Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Open Market Days: Een erfollegräiche Virgeschmaach op Esch2022
International Neiegkeeten

Open Market Days: Een erfollegräiche Virgeschmaach op Esch2022

Vum 20. bis den 22. Februar krut een ee multimediale

Kampf géint den Drogenhandel
International Neiegkeeten

Kampf géint den Drogenhandel

De „klengen Dealer“ op der Strooss ze erwëschen ass méi

D’Linn 26 fiert nees ab dem 7. Januar 2019!
International Neiegkeeten

D’Linn 26 fiert nees ab dem 7. Januar 2019!

D’Stad Lëtzebuerg informéiert de Publique doriwwer, datt ab dem 7.

Et herrscht politesch Onsécherheet no de Walen an Italien

Et herrscht politesch Onsécherheet no de Walen an Italien

Déi riets Koalitioun huet an Italien no de Walen d‘Nues vir. Et sinn awer déi historesch Resultater vun der populistescher Beweegung 5 Stären (M5S) an der rietsextremer Liga (Lega) vum Matteo Salvini, déi d‘Kaarte nei mëschen. An domat fir politesch Onsécherheet am Land suergen.

„D‘EU wäert en ongemittlechen Owend verbréngen“, esou den éischte Kommentar op Twitter, vun der Presidentin vum Front National (FN), Marine Le Pen. En Tweet dee sech bestätegt, ugesiichts de 35% déi vun der rietser Koalitioun, gefouert vum Silvio Berlusconi senger Forza Italia, der Liga an der klenger Fratelli d‘Italia erreecht goufen.

Interessant, datt et an dëser Koalitioun dem Matteo Salvini seng Liga ass, déi als stäerkste Kraaft ervirgeet. An d‘Liga, datt ass dem FN seng italienesch Schwësterpartei. Net ze vergiessen, datt d‘Liga während der ganzer Campagne, géint d‘Migratioun a géint Bréissel agitéiert huet. Friemenhaass a Euroskepsis, domatter huet d‘Liga d‘Stëmme gewonnen.

„Fir d‘éischt d‘Italiener“, „Stoppt d‘Invasioun“, … d‘Plakater vun der Campagne, um Sëtz vun der Liga zu Mailand, erënneren un d‘grondleeënd Themen, déi de Matteo Salvini (44) während der ganzer Campagne ugefouert huet. No der Wal en Tweet: „Mäin éischte Kommentar: Merci!“ esou de Leader vun der Liga, dee sech eréischt um Méindeg zu de Resultater wëll äusseren.

De Silvio Berlusconi, deen sech zu Bréissel als lescht „Mauer“ géint d‘Populisten an d‘EU-Géigner presentéiert hat, hätt dann awer seng Wett verluer. „Seng“ Koalitioun huet d‘Euroskeptiker politesch gestäerkt. Et dierf ee gespaant sinn, wéi eng Roll dem Antonio Tajani, dee jo als Kandidat fir de Poste vum President virgeschloe war, do nach zousteet.

Anarchie mat Stil

Als wierkleche Gewënner bei de Walen, muss een d‘Beweegung 5 Stäre betruechten. Dës Partei, wou all déi ugeschwat huet déi dem bestoende System näischt méi ofgewanne kënnen, ass no dëse Walen, déi stäerkste politesch Kraaft an Italien. Mat iwwer 32% vun de Stëmme schreift M5S, grad ewéi de Brexit oder den Trump, politesch Geschicht.

De Nigel Farage, fréiere Chef vun der Ukip, der Brexit-Partei, huet „senge Kollegen“ vun M5S dann och entspriechend gratuléiert.

En Erfolleg deen dann awer net esou iwwerrascht. Ëmmerhin ass ze bedenken, datt de Mouvement, deen 2009 vum Beppe Grillo als anarchesch Beweegung gegrënnt gouf, scho bei de Walen 2013 gutt 25% vun de Stëmmen erhalen hat. Mam Resultat vun dësem Sonndeg, steet jiddefalls fest, datt M5S eng zentral Roll am neie Parlament wäert spillen.

Dat gesäit ee vun de Leader vun M5S, den Alfonso Bonafede, um Sonndegowend och esou: „Et steet, bei all de Resultater déi elo bekannt sinn, eppes fest: d‘Beweegung 5 Stären ass de Pilier vun der nächster Legislatur“.

Elo muss een awer déi bekannten Zuelen an de richtege Kontext setzen. Dat hänkt domatter zesummen, datt d‘Method fir d‘Ausziele vun de Stëmmen (Chamber a Senat) zimlech komplex ass. Esou vermëscht dat neit Wahlgesetz „Proporz“ a „Majorz“. A well een tëscht 40 a 45% fir d‘Majoritéit brauch ass et net méiglech eppes zur Zesummesetzung vu béide Kummeren ze soen.

Ofgewielt: déi lénks-liberal

Dem Matteo Renzi seng Demokratesch Partei (Zentrum-lénks) huet mam Wahlresultat bestätegt, wat sech schonn an de Sondagen erauskristalliséiert hat. Hir Politik ass vun den Italiener net ugeholl ginn, a mat knappen 20%, erhalen d‘Demokraten nach just d‘Hallschent vun der Zoustëmmung, déi hinnen nach 2014, bei den Europawahlen, gi war.

A mat dëser Onsécherheet déi d‘Wahle vum Sonndeg begleet, wou däitlech ass, datt déi wou sech géint de System gestallt hunn, och déi wäerte sinn déi d‘Zukunft bestëmmen, muss Italien eng Regierung bilden. Hei gëtt et dann och eng ganz Partei Zeenarioen déi méiglech sinn.

Eng Majoritéit vu riets ass méiglech. Eng grouss Koalitioun vun de Moderéierten aus Mëtt-lénks/Mëtt-riets, datt ka rechneresch opgoen, ass dann awer éischter onwahrscheinlech. An net auszeschléissen, eng Allianz tëscht M5S an der Liga. Och grad vläicht, well sech d‘Dirigente vu béide Parteien ëmmer dogéint ausgeschwat hunn.

Keng einfach Ausgankssituatioun fir den italienesche President Sergio Mattarella, deen elo d‘Wahlresultat zortéiere muss. Hien dierft vill Kappzerbrieches domatter kréien, een an de nächste Wochen auszewielen, deen eng Regierung ka bilden, oder zumindest am Parlament eng Majoritéit zesummekritt.

Bis dohinner ass et awer nach e Strapp. Mat politesche „Verhandlungen“ ass net virun Enn dës Mounts ze rechnen. Fir d‘éischt mussen d‘Presidente vun den zwou Kummere gewielt ginn. Et léich dann och op der Hand esou d‘Experten, datt sech am Ament, keng däitlech Majoritéit ofzeechent.

An der Zeitung „La Republicca“ bedauert de Claudio Tito a sengem Editorial: „De Verdikt géint Italien ass ëmmer dee selwechten: d‘Land duerchlieft eng permanent Instabilitéit. D‘Onfäegkeet ze regéieren ass eng endemesch Krankheet“.

mam Olivier Baube/AFP

Foto: De Cavaliere Silvio Berlusconi huet och gewielt. De Leader vu Forza Italia dierft awer och net domatter gerechent hunn, datt a „senger Koalitioun“ déi rietsextrem an anti-europäesch Liga déi meeschte Stëmme géif erhalen. © Miguel Medina/AFP

Ähnlech Sujeten Italien, Matteo Renzi, Matteo Salvini, Silvio Berlusconi
Nächsten Artikel Virrechten Artikel