Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Automatiséiert Filtere stellen eng eescht ze huelend Gefor fir den Internet duer
https://moien.lu/verizon-fios-internet-hookup/ Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-harrow/

En Upload-Filter fir den Internet ass esou eng absurd Iddi,

https://moien.lu/dark-side-of-internet-dating/
https://moien.lu/verizon-fios-internet-hookup/ Neiegkeeten

50 Millioune Konte geplëmmt: Facebook mat enger neier Kris

„Wéinst engem „Sécherheetslach“ goufe 50 Millioune Facebook-Konte piratéiert“, esou um

dislike
Editorial: Wann een net méi mat mécht
https://moien.lu/verizon-fios-internet-hookup/ Neiegkeeten

Editorial: Wann een net méi mat mécht

Eigentlech misst een et hautdesdaags kengem méi erklären, mee dem

money

Onbezuelbar: Wunnen zu Lëtzebuerg

Onbezuelbar: Wunnen zu Lëtzebuerg

Wann ee sech traut d‘Präisentwécklung vum Wunnengsmaart zu Lëtzebuerg zu Gemitt ze féieren, kënnen engem d‘Dronkenellen ausgoen. Déi lescht Woch huet dëse Sujet awer eng ganz Partie Cliente vun der Spuerkeess ugezunn. D‘Spuerkeess hat heifir eng Konferenz organiséiert, an de Coordinateur vum Wunn-Observatoire, a Fuerscher am LISER, Julien Licheron agelueden.

De Wëssenschaftler huet sech beméit unhand konkreter Zuelen, et bessert Versteesdemech fir dëse „Maart“ ze entwéckelen. Zu Lëtzebuerg gëtt et ronn 233.700 Wunnengen, vun deenen 51% op Eefamilljenhaiser entfalen. Zanter 2010 wieren all Joers 2.700 Wunnenge gebaut ginn, 38% dovunner och nees Eefamilljenhaiser. Festzestellen hei: vill, ganz vill Wunnfläch.

Am Schnëtt läit d‘Wunnfläch zu Lëtzebuerg bei ronn 130 M², woubäi een tëscht Haus an Appartement ënnerscheede muss. Bei den Haiser gouf eng Moyenne vun 166 M², bei den Appartementer 87 M² ermëttelt. Woubäi de Julien Licheron betount huet, datt et vill kleng Flächen a grouss Appartementer gëtt, wat dem Fait geschëlt wier, datt mir e Land vu Proprietaire sinn.

Méi Proprietaire wéi Locatairen

Laut dem Observatoire waren 2016, 74% vun den Awunner Proprietaire vun hirem Logement, an EUROSTAT berechent fir de private Wunnengsmaart en Taux vun 22% Locatairen. De Beräich „Sozialwunnengen“ stellt um Marché ganzer 2% duer, wat de Julien Licheron – deen net mam Mindestloun geplot ass – ermontert huet festzestellen, datt dësen Undeel ugemooss wier.

Dat léisst de Schluss zou, datt et zu Lëtzebuerg de „soziale Logement“ eigentlech guer net gëtt, an gläichzäiteg d‘Fro opwerft, op dat ganzt net politesch gewollt ass. Et gëtt, zumindest wat d‘Nofro u soziale Wunnenge betrëfft, eng däitlech Demande, fir déi et schlicht an ergräifend keng Offer gëtt. Mee dat wat et jo och net firwat d‘Cliente vun der Spuerkeess un der Konferenz deelgeholl hunn.

Si waren un der Rendite interesséiert, déi de Logement hinnen, duerch eng iwwerschësseg Nofro, abrénge kann. Si dierft et gefreet hunn, datt eng Wunneng am Schnëtt 420.000 Euro fir e bestoend, respektiv 520.000 Euro fir eent am Bau befëndlecht Appartement, kascht. Den duerchschnëttleche Loyer gouf hei op 1.500 Euro beziffert. (Bei Haiser läit dëse bei eppes iwwer 2.700 Euro)

Gutt fir d‘Spekulatioun

Och d‘Präisentwécklung vum Wunnengsmaart dierft Spekulantenhäerzer erfreeën. De Maart weist eng regulär Hausse vu 4,5 / 5,1% bei bestoenden Haiser op. Bei den Appartementer sinn d‘Präisser mat engem Plus vun 8,8% reegelrecht duerch de Plafong gaangen. De Julien Licheron huet dann awer och missen zougestoen, datt de Präis fir d‘Wunne, méi séier progresséiert wéi d‘Inflatioun.

LëtzebuergDat ganzt huet eng Ursaach: den demographeschen an ekonomesche Wuesstem. Fir déi mat engem fette Bankkonto kënnt nach derbäi, datt den Zënssaz esou niddreg ass wéi nach ni, an d‘Konditioune fir e Kredit – zumindest fir déi Leit déi un der Konferenz deel geholl hunn – seelen esou favorabel waren. Et lount sech also a „Bëtong-Gold“ ze investéieren.

Interessant ass dem Fuerscher seng Siicht op eis Haaptstad. Laut dem Julien Licheron, kéinten op den 2.719 Ha Bauland iwwert déi d‘Stad Lëtzebuerg verfüügt, tëscht 50.000 an 80.000 Wunnenge gebaut ginn, de Fall gesat et kritt een déi Terrainen „mobiliséiert“. Eng Berechnung, déi de Fuerscher derzou animéiert huet ze betounen, datt et bei eis keng Immobilieblos gëtt.

Fir Spekulanten an därer déi et wéilte ginn, gëtt et zu Lëtzebuerg nach „roseg Zäiten“. Wat awer och d‘Politik virun Erausfuerderunge stellt. Esou stellt sech d‘Fro, wéi eng sozial Mixitéit erhale ka ginn, wann een eleng duerch d‘Präisser um Wunnengsmaart, d‘Prekariat an/oder Menage mat klengem Akommes aus dem Land verjot ginn. Well 1.500 Euro Loyer a Mindestloun: dat geet net.

Ähnlech Sujeten Julien LIcheron, Lëtzebuerg, LISER, Observatoire de l'habitat, Spekulatioun, Spuerkeess, Wunnengsmaart
Nächsten Artikel Virrechten Artikel