Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Scoutskiermes um Cents
job dating lille grand palais online dating messaging too much

attraction dating rtl2

Et war nees esou wäit: Déi Centser Guiden a Scouten

car hook up for rv
job dating lille grand palais online dating messaging too much

Tschechien: Gëtt et eng Zukunft fir den Andrej Babis?

Scho fir déi véiert konsekutiv Woch, hunn sech dausenden Tscheche

Kenns du dës Lëtzebuergesch Riedensaarten?
job dating lille grand palais online dating messaging too much

Kenns du dës Lëtzebuergesch Riedensaarten?

Riedensaarte ginn et an eiser Sprooch der vill. Do kann

De Mann dee Katalounien d’Onofhängegkeet versprach huet

De Mann dee Katalounien d’Onofhängegkeet versprach huet

De Carles Puidgemont, ass als President vun der autonomer Provënz Katalounien um Freideg vun der spuenescher Regierung ofgesat ginn. Hien hat dat katalanescht Parlament iwwerzeegt kritt d‘Onofhängegkeet ze erklären. Elo rifft hien seng Supporter op sech weiderhi friddlech ze mobiliséieren.

An den Ae vu der Welt ass de fréiere Journalist vu 54 Joer, d’Gesiicht vun der Onofhängegkeetsbewegung déi 2015 bei de Regionalwahle 47,7% vun de Suffragen erhalen huet. A Wirtschaftskreesser ass dann och vum „Puidgemont-Effekt“ rieds, ugesicht der Flucht aus Katalounien vun iwwer 1.200 Entreprisen.

Um Samschdeg hunn dann och d’Manifestante fir d’Eenheet vu Spuenien zu Madrid gefuerdert den „Dissident“ an de Prisong ze geheien. Wéi kann een dann elo d’Bestriewe vun dësem gléckleche Familljepapp verstoen, deen duerchaus bereet schéngt tatsächlech fir seng Iwwerzeegung an de Prisong ze goen?

Éierlech awer stur

An enger 2016 publizéierter Biographie, huet de Journalist Carles Porta de Puidgemont als „éierlechen an oprechten“ Verfechter vun der Onofhängegkeet beschriwwen. E Mann mam Charakter vun engem Laangstreckeleefer.

E Géigner, dee net wëll genannt ginn, zeechent en däischtert Bild vum katalanesche President, dee keng „grouss Bildung“, mee säit sengem 16. Liewensjoer „d’Onofhängegkeet a radikal Iwwerzeegungen a sengem Blutt“ hätt.

Dem Carles Puidgemont säi Schicksal huet am Januar 2016 eng nei Tournure geholl, wéi hien ausgewielt gouf, d’Leedung vun enger bont zesummegewierfelt separatistescher Koalitioun ze iwwerhuelen. Eng Koalitioun déi resolut drop aus war an ass, déi 7,5 Millioune Katalanen an d’Onofhängegkeet ze féieren.

Schwéier Ierfschaft

Buergermeeschter vu Girona, enger Stad mat 98.000 Awunner, säit 2001, hat de katalaneschen Deputéierten onverhofft en anere konservativen un der Spëtzt vun der Regioun ofgeléist: den Artur Mas. De Mas dee sech eréischt rezent als Separatist entdeckt hat an d’Austeritéitspolitik haten dem Begier vun Onofhängegkeet vun de lénksextremen neien Opwand ginn.

An den Arturo Mas huet dem Carles Puidgemont dann och eng schwéier Ierfschaft hannerlooss: déi als éischte Staatsfeind vun der spuenescher Regierung vum konservative Mariano Rajoy, mat deem keen Dialog zustane kënnt.

Dobäi hunn de Rajoy an de Puidgemont eppes gemeinsam: alle béid hunn an hirer Jugend ee schwéiert Autosaccident materlieft. De Mariano Rajoy dréit seng Narben ënnert dem Baart, de Carles Puidgemont op de Lëps an op der Stir.

