Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Faits Divers: D’Impro Comedy Show feiert 20 Joer!
Neiegkeeten

Faits Divers: D’Impro Comedy Show feiert 20 Joer!

Um Samschdeg, den 11. Mee 2019 sidd Dir häerzlech op

What the Fakt – Mam Salzmarsch an d’Onofhängegkeet
Neiegkeeten

What the Fakt – Mam Salzmarsch an d’Onofhängegkeet

Duerch d’Verduebelung vun der Salzsteier si virun allem Bauere vum

Vereenten Natioune gi jemenitesch Haaptstad op
Neiegkeeten

Vereenten Natioune gi jemenitesch Haaptstad op

Et ass dee Konflikt op der Welt, bei deem méi

Ongedëlleg: déi lénk kënnen de Koalitiounsaccord net méi erwaarden

Am Fokus stinn de Logement, d‘Ëmwelt, d‘Gesondheet an d‘Aarbecht

Ongedëlleg: déi lénk kënnen de Koalitiounsaccord net méi erwaarden

No de Wahlen, ass, virun de Wahlen. Esou zumindest sollt een d‘Engagement vun déi lénk gesinn, déi d‘Koalitiounsverhandlunge mat gréisst méiglecher Opmierksamkeet begleeden. Si kucken, esou d‘Ausso vun de Spriecher Gary Diderich a Carole Thoma, besonnesch op déi gréng an d‘LSAP.

An dësem Kontext huet sech déi lénk véier Themen ausgewielt, déi hinne ganz wichteg erschéngen. Esou de Logement, d‘Ëmwelt, d‘Gesondheet an d‘Aarbecht. Alles Themen déi de Wieler „wichteg“ wieren, a wou zwéngend Fortschrëtter mussen erziilt ginn. Hei hätten sech déi genannte Parteien am Wahlkampf Richtlinne ginn, a elo missten se beweisen dat et hinnen domatter eescht ass.

Ugefaange mam Wunnengsmaart, deen och weiderhin eng Progressioun vu +5%/Joer verzeechent. Wunnen zu Lëtzebuerg wier mëttlerweil esou deier ginn, datt d‘Belaaschtung vill Menage mat klengem Akommes an d‘Precaritéit dreift. Et wier net méi méiglech, en dezent Liewen ze féieren, an déi eenzeg Léisung läit am Schafe vun neiem Wunnraum mat moderate Loyeren.

Ongenotzte Wunnraum besteieren

Déi lénk stellt hei fest, datt all Joer grad emol 3.500 nei Wunnengen entstinn. Dobäi géifen awer all Joer bis zu 7.000 Eenheete benéidegt. Si kënnen et kaum erwaarden ze gesinn, wat déi nei Regierung sech fir Moyene gëtt, mat deenen si dësem, fir Lëtzebuerg prioritäre Problem, wëllen op d‘Spréng hëllefen. D‘Dispositioune géif et schliisslech ginn, fir Remedur ze suergen.

Déi lénk fuerdert, datt et zur Besteierung vun ongenotztem Wunnraum a brooch leiende Bauterraine kënnt. Déi lénk besteet och op enger Tax op d‘Plus-value, déi duerch de Reklassement vun engem Terrain entsteet. Dat wier e probat Mëttel, dat et de Gemenge erlabe kéint e méi aktiven Acteur um Wunnengsmaart ze ginn, well hinnen oft d‘Finanze feele fir vum Virkafsrecht gebrauch ze maachen

Et misst een sech och emol dem „Pakt Logement“ unhuelen. Si fuerderen d‘Obligatioun zum erhiewe vun de Gemengentaxe fir ongenotzt Bauterraine (no engem Delai vun 3 Joer), an/oder eidelem Wunnraum (deen ouni Grond iwwer 12 Méint ongenotzt bleift). Konkret Moossnamen, esou béid Spriecher, déi vun déi gréng an de Sozialisten an de Koalitiounsaccord afléisse sollten.

Eng Ëmweltsteier fir jiddereen?

Beim Thema „Ëmwelt“ geet et bei déi lénk an éischter Linn ëm de Positionnement vun déi gréng. Et soll jo zu enger weiderer Steierreform kommen, a bei där leschter hätten sech déi gréng net grad ervirgedoen. Steieren an Taxen, déi mat der Ëmwelt verbonne sinn, maachen aktuell nëmmen 5% vun de Recetten aus. Si hätten esouguer iwwert déi lescht Joren ofgeholl.

Fir déi lénk kann et nëmmen dann zur Reduktioun vun den CO²-Emissioune, zur Verhënnerung vu Ressourceverschwendung an Naturschutz kommen, wann et entspriechend fiskal Moossname gëtt. Dat féiert awer zur Belaaschtung vu grad den akommesschwaache Menagen, a misst zwéngend vu Mesure begleet ginn, déi d‘Laascht gerecht verdeelt. Wéi dat goe kann ass net gewosst…

Beim Thema Gesondheet, ass et méi prezis de Volet vum „Tiers-Payant généralisé“ deen déi lénk beschäftegt. Dat geet vu villen ONGen an deels och Gewerkschafte schonn zanter enger gefillter Éiwegkeet gefuerdert, ouni datt et bis ewell Fortschrëtter ginn hätt. Déi lénk fuerderen och d‘Ofschafe vun der „Eegebedeelegung“ bei medezinesche Käschten.

Méi verdéngen… manner schaffen

Wat d‘Aarbecht betrëfft, esou ass ee bei lénk gespaant, op déi an der Wahlcampagne ugeschwaten Erhéijung vum Mindestloun, esou wei och d‘Aféierung vun enger 6. Congéswoch komme wäert. Si sinn hei der Meenung, datt sollt dat net geléngen, d‘Sozialisten näischt an der Regierung verluer hätten. Kritt d‘LSAP dat net an de Koalitiounsaccord, géifen si hir Kredibilitéit verléieren.

Et ass zudeem Fakt, datt op haut, ronn 14% vun de Salariéeën zu Lëtzebuerg, net vun hirem Loun liewe kënnen. Fir en dezent Liewe sécherzestellen, misst de Mindestloun op 60% vum Median-Loun (dat wieren den Ament net ganz 2.400 Euro) gehéicht ginn. Wann et der LSAP an déi gréng zouzetrauen ass, déi Richtung anzeschloen, esou dierften d‘Demokraten deem net zoustëmmen.

Ähnlech Sujeten déi gréng, déi lénk, DP, Koalitiounsaccord, Koalitiounsgespréicher, LSAP
Nächsten Artikel Virrechten Artikel