Search

You may also like

Feelt et u näischt ausser Hotellen an der Stad?
International Neiegkeeten Stories WTF

Feelt et u näischt ausser Hotellen an der Stad?

Den Här Claude Strasser, Direkter vun der Post, huet de

déi jonk gréng: D‘Grondrecht op Asyl däerf net ausgesat ginn
International Neiegkeeten Stories WTF

déi jonk gréng: D‘Grondrecht op Asyl däerf net ausgesat ginn

Un der griichesch-tierkescher Grenz spillt sech momentan eng ausseruerdentlech Tragödie

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Märd Alors!!!
International Neiegkeeten Stories WTF

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Märd Alors!!!

De Jhemp Hoscheit huet nees seng satiresch Fieder gezéckt an

surprise

UN-Klimasommet: „Et gëtt sech beméit!“

Beim „One Planet Summit“ hunn sech 50 Natiounen zu enger Allianz zesummegeschloss

UN-Klimasommet: „Et gëtt sech beméit!“

Bezunn op d‘Liewenserwaardung vun de Staats- a Regierungscheffen déi sech beim eendeegegen UN-Klimasommet zu Paräis getraff hunn, ass ersiichtlech datt déi längerfristeg Zukunft vun dësem Planéit maximal bedreet ass. Kee vun hinnen ass och nëmmen am Usaz drop aus, eppes géint de Klimawandel ze ënnerhuelen. D‘Allianz vu 50 Natioune wëll 30% vum Planéit bis 2030 schützen.

Ze begréissen ass awer, datt ee sech zu Paräis net gestridden huet. Et huet esou eppes wéi Eenegkeet an der Loft gehaangen. Dat ass dem Fait geschëlt, datt ee sech op en neits just huet missen zu eppes verflichten, wat anerer net ëmsetze wäerten. Jo et ass richteg, datt d‘Participante gesot hunn, datt ee misst méi fir den Ëmweltschutz maachen an et war ee sech esouguer eens, datt et eppes presséiert.

Et goufen sech – dat huet mëttlerweil Traditioun – och nees Ziler gesat, vun deene gewosst ass, datt et eenzeg an eleng drëms geet den Androck ze erwächen, datt een déi wéilt erreechen, ënner der Konditioun, datt et wirtschaftlech a politesch méiglech ass. 50 Länner hunn esou eng nei Allianz annoncéiert, déi an den nächsten 20 Joer 30% vun der Land- a Mieresfläch ënner Schutz stellt.

Wichteg Aussoen

D‘Bundeskanzlerin Angela Merkel hat sech dem UN-Klimasommet virtuell ugeschloss an huet nees erkläert, datt een sech nees méi ustrenge muss fir déi biologesch Diversitéit ze erhalen. Et soll dat dann och net iergendwann, mee elo, also quasi direkt geschéien. Wann een dat net behäerzegt sinn d‘Konsequenzen net méi réckgängeg ze maachen, esou d‘Warnung aus dem Berliner Kanzleramt.

Elo muss drop higewise ginn, datt dës „Allianz“ streng geholl net nei ass an och d‘Fuerderungen zanter Joren am Raum stinn. Dës Allianz also, déi 2019 als „High Ambition Coalition for Nature and People“ (HAC) vu Frankräich, Groussbritannien an dem Costa Rica an d‘Liewe geruff gouf, well Punkten. „Et muss haut gehandelt ginn“, esou de President vu Costa Rica, Carlos Alvarado.

Planet

De franséische President Emmanuel Macron, huet sengersäits dann nach ugekënnegt, datt déi „grande Nation“ d‘Vereenbarung schonn ab 2022 anhale wëll. Et hätt ee jo mat der gemeinsamer Verflichtung elo een iwwerpréifbart Zill virun Aen. Klengt esou gesinn alles zimmlech positiv, woubäi et noutwenneg ass ëmmer nees ze betounen, datt den Akzent op „Wëllen“ geluecht gëtt.

Et ass zanter dem éischte Klimaaccord (Kyoto 1997) absolutt näischt geschitt an och un den éiweg genannte Paräisser Accord hält sech kaum een. Fir de Mënschen Awer zumindest den Androck oder d‘Gefill ze vermëttelen, datt d‘Politik an d‘Wirtschaft mat vereente Kräften un der Rettung vum Klima, an esou quasi als erfreelech Niewewierkung, der Mënschheet schafft, brauch et Annoncen.

Leider net eescht gemengt

Gëschter huet de Schwéierpunkt emol nees op Afrika geleeën, do huet jo eng Rei Projeten déi net esou richteg wëlle virukommen. Esou déi „Grouss Gréng Mauer“ eng Initiativ déi zanter 2002 an der Sahelzon besteet. Hei sollten iwwer dausende Kilometer ewech – vun Dakar bis Djibouti – Beem geplanzt, an esou d‘Ausbreedung vun der Sahara-Wüst gebremst ginn. An d‘Resultat?

Afrika huet ganz aner Problemer an d‘Wirtschaft ganz aner Interessen. Zudeem huet d‘Regioun dat wat een ee generaliséierten Terrorproblem nenne kann. Och dëse Problem ass vu genee deenen ervirgeruff, jo provozéiert ginn, déi sech elo dohinner stellen a séier „Hëllef“ verspriechen. Leider stinn déi erkläerten Absichten am Widdersproch zu deem wat um Terrain tatsächlech ëmgesat gëtt.

