Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wësse mer d’Buch net genuch ze schätzen?
Meenung

Wësse mer d’Buch net genuch ze schätzen?

Literatur ass eist Portal an aner Welten, aner Zäiten a

Keen erhuelsame Schlof, keen angenehmt Liewen!
Meenung

Keen erhuelsame Schlof, keen angenehmt Liewen!

Um haitegen Dag organiséiert den CHEM ee Sensibiliséierungs- an Informatiounsstand

EU-Ausseminister gesinn sech op Malta
Meenung

EU-Ausseminister gesinn sech op Malta

Um Freideg den 28.Abrëll hunn sech op Malta d’EU-Ausseminister getraff

Onofhängeg oder à la Carte?

E Kommentar

Onofhängeg oder à la Carte?

Et ass nawell onroueg ginn an der Mediewelt. Doriwwer sollt ee villäicht net schwätzen, wann een bei engem nach jonken Medium sëtzt wéi ech elo hei. Ma et kënnt een net drëm erëm, dëst fest ze stellen, wann een sech d’Noriichten ukuckt.

De Radio 100,7 huet erëm bericht, wat am Luxemburger Wort alles geschitt, elo wou den Här Siweck fort ass. Elo soll d’Wirtschaftsredaktioun wann ech gelift manner kritesch beriichten. An den interne Riets-Ruck gëtt riicht weider gefouert. Keng gutt Noriicht fir d’Pressefräiheet ass dat.

Gläichzäiteg gëtt de Jean-Louis Schiltz vun enger Radio 100,7 Journalistin reegelrecht gegrillt, wéi et da ka sinn, datt RTL, e Konzern mat vill Geld, nach zousätzlech Geld vum Staat soll kréien. Datt do keng befriddegend Äntwert komm ass, schwätzt fir sech.

Komplett Onofhängegkeet an Neutralitéit kann et an der Mediegesellschaft net ginn. Drock kënnt ëmmer aus iergendenger Richtung: Ob vun de Lieser, der Wirtschaft oder der Politik.

Dat mat der Onofhängegkeet vun de Medien war zu Lëtzebuerg schonn ëmmer esou eng Saach. Och eng Definitiounssaach: Streng geholl ginn et keng onofhängeg Medien, hänken se dach all vum Geld of. Déi eng kréien se duerch Reklammen déi aner duerch Hëllefen, nach anerer duerch d‘Geld vun den Abonnenten a Lieser.

Et wëll oder muss een deem engen oder aneren also um Enn ëmmer gefalen, soss ass ee säi Geld lass. Mee wat mat Onofhängegkeet gemengt ass, ass d‘Tatsaach, datt keen an d‘Redaktioun vu baussen era kënnt, a sech eng Berichterstattung à la Carte froe kann.

Datt dat scho virkomm ass, gouf och scho bei der Berichterstattung ronderëm d‘Wort an de leschte Woche kloer. Kee Wonner also, datt e Christoph Bump, eemolege Wort Journalist, sech dovunner lass soe wëll an am Plaz éischter a Richtung Crowdfunding geet.

Esou Virfäll hëllefen net, d‘Vertrauen an d‘Medien ze stäerken. E kriteschen Ëmgang mat dëse war zwar schonn ëmmer gutt an noutwenneg, mee beim populistesche Riets-Ruck, deen och hei am Land ze spieren ass, muss een sech dann dach d‘Fro gefale loossen, op een sech mat esou ëffentleche Manöveren net nach zousätzlech an d‘Fleesch schneit.

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Medien, Press
Nächsten Artikel Virrechten Artikel