vun der Europäescher Unioun, ee Beitrag zu Ëmweltschutzprojeten an Sensibilisatiounsprojeten ze leeschten“, erkläert de Werner Hoyer, President vun der BEI.

On Water

Ee wichtege Message fir jonk Generatiounen

De Fotograf Philippe Bourseiller, huet sech immens beréiert gewisen seng Wierker an de Lëtzebuerger Schoule presentéieren ze dierfen. Hien ënnersträicht, datt d’Educatioun an d’Vermëttlung essentiell Missioune sinn fir déi Jonk, déi mat de Feeler vun den eelere Generatioune liewen an de Planéit „reparéiere“ mussen. Seng Dokumentatiounsaarbecht geet bis an d’80’er Joer zréck a vertrëtt genau dësen Hannergedanken.

Wat wier wuel, wa bemol kee Waasser méi aus dem Krunn eraus kéim? Mir all mussen iwwert eist Verhalen an den Ëmgang mat dëser wäertvoller Ressource nodenken an ufänken, responsabel domat ze handelen. Virun allem déi Jonk wëllen informéiert ginn, d’Situatioun verstoen a wëssen, wéi si handele kënnen. „Dës Demande ass kloer aus den Echangen erausgaangen déi mir säit Ufank vum Joer am Kader vum ClimateXchange hunn.“

Eise Planéit gëtt zu 70% mam bloen Naass iwwerdeckt. Dovunner si manner wéi 3% Séisswaasser. Pro Dag verbraucht eng Persoun ronn 3.800 Liter Waasser, woubäi awer 660 Millioune Leit nach ëmmer keen Accès zu propperem Drénkwaasser hunn.

On Water

Zwee engagéiert Artisten

Et sinn de Yann Arthus-Bertrand an de Philippe Bourseiller, déi hir Opname ronderëm d’Thema Waasser mat der Ëffentlechkeet deelen. Alle béid interesséiere si sech immens fir d’Natur a seng Schätz, veraarbechten d’Emotiounen duerch d’Kamera.

Am Ganze gëtt d’Ausstellung „On Water – Sur l’eau“ noeneen a sechs Lycéeën am ganze Land gewisen. Souwuel fir d’Schüler aus dem Fondamentale an dem Secondaire, wéi och fir déi grouss Ëffentlechkeet ass dës Expo, bei där et ëm dat komplext Thema vun der natierlecher Ressource Waasser a säi Schutz geet, geduecht.

Zesumme mam pedagogesche Material, dat vum SCRIPT (Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation Pédagogique et Technologiques) ginn d’Gedankegäng vun de Schüler a Visiteure wärend an nom Besuch begleet ginn. D’Enseignantë kënnen hir Visitt vun der Ausstellung, zesumme mat der Klass ënnert www.onwater.lu buchen.

U folgenden Deeg ass d’Expo am Athénée du Luxembourg fir jiddwereen op:

  • Samschdes, den 26. Oktober, sou wéi den 9., 16., 23. an 30. November tëscht 8:00 an 12:00 Auer
  • Vu Méindes, den 28. bis Donneschdes, den 31. Oktober vun 8:00 bis 16:00 Auer
Ähnlech Sujeten Athénée du Luxembourg, Ausstellung, Claude Meisch, natierlech Ressourcen, On Water – Sur l'eau, Philippe Bourseiller, Waasser, Yann Arthus-Bertrand
Nächsten Artikel Virrechten Artikel