An der Franco-Dikatur opgewuess

De Carles Puidgemont ass 1962 zu Amer, engem Duerf an de Pyrenäen, ronn honnert Kilometer vu Barcelona a senger Elite op d’Welt komm. Zweet Kand vu ganzer aacht aus enger Famill vu Patissieren, kennt hien am Alter vu 9 Joer an d’Pensionat. Laut dem Carles Porta ass et do wou hien zum „Kämpfer“ gëtt.

Am Joer vu sengem 13. Gebuertsdag stierft den Diktator Francisco Franco. Déif verbonne mat der katalanescher Geschicht a senger Sprooch, behält dee jonken erwuessenen ëmmer d’Ënnerdréckung – nom spuenesche Biergerkrich vu 1936-1939 – vu senger rebellescher Regioun am Kapp.

1980 trëtt hien dann an der CDC (Demokratesch Konvergenz vu Katalounien) bäi. Eng konservativ a nationalistesch ausgeriichte Partei, déi vum Jordi Pujol geleet ginn ass a mat Madrid fir méi Autonomie verhandelt huet.

De Journalist an den Aktivist

1982 fänkt dem Carles Puidgemont seng journalistesch Carrière un. Bei der nationalistescher Zeitung „Punt Avui“ mécht hie säi Wee, vum Korrekter zum Chefredakter. En huet et hei och ëmmer verstanen de Journalismus mam Aktivismus ze verbannen. Et war och eng Zäit wou Separatiste vu sengem Format seele waren.

Am Summer 1991 verléisst de Carles Puidgemont Spuenien fir de Fall vun der Republik Slowenien ze studéieren. Déi war no engem vu Jugoslawien verbuedene Referendum ausgeruff ginn, an huet e bewaffente Konflikt ausgeléist. An de folgende Jore mécht hien sech staark fir eng Erweiderung vun der Onofhängegkeet am Geescht vum Ghandi: „näischt iwwerstierzen, et gutt maachen“, esou säi Biograph.

Den Ëmgang mat den neien Technologien ass him liicht gefall, Friemsproochen och. De Carles Puidgemont schwätzt fléissend englesch, franséisch a rumänesch. Hien huet eng katalanesch Presseagence gegrënnt, eng engleschsproocheg Zeitung iwwert Katalounien a war President vum Verband vun de Gemenge fir d’Onofhängegkeet.

En onméiglecht Verspriechen

Zanter fënnef Joer gëtt et grouss Manifestatiounen déi vu Madrid e Referendum zur Selbstbestëmmung verlaangen. E beträchtlechen Deel u Katalanen halen him dann och héich säi Verspriechen agehalen ze hunn, ënner allen Ëmstänn dee vu Madrid verbuedene Referendum vum 1. Oktober ofgehalen ze hunn. Den Ausgang ass bekannt, d’Folgen dovunner nach net.

Dem Carles Puidgemont seng Géigner schwätze vun „demokratesche Bedruch“ deen eenzeg den Zweck sollt erfëllen d’Onofhängegkeet ze proklaméieren. Se werfen him och vir, seng eege Realitéit geschaaft an den iwwer 50% vu Bierger, déi dat net wollten, de Réck ze zougedréit ze hunn.

Fir de Politolog Joan Botella ass d’Proklamatioun eng Flucht no vir: „De Puidgemont ass iwwerzeegt vum Schicksal opgefuerdert ze sinn, d’Katalanen an dat versprache Land ze féieren. Säin Ëmfeld ass wéineg previsibel an hien huet keng Disziplin géintiwwer seng Partei, wou ee sech Suerge mécht. Mee hien ass net de fanateschen Illuminat, wéi e vu Madrid beschriwwe gëtt“.

Um Samschdeg huet de Separatist trotz der Entmuechtung vu Madrid seng Ried mat „Carles Puidgemont, President vun der Generalitat vu Katalounien“ ënnerschriwwen. Hien huet d’Bierger opgeruff sech „demokratesch géint d’Momperschaft“ ze stellen. Wéi dat soll goen huet hien awer nach net verroden.

mam Laurence Boutreux/AFP

Foto: De Carles Puidgemont am Gespréich mat den Awunner vu Girona (28. Oktober) huet zum demokratesche Widderstand opgeruff. © Eddy Kelele/AFP

Ähnlech Sujeten Carles Puidgemont, Katalounien, Onofhängegkeet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel