Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Hei spillt d’Musek! Wéi gutt kenns du eis Komponisten?
https://moien.lu/gong-yoo-dating-lee-dong-wook/ Neiegkeeten

for honor endless matchmaking

Lëtzebuerg huet zënter datt d’Land existéiert net grad wéineg Komponisten

dating is not worth the hassle
https://moien.lu/gong-yoo-dating-lee-dong-wook/ Neiegkeeten

Weess du ëmmer wat do op den Teller kënnt? (eng Analys)

Liewensmëttelsécherheet ass wichteg a betrëfft eis alleguerten, egal op jonk

JINJER an der KuFa: 4 Mol an d’Schwaarzt getraff!
https://moien.lu/gong-yoo-dating-lee-dong-wook/ Neiegkeeten

JINJER an der KuFa: 4 Mol an d’Schwaarzt getraff!

Vollt Haus an alleguer voll aus dem Haischen: War de

OUT OF THE CROWD Festival: Beak a Built To Spill als Headliner!

OUT OF THE CROWD Festival: Beak a Built To Spill als Headliner!

Déi 16. Editioun vum Out Of The Crowd Festival fënnt de 27. Abrëll an der Kulturfabrik statt. Haut hunn d’Organisateuren de Line-Up bekannt ginn an hoffe mat den amerikaneschen Indierocker vu Built to Spill oder de Brite vu Beak nees op een erfollegräichen Dag voller Erliefnisser a Musek!

Bekannt ass den Out Of The Crowd Festival virun allem doduerch, nach onbekannte Gruppen dem Publik ze presentéieren, an déi sech uschléissend denken: „ Ma wisou hunn ech déi Band net schonn éischter kannt?“ No 15 Joer Bestoen huet des musikalesch Experienz säi Publikum, seng Plaz a seng Philosophie fonnt a begeeschtert ëmmer erëm op een Neits mat enger spannender Panoplie un diverse