Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Statec: Wann et vir an hannen net méi opgeet
casual dating versus relationship https://moien.lu/online-dating-first-date-etiquette/

restaurant industry dating app

Aus enger Etüd vum Statec geet ervir, datt eng Famill

https://moien.lu/lauren-swanson-dating-josiah-duggar/
casual dating versus relationship https://moien.lu/online-dating-first-date-etiquette/

Neijoerschreceptioun Stad Lëtzebuerg: Et feelt net un Erausfuerderunge

E Méindeg 8. Januar hat och d‘Stad Lëtzebuerg seng Neijoerschreceptioun

Stäreschnäizen um Himmel, d’Perseiden erkläert
casual dating versus relationship https://moien.lu/online-dating-first-date-etiquette/

Stäreschnäizen um Himmel, d’Perseiden erkläert

Si goufe scho virun 2.000 Joer am ostasiatesche Raum beuecht,

Ongewinnte Wahlkampf a Groussbritannien

Tories a Labour op der Sich no den eegenen ideologesche Wuerzele verstëmmen d‘Kandidaten

Ongewinnte Wahlkampf a Groussbritannien

Säit dem onséilege Brexit-Referendum an de Ligen déi dëse begleet hunn ass et näischt méi wéi et emol war. Esou an net anescht gesäit dat och de konservativen Deputéierten an Enkel vum Winston Churchill, Nicholas Soames. Hie gouf jo vum BoJo aus der Partei „entlooss“ an ass saierlech.

„Wat emol eng voll ëmfaassend, mënschefrëndlech Communautéit war ass haut zu enger Sekt verkomm“, stellt de Nicholas Soames bedréckt fest wann hien op déi konservativ Partei (Tories) ze schwätze kënnt. Als Urgestee vun dësem exquisit politesche Veräin, war hien am September mat 20 „Kollegen“ vum Boris Johnson aus der Partei verjot ginn, wëll hie géint en haarde Brexit ass.

Net manner veriergert, fir net ze soe „frustréiert“, ass d‘Caroline Nokes déi de BoJo och net méi an den eegene Reie wollt gesinn. Si stellt fest, datt bei der neier konservativer Ausriichtung vun den Tories, déi moderat agestallte Memberen net méi erwënscht sinn. Dat eleng erkläert awer nach net firwat sech vun den 21 geschassten Deputéiert, der 11 net méi bei de virgezunne Walen opsetzen.

Wa Politik zum „Beruff“ verkënnt

Vun deem wat do „iwwreg bleift“, ginn der zwee fir d‘Liberaldemokraten (LibDems) mat an de Wahlkampf, dräi wëllen hir Chance als „Onofhängeger“ versichen. Zu den „Oftrënnegen“ gehéieren ënnert anerem déi fréier Aarbechtsministesch Amber Rudd, den ex-Justizminister David Gauke an de Procureur-General Dominic Grieve. An dat sinn nëmmen e puer vun de bekannte Käpp…

Wa mir eis net verzielt hunn, da sinn et iwwer 40 Konservativer déi sech bei dëser Wahl net méi als Kandidat zur Verfügung gestallt hunn. Et gëtt an dësem Kontext Spekulatiounen: esou wier sécher e schwéiere, mee awer och gewollte Wee, mengt de fréiere Konservativen a ex-Finanzminister Philip Hammond. Hie wëll erkannt hunn, datt d‘Hardliner d‘Partei an Downing-Street iwwerholl hunn.

An et ass net deen eenzege mat dëser Siicht. Esou huet den Tim Bale, vum Thinktank „UK in a Changing Europe“ eng ähnlech Meenung. „Et deit villes drop hin, datt déi Konservativ mat hirem Programm an de Kandidaten eng méi nationalistesch Positioun ageholl hunn“. Dat huet sech dach eigentlech scho bei de ganze Lige virum Referendum ofgezeechent, an do huet keen agegraff.

Pseudo-Sozialisten nees „lénks“ orientéiert

Während dem Boris Johnson seng Truppen sech um rietse politesche Rand nei opstellen, wëll de Chef vu Labour, Jeremy Corbyn, seng Indianer méiglechst wäit „lénks“ opstellen. Hien dee mat ähnleche Methoden awer enger anerer Ideologie och onbedéngt wëll Premierminister ginn, fir dat Land nees mat de „Féiss op de Buedem“ ze kréien, ass zimlech ëmstridden a suergt och fir Onmutt.

An och d‘Reie vu Labour „lëften“ sech, wéi een et um Beispill vum Gloria de Piero erkläre kann. Si huet betount datt déi lescht véier Joer net de Brexit u sech de Problem vun de Sozialiste gewiescht wier, mee et regelrecht zum Fratrizid komm ass, nodeems et ënnerschiddlech Ausriichtunge ginn huet. Dat bei der Wirtschaftspolitik, dem Antisemitismus an a gewësser Mooss och de Brexit…

Wann elo och nach de Vizepresident vu Labour, Tom Watson, bis senger Wee gaangen ass, da wäert d‘Partei sech nach eppes weider un de lénke Rand beweegen. Hien huet zu deene méi moderate bei Labour gezielt, mee déi stänneg Ausenanersetzunge mam Jeremy Corbyn hunn en héijen Tribut gefuerdert. Ze héich, wéi elo gewosst ass. Esou entsteet an der politescher Mëtt ee Vakuum.

mat indymedia/lon

Foto: Envato

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Brexit Party, Groussbritannien, Jeremy Corbyn, Labour, Neiwahlen, Nigel Farage, Tories
Nächsten Artikel Virrechten Artikel