Planet

Natierlech gouf beim „One Planet Summit“ och iwwert den alles beherrschenden Topic geschwat: d‘Covid19-Pandemie. A wat een elo kaum fir méiglech gehalen hätt, dem Emmanuel Macron ass opgefall, datt duerch déi global sanitär Kris, elo erkennbar gëtt, datt all d‘Schwaachstelle matenee verbonne sinn. Dat ass nei, esou eng Thees hätt ee sech vun engem Politiker elo net erwaart.

An et gëtt nach besser. Laut dem franséische President, géif sech, wann de Mënsch d‘Natur weider esou ënner Drock setzt, fir d‘Weltgemeinschaft eng Ära vun den Ongerechtegkeeten, Onsécherheet a Krankheeten opdoen. Gutt vill wäerte soen datt ass längst de Fall an jee no Standpunkt dierft dat esou och de Realitéiten entspriechen. Leider interesséiert et d‘Entscheedungsdréier séier wéineg.

Genuch dees gudde Wëllen

Esou ee Sommet ass – datt ass geschichtlech beluecht – virun allem eng grouss Show. D‘Medie sollen d‘Hoffnung an d‘Ligen (gutt verpaakt versteet sech) an d‘Welt ausdroe fir datt keen op de Gedanke kënnt, d‘Elitten an hir Muecht a Fro ze stellen. Dat geet am beschte mat der Virstellung vun neie Programmer, well esoulaang hunn déi wou de Klimawandel interesséiert, eppes ze dinn.

A well jo d‘Covid19-Pandemie ee ganz eeschte Sujet ass, gëtt sech um Klimasommet och mat Froe vun der Gesondheet beschäftegt. Hei gouf de Programm „Prezode“ annoncéiert. Dës international Initiativ (déi een sech eigentlech vun der Weltgesondheetsorganisatioun erwaart hätt) soll kënfteg d‘Opkomme vun Infektiounskrankheete vu Mënsch an Déier bekämpfen a Pandemie verhënneren.

Planet

De Programm schéngt schonn um lafen ze sinn, well et huet gëschter geheescht, datt iwwer 400 Fuerscher an „Experten“ mobiliséiert goufen an déi nächst Joer honnerte Milliounen Euro sollen – och hei nees d‘Betounung op „sollen“ – an d‘Fuerschung gestach ginn. De „Klimaclub“ schéngt der WHO net zouzetrauen dat mat den „Zoonosen“ ze verstoen oder an de Grëff a këmmert sech selwer.

Woubäi et natierlech richteg ass, datt et tëscht Klimawandel an Zoonosen en Zesummenhang huet: duerch d‘Zerstéierung vun den Ökosystemer (wat fir de maximale Räichtum vu manner wéi 1% vun der Weltbevëlkerung noutwenneg ass) wéi och de stännegen Agrëff an d‘Natur, ass d‘Gefor vun der Kontaminatioun vum Mënsch duerch d‘Déier gewuess. Woubäi de Mënsch och selwer dru schafft.

Esoulaang Goss ze maachen ass

Interessant och de Standpunkt vun der EU-Kommissiounspresidentin: „Mir hu schon oft iwwert d‘Zesummenhäng tëscht dem Verloscht vun der biologescher Villfalt an dem Covid19 geschwat. (…) A wa mir net dréngend handelen, fir eis Natur ze schützen, sti mir wahrscheinlech schonn um Ufank vun enger Pandemie-Ära“, esou d‘Ursula von der Leyen. Dote wiere besser wéi schwätzen.

Mee fir „Dote“ brauch et Partner déi et net gëtt. Den UN-Generalsekretär Antonio Guterres mengt zwar, datt d‘Erhuelung vun der Pandemie eng gutt Geleeënheet wier sech „nei opzestellen“. Mat enger gescheiter Politik an de richtegen Investitioune kéint een der Gesondheet vun der gesamter Mënschheet begéinen, d‘Wirtschaft relancéieren an d‘Aartevillfalt retten, esou den UN-Chef…

Planet

Zumindest ass domadder emol kloer an däitlech ausgeschwat, oder villméi der Welt erkläert ginn, firwat et net zu enger Besserung komme kann oder dierf. Beim Ubléck vu grousse Politiker wéi den Donald Trump, Vladimir Putin, Recep Tayyip Erdogan an de Jair Bolsonaro, fir ee puer Beispiller ze ernimmen, ass gewosst, datt eenzegt waart déi „rette“ wëllen ass hire Pouvoir an de Goss.

Wéi gutt datt et do eng Knetzel gëtt, déi et dëse „wäissen ale Männer a Fraen“ dann nees bildlech eppes méi verständlech mécht, datt si zu kengem Ament och nëmmen am Usaz gewëllt sinn, hiert Gebraddels selwer eescht ze huelen. Dem Greta Thunberg säin Tweet war wierklech allereenzegt wat, um Enn vum „One Planet Summit“, als Kredibel dierf genannt ginn. Eigentlech schued…

mat indymedia/nyc/par

Illustratioun: © Jon Tyson / unsplash

Related topics Greta Thunberg, One Planet Summit, Paräis, UN-Klimakonferenz, UNFCCC
Next post Previous post