Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kenns du dës Lëtzebuergesch Riedensaarten?
Money Neiegkeeten

Kenns du dës Lëtzebuergesch Riedensaarten?

Riedensaarte ginn et an eiser Sprooch der vill. Do kann

Wahlen am Kasachstan: …net dat et ee géif interesséieren
Money Neiegkeeten

Wahlen am Kasachstan: …net dat et ee géif interesséieren

Bei der Presidentewahl am Kasachstan sinn d‘Iwwerraschungen erwaardungsgeméiss ausbliwwen. De

Viren als Waff asetzen
Money Neiegkeeten

Viren als Waff asetzen

Den UN-Sécherheetsrot huet sech eng geheim Sëtzung vergënnt, an dat

money

Onrou am Logistiksecteur

Transportfirmae lafe Stuerm géint déi um Diesel geplangten Accisenerhéijung vun der Regierung

Onrou am Logistiksecteur

Am Fréijoer 2020, esou de Plang vum Energieminister Claude Turmes, sollt et zur Erhéijung vun den Accisen um Diesel kommen. Geplangt war eng Hausse vu 5 Eurocent/Liter. Mam Optrëtt vum Coronavirus Covid19 an déi duerch dësen ausgeléiste sanitär Kris, ass dat op ee spéideren nach net genannten Zäitpunkt verluecht ginn. Zudeem steet hei och nach eng CO²-Steier fir 2021 am Raum.

Ënnert den Entreprisen déi duerch dës sanitär Kris zolidd an d‘Laberente komm sinn, gehéiert déi vum Arthur Welter 1962 zu Iwwersiren gegrënnten Transportfirma mam selwechten Numm, déi haut hiren Haaptquartéier zu Leideleng huet, a Mëttlerweil iwwert eng Ronn 800 Gefierer a villen ënnerschiddleche Klasse verfüügt. Arthur Welter Sàrl ass nach ëmmer ee Familljebetrib, an haut schaffen do laut eegener Ausso ronn 700 experimentéiert a qualifizéiert Salariéeën.

LogistiksecteurDe Konkurrenzkampf am Frachtberäich ass esou haart wéi deels ongerecht, an esou gëtt hei net ganz onbegrënnt gefaart, datt esouwuel déi geplangten Accisenerhéijung wéi och d‘CO²-Steier, déi duerch d‘Kris ervirgeruffen Existenznout, déi lescht Neel fir de „Sarg“ kéinte sinn. Si sinn dann awer net déi eenzeg aus dem Secteur, déi dës Steieren als eng „Bestrofung“ empfannen.

Op där aner Säit, war jo elo awer gewosst, datt dës Méikäschte géife kommen an och wann een hinne kéint zougestoen, datt si deel vun engem „systemrelevante Secteur“ sinn, esou wäerten si kaum verlaange kënnen, datt et ee „weider esou“ ka ginn. Camione maache Knascht a ganz esou ongeféierlech sinn se och net. Vill Fracht kéint zudeem op d‘Schinn verluecht ginn, wann sech net déi europäesch Politik mat aller Muecht entscheet, d‘Eisebunn europawäit ze zerstéieren.

LogistiksecteurEt ass bëssi wéi mat de Spidolsbetter, déi iwwerall ofgebaut goufen, an deels nach ofgebaut solle ginn – besonnesch do wou op Däiwel komm eraus privatiséiert ginn ass, wéi an Däitschland, wou den COO vum Helios-Konzern, Enrico Jensch, och Spideeler wëll zoumaachen. Och e Spidol ass, dat huet eis d‘Covid19-Pandemie gewisen, iergendwéi „systemrelevant“, awer net rentabel genuch.

Am Géigesaz zu de Spideeler gëtt et am Logistiksecteur Alternativen déi elo endlech musse genotzt an ausgebaut ginn. Wa Fracht vu China bis op Beetebuerg mam Zuch ka befërdert ginn, sollt et elo och méiglech sinn déi net verdierflech an/oder „essentiell“ Wuere mat der Schinn ze transportéieren an net méi d‘Landstroossen a bëlleg Lagerflächen op Rieder ze mëssbrauchen. Och dëse Secteur muss säint derzou bäidroen, datt déi europäesch Unioun seng Klimaziler erreeche kann.

LogistiksecteurRichteg ass och, datt weder d‘Arthur Welter Sàrl nach Transports Lorang, Adam Offergeld oder Wallenborn Transports, schold un der Kris hunn. Mat där am Ulaf befëndlech Wirtschaftskris dierft et fir dës Entreprisen net méi einfach ginn, an et dierf ee gespaant sinn, wat déi vun der Regierung zu Rentrée geplangten Entrevue mat de Vertrieder aus dem Secteur, vu Léisungsvirschléi bréngt.

Illustratioun: De Schinneverkéier gouf aus reng wirtschaftlechen Iwwerleeungen eraus einfach vreckt gemaach an dunn zwangsprivatiséiert. An dat erfollegräich an der ganzer EU. De Camion war eng „bëlleg“ Alternativ an gëtt zuweilen och als Lager op Rieder mëssbraucht. De Schued fir Natur & Ëmwelt ass enorm. Elo gëtt géigegesteiert, an all schéngen se iwwerrascht. © Marcin Jozwiak / unsplash

Ähnlech Sujeten Accisenerhéijung, CO²-Steier, Fracht, Logistik, Logistiksecteur, Transport
Nächsten Artikel Virrechten Artikel