Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

25 Joer Téi vum Séi: Déi regional Erfollegsgeschicht geet weider!
International Neiegkeeten

25 Joer Téi vum Séi: Déi regional Erfollegsgeschicht geet weider!

Wat vun Doheem kënnt, dat schmaacht nach ëmmer am Beschten!

Venezuela: US-Marionett kritt Opstand net gemanagt
International Neiegkeeten

Venezuela: US-Marionett kritt Opstand net gemanagt

No heftegen Ausenanersetzungen um Dënschdeg, ass nees eppes wéi Rou

Luxembourg Art Fair 2019: Ee rouegen Optakt fir déi 4. Editioun
International Neiegkeeten

Luxembourg Art Fair 2019: Ee rouegen Optakt fir déi 4. Editioun

Nach bis e Sonndeg, den 8. Dezember kann een an

Onstëmmegkeeten an den Alpen

Éisträichesch Oppositioun distanzéiert sech vun der Regierung, et géif emol ze vill onbeäntwert Froen

Onstëmmegkeeten an den Alpen

Dat waren däitlech an onmëssverständlech Wierder, déi d‘Presidentin vun de Sozialisten (SPÖ), Pamela Rendi-Wagner – si ass Doktesch a war déi fréier Gesondheetsministesch – gëschter géintiwwer dem ëffentlech-rechtleche Sender ORF, benotzt huet. Grond fir dësen Dissens? Déi säitens der Regierung an Aussicht gestallte Lackerung vun de Confinement-Mesuren.

„Et ass wichteg ee Wee an d‘Normalitéit ze gesinn, souzesoen d‘Liicht um Wupp vum Tunnel. Mee et ass awer besonnesch wichteg ze wëssen, op der Basis vu wéi engen Donnéeën. Wat net dierf sinn a wat muss ausgeschloss ginn, ass datt nëmme Wirtschaftsintressen als Grondlag fir esou eng Decisioun geltend gemaach ginn“, esou d‘Pamela Rendi-Wagner am Owesjournal.

An esou sinn et grad d‘Widderspréch an de Mangel un Transparenz, déi elo dem Bundeskanzler Sebastian Kurz zum Virworf gemaach ginn. Seng Annonce e Méindeg, den „Alldag an Éisträich nees schrëttweis ze normaliséieren“, also kleng Geschäfter a Baumäert nees opzemaachen, ass sécherlech ee grousse Wonsch vum Vollek, mee ugesiichts der Lag, wier et eendeiteg verfréit.

Alpen„Mir hunn den Héichpunkt an der Kris nach net erreecht, an et ass net de richtegen Zäitpunkt, fir d‘Bevëlkerung, déi sech virbildlech behëlt, elo ze veronsécheren“, esou d‘SPÖ-Cheffin weider. Si fuerdert vum Bundeskanzler, datt kloer zum Ausdrock bruecht gëtt, op wéi enger Grondlag an unhand wéi enge Krittäre, seng Regierung dës Lackerung vun de Krise-Moossnamen decidéiert.

Nach leschte Freideg, hätt d‘SPÖ, esou d‘Ausso vum Pamela Rendi-Wagner, ënner Schmäerzen den drëtten Hëllefspak vun der Regierung matgedroen an esou der Koalitioun déi dofir noutwenneg Zweedrëttel Majoritéit zougestanen. Et wier zudeem och villes, wat beschloss ginn ass gutt, mee et wier een nach wäit vun der Normalitéit ewech, firwat esou Decisioune mussen novollzéibar sinn.

Suergekand „Bildungspolitik“

Déi éisträichesch Liberal (NEOS) hunn hirersäits mat den ergraffe Mesuren am Bildungsberäich e Problem. Bis Mëtt Mee sollen all d‘Schoulen zou bleiwen, an d‘Schüler a Studente sollen hir Matière vun doheem aus, quasi am virtuelle Raum, léieren. Grondsätzlech ee gudde Gedanken, mee wa ronn 20% vun dëse Schüler/Studenten net „erreechbar“ sinn, ass et net zefriddestellend.

An da stellt sech och Fro, wéi d‘Regierung de Problem vun den Ofschlossexame wëll an de Grëff kréien. Et wieren ënnerschiddlech Termäiner fir d‘Prüfunge genannt ginn. „Dat féiert bei dëse jonke Mënschen zu Onsécherheeten“, esou d‘Parteicheffin Beate Meinl-Reisinger. Si fuerdert vun der Regierung d‘Ouschtervakanz ze notzen, fir an dësem Beräich novollzéibar Schrëtt ze ënnerhuelen.

AlpenSäitens der FPÖ (Liberal) stellt sech d‘Fro, elo wou d‘Maskeflicht zanter e Méindeg a Kraaft ass, an decidéiert ginn ass, datt d‘Bedreiwer vu Supermarchéen d‘Käschte vun dëse Masken ze droen hunn, wéi dat soll goen? REWE, e vun de gréissten, zerwéiert all Dag bis zu 2 Millioune Clienten a verlaangt 1 Euro fir eng Mask, während LILD a SPAR se nach ëmmer gratis un de Client ofginn.

Hire Generalsekretär Michael Schnedlitz am ORF: „De gréisste Kritikpunkt bezitt sech op den Zickzack-Kurs vun der Regierung. Brauch et Masken, oder och net, da gëtt gesot se géifen näischt kaschten, an da ginn se awer fir vill Geld verkaf“. Dat schaaft déi Onsécherheeten, déi een an esou enger aussergewéinlecher Kris eigentlech vermeide sollt. Zudeem ass d‘Mesure net kloer.

De Verband vun den éisträicheschen Doktere versteet déi am Bezuch op Maskeflicht getraffen Entscheedungen och net esou ganz. Am Supermarché elo schonn, dann och am ëffentlechen Transport, mee keng Flicht fir de Besuch beim Dokter? Grad do wou et per se ubruecht wier eng Maskeflicht unzeuerdnen, ass deem net esou. Een Dokter ass leschte Weekend scho verstuerwen…

mat indymedia/vie

Foto: © Moritz Hürtgen, Titanic

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Éisträich, Koalitiounsregierung, Maskeflicht, Widderstand
Nächsten Artikel Virrechten Artikel