Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

E Programm fir den Drogesüchtegen ze begleeden
https://moien.lu/hook-up-solenoid/

E Programm fir den Drogesüchtegen ze begleeden

De Suchtverband Lëtzebuerg Asbl, an Zesummenaarbecht mat der UNI-Lëtzebuerg, huet

10 tips on dating a korean girl
https://moien.lu/hook-up-solenoid/

Net emol dat mam Waffegesetz kréien se hin

Datt een als Regierung net nëmmen d‘Wuel vu senge Bierger,

D‘Briten demonstréiere géint de Boris
https://moien.lu/hook-up-solenoid/

D‘Briten demonstréiere géint de Boris

Honnerte Londoner hu gëschter an de Stroossen géint de Boris

Onerkläerlech Explosioun um Waldhaff: d’Granat hat keen Zünder méi!

Onerkläerlech Explosioun um Waldhaff: d’Granat hat keen Zünder méi!

Nom explosiven Tëschefall am Munitiounslager vun der Lëtzebuerger Arméi um Waldhaff bleiwe vill Froen oppen. De Verdeedegungsminister François Bausch, zesumme mam Staatsaffekot Georges Oswald an dem Staatschef vun der Arméi Alain Duschène op eng Pressekonferenz geruff.

De Minister François Bausch weist sech an déiwer Trauer an huet als aller éischt säin déifsten Bäileed fir d’Famill an d’Frënn vun de Verstuerwenen ausgedréckt. Den tragesche Bilan vun der Accident läit bei 2 Doudeger an 2 Blesséierter, dovunner ass eng Persoun nach a Liewensgefor. Bei alle 4 Affer handelt et sech ëm Ënneroffizéier. Geplangt gëtt eng Gedenkminutt fir d’Affer ze halen.

Explosioun

François Bausch, Verdeedegungsminister© Shari Pleimelding/moien.lu

Wat ass gewosst?

De Georges Oswald konnt confirméieren, datt um 10:47 Auer den Noutruff erakomm ass. Bei der schwéierer Explosioun am Munitiounslager um Waldhaff ass eng Granat vun 48 Kilogramm aus dem Zweete Weltkrich explodéiert. Si war als sécher agestuuft, doduerch datt keen Zünder méi drun ass an hätt sollen zur Eliminatioun an d’Belsch transportéiert ginn.

Fest steet, datt et keng Unhaltspunkten fir een terroristeschen Akt ginn. Déi zwee déidlech verongléckten Affer (48 a 50 Joer) waren Experten am Déménage vu Bommen Fir si hätt et sollen ee Routinevirgang sinn d’Granat ze preparéieren an uschléissend an d’Belsch ze bréngen. Déi zwee Blesséiert (41 a 44 Joer) ware just duerch Zoufall am Hanger a waren net un der Preparatioun bedeelegt. Bei dësen zwou Persounen schwieft nach ëmmer eng a Liewensgefor, déi aner Persoun gëtt den Ament vun der Police befrot.

Bei der Bomm handelt et sech ëm eng sougenannten 8 Inch Granat, déi ee Gewiicht vun 48 kg an eng Breet vun 20cm huet. D’Munitiounslager um Waldhaff besteet säit 1964. Hei gëtt all Typ vun explosivem Material stockéiert. Bis ewell ass weder zu Lëtzebuerg, nach an der Groussregioun esou ee Virfall jeemools geschitt. Doduerch freet ee sech natierlech, wéi et zu dëser Explosioun komme konnt.

Zum Ofschloss huet de Minister François Bausch alle Persoune Merci gesot, déi op der Plaz Hëllef geleescht hunn a fir Opklärung suergen. Sou laang d’Enquete net ofgeschloss ass, kënne keng weider Informatiounen a Spekulatiounen offréiert ginn. An dësem Sënn gëtt gebueden, de Sécherheetsperimeter anzehalen, fir den Enqueteuren déi noutwenneg Viraussetzungen fir hir Aarbecht ze loossen, ouni datt d’Plaz kontaminéiert gëtt.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Georges Oswald; François Bausch, Inneminister; Alain Duschène, Staatschef vun der Lëtzebuerger Arméi © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Alain Duschène, Blesséierter, CGDIS, Doudeger, Ënneroffizéier, Explosioun, François Bausch, Georges Oswald, Granat, Lëtzebuerger Arméi, Psycholog
Nächsten Artikel Virrechten Artikel