Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gen-Mais: Greenpeace kritiséiert EU-Kommissioun
Neiegkeeten

Gen-Mais: Greenpeace kritiséiert EU-Kommissioun

Wéi Greenpeace-Letzebuerg um Donneschdeg matdeelt, huet d’Lëtzebuerger Parlament um 1.

Accident op der A1: 4 schwéier Blesséierter
Neiegkeeten

Accident op der A1: 4 schwéier Blesséierter

Wéi d’Police matdeelt ass et gëschter Owend géint 23:30 Auer

Brexit: Theresa May kritt dat mat der Scheedung net an de Grëff
Neiegkeeten

Brexit: Theresa May kritt dat mat der Scheedung net an de Grëff

Et sinn ewell keng ganzer dräi Méint méi, bis sech

D‘CGFP geet géint onerdréiglech Praktike vir

Schluss mat de culottéierten Aschüchterungsversich géint Gewerkschaftler

D‘CGFP geet géint onerdréiglech Praktike vir

Revoltéiert, vermeintlech onbequem Personalvertrieder, déi op der Aarbechtsplaz zu Recht op graff Mëssstänn hiweisen, dierfen net vun hire Virgesetzten ënner Drock gesat a mat hannerhältege Methoden e Maulkuerf verpasst kréien. Esou eng Praxis stellt fir d‘CGFP en absoluten „No-Go“ duer, géint dat si elo wäert virgoen.

D‘Gewerkschaft vun der ëffentlecher Muecht „SPFP“ hat déi lescht Woch an engem Communiqué iwwert e „Fall“ bericht, deen zu Recht fir grouss Opreegung an der Ëffentlechkeet gesuergt huet. De President vun der Arméi-Gewerkschaft (SPAL), Christian Schleck, war den 13. Mee vu senge Virgesaten iwwert seng bevirstoend Versetzung bannent der Arméi informéiert ginn.

Seng gewerkschaftlech Tätegkeet géif net am Aklang mat senger Aarbecht bei der Arméi stoen, esou d‘Begrënnung, déi dem Interesséierten zwee Deeg méi spéit am Kontext vun enger Entrevue nogereecht ginn ass.

Esou Methode léisst d‘CGFP a kengster Weis zou, zemools et sech hei ëm en äusserst geféierleche Prezedenzfall handelt! Mataarbechter vum ëffentlechen Déngscht, déi mat vill Häerzblutt a Professionalitéit fir d‘Interesse vun de Beschäftegten antrieden, mussen hirer gewerkschaftlecher Tätegkeet ouni Aschränkung nokomme kënnen.

Esou wéi et sech fir e Rechtsstaat gehéiert, dierfe Mënschen opgrond hirem gewerkschaftlechen Engagement keng Nodeeler am Bezuch op hir Aarbecht, bezéiungsweis op déi zukünfteg Entwécklung vun hirer Carrière, ze spiere kréien. D‘Gewerkschaftsfräiheet ass en elementaart Recht, datt duerch d‘Verfassung garantéiert gëtt.

Als Daachverband vun allen ëffentlech Beschäftegten trëtt d‘CGFP vehement dofir an, datt kengerlee Verbindung tëscht der Gewerkschaftsaarbecht an enger méiglecher berufflecher Versetzung hiergestallt dierf ginn. Sämtlech Aussoen, déi och nëmmen usazweis an eng aner Richtung tendéieren, veruerteelt d‘CGFP op dat schäerfst.

Am virleiende Fall, läit der CGFP mëttlerweil e Schrëftstéck vir, aus deem eendeiteg esou eng Verbindung ervirgeet, firwat all anescht geaartet Behaaptungen als net der Wourecht entspriechend zréckgewise ginn. Dësen traurege Virfall ass dann och kee Kavaléiersdelikt!

Dee ganze Virgank einfach stëllschweigend hinzehuelen, andeems ee séier zur Dagesuerdnung iwwergeet, kënnt fir d‘CGFP an d‘SPFP iwwerhaapt net a Fro. Dës krass Verletzung vun der Gewerkschaftsfräiheet huet ewell zu éischte juristesche Moossname gefouert.

An d‘CGFP wäert et net dobäi beloossen. Déi eenzeg fir den ëffentlechen Déngscht national representativ Beruffsorganisatioun huet de Verdeedegungsminister François Bausch (déi gréng) opgefuerdert seng politesch Verantwortung ze iwwerhuelen. Un den zoustännege Ressortchef ass déi onmëssverständlech Botschaft gaangen, séier dofir ze suergen, datt syndikalistesch Aktivitéite keng negativ Konsequenze fir déi Betraffen dierf mat sech bréngen. Ansonste misst d‘CGFP weider Moossnamen ergräifen.

Am genannte Fall gëtt et letztendlech ëm wäitaus méi, wéi ëm déi berufflech Zukunft vum SPAL-President. KEEN, dee sech op gewerkschaftlechem Niveau abréngt, dierf an d‘Abseits gedrängt ginn. Dësen onantastbare Grondprinzip dierf op kee Fall mat Féiss getrëppelt ginn. Anerefalls besteet d‘Gefor, datt esou Methoden „schoul maachen“. Hei muss den Ufäng gewiert ginn.

Matgedeelt vun der CGFP, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: Gerd Altmann / Pixabay

Ähnlech Sujeten CGFP, Christian Schleck, Gewerkschaft, SPAL, SPFP
Nächsten Artikel Virrechten Artikel