Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 7
International Neiegkeeten

lesbian dating australia

Och dës Woch hu mer erëm e puer Wierder ausgesinn,

https://moien.lu/flip-or-flop-divorce-christina-dating/
International Neiegkeeten

Handelskrich mat den USA: d‘EU setzt sech zur Wier

Haut Freideg, leeft d‘Konteroffensiv vun der EU géint d‘USA un.

Juncker: Ons Zukunft ass digital
International Neiegkeeten

Juncker: Ons Zukunft ass digital

Malta huet den „Zepter“ vun der EU-Presidence un Estland weidergereecht.

Oneenegkeet beim Brexit: d‘Theresa May verléiert zwee Minister

Oneenegkeet beim Brexit: d‘Theresa May verléiert zwee Minister

Um Méindeg huet et zu London zolidd ramouert, an déi britesch Premierministesch Theresa May huet op ee Schlag zwee vu senge wichtegste Ministere verluer. En Zeechen, datt ee sech net eens ass, wéi déi zukünfteg Relatioun tëscht Groussbritannien an der EU, nom Brexit soll ausgesinn.

Den Ufank hat um Sonndegowend de Brexitminister David Davis gemaach. Hien huet als „Protest“ géintiwwer dem Theresa May säi Plang, eng enk wirtschaftlech Verbindunge mat der EU ze halen, d‘Handduch gehäit. Eng Optioun déi als „douce Brexit“ bezeechent gëtt, an Oppositioun zum „haarde Brexit“, wéi e sech vun den Hardliner, déi e klore Schnatt verlaangen, erhofft gouf.

E Méindeg dunn, huet den Ausseminister Boris Johnson nogezunn, nach iert d‘Premierministesch virun den Deputéierten hire Plang verdeedege konnt, deen um Freideg bei enger Sëtzung vun der Regierung ugeholl gi war. Elo muss dann d‘Regierung op e neits reorganiséiert ginn.

Am Ausseministère gëtt de Boris Johnson duerch de Gesondheetsminister Jeremy Hunt ersat. De Gesondheetsminister geet vum Kulturminister Matt Hancock ersat. Wien de Kulturminister ersetzt huet Downing Street nach net matgedeelt. De Jeremy Hunt, éischter pro-europäesch, hat sech 2016 dem Lager vum Brexit ugeschloss, well hien es der Arroganz vu Bréissel sat war.

De fréiere Geschäftsmann, dee fléissend Japanesch schwätzt a mat enger Chinesin bestuet ass, huet sech e Numm gemaach, andeems hie 6 Joer laang de Virsëtz vum ëffentleche Gesondheetsdéngscht hat, dee enger déifgräifender Kris ausgesat war. E schéngt deemno Stressresistent ze sinn.

Kee Versteesdemech

A sengem „Kënnegungsbréif“ huet de Boris Johnson bedauert, datt „den Dram vum Brexit derbäi ass ze stierwen“ an hien der Usiicht ass, datt säi Land sech op „de Statut vun enger EU-Kolonie“ zoubeweegt. D‘Theresa May wier „traureg an e bëssi iwwerrascht“ vun der Kënnegung, an erkläert datt et „Meenungsdifferenze ginn huet, wat déi bescht Manéier ass de Brexit ze vollzéien“.

Si bleift awer iwwerzeegt, datt hir Strategie déi bescht fir d‘Zukunft vum Land ass. No Méint, wou et an der Partei e kloren Dissens zu den zukünftege Relatioune mat Bréissel ginn huet, hat d‘May tatsächlech geduecht e Konsens fonnt ze hunn, a wollt de Projet zu Bréissel virstellen.

„D‘Illusioun vun der Eenheet huet nëmmen 48 Stonne gehalen“ stellt de Chef vun der Oppositioun, Jeremy Corbyn dréche fest. Hie geet dann och kritesch mat der Aart a Weis wéi mat dësem Dossier ëmgaange gëtt ëm. An de Jeremy Corbyn weist d‘Regierung drop hin, datt hei „d‘Zukunft vun den Aarbechtsplazen an den Investissementer“ um spill stinn.

Wat den David Davis betrëfft, esou kënnt seng Kënnegung net iwwerraschend. Zanter längerem huet et Rumeure ginn, datt den 69 järegen, mat de Verhandlungen onzefridden ass. An de Boris Johnson (54), ee vun den Ustëfter vum Brexit, huet sech mat ëffentlecher Kritik ni zréckgehalen.

De Pelz vum Bier nach net verkafen

Dat sech de Boris Johnson verfuusst huet, hätt, esou sollt een unhuelen, d‘Theresa May engem Vertrauensvott vun den Torrey missen aussetzen. Eng Menace där si sech dann awer konnt gutt entgéintstellen. Si huet no enger Sëtzung hannert verschlossenen Dieren, déi am spéiden Nomëtteg ofgehale ginn ass, d‘Ënnerstëtzung vun hirer Partei zougestane kritt.

An déi wou d‘Premierministesch ënnerstëtzen, sinn dann och der Meenung, datt d‘Theresa May Amstand ass esou e Vott ze iwwerstoen. Et schéngt keen aneren do ze sinn, deem et méiglech wier, déi Konservativ ronderëm enger gemeinsamer Positioun ze versammelen.

Den David Davis ass duerch den Dominic Raab, Staatssekretär am Logement, ersat ginn. Hie gëllt als „Euroskeptiker“ an de 44 järegen huet elo déi schwiereg Aufgab, sech mat den europäeschen Dirigenten ausenanerzesetzen, déi ufänken ongedëlleg ze ginn. Wat verständlech ass, ëmmerhi schleefen sech d‘Verhandlungen, an dat néng Méint virum Stéchdatum…

Interessant ass, datt och de Staatssekretär fir de Brexit, Steve Baker, demissionéiert huet. Och hie wëll mat senger Kënnegung géint de Plang vum Theresa May protestéieren, an deem e neie Modell vun Zollunioun an eng Fräihandelszone virgesi sinn. Proposen déi Bréissel appreciéiert soll hunn.

Bréissel huet dann e Méindeg och matgedeelt, datt d‘Kënnegung vum David Davis, fir d‘EU net als Problem bei de Verhandlunge betruecht gëtt. Och d‘Wirtschaft huet d‘Noriicht éischte positiv opgeholl. Eenzeg déi britesch Mäert ware besuergt, well gefaart gouf, datt d‘Regierung kéint falen. An dee ganze Stress huet dann och nach e puer Deeg virun der Visite vum US-President misse sinn.

mam Ouerdya Aït Abdelmalek/AFP

Foto: (Archivbild) De briteschen Ausseminister Boris Johnson, dee sech ëmmer fir en haarden Austrëtt aus der EU agesat huet, ass net mat der May-Strategie averstanen, déi éischter op en „douce Brexit“ hindeit. Hien huet no der Kënnegung vum David Davis, d‘Handduch och gehäit. © Oli Scarff/AFP

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Brexit, David Davis, Steve Baker, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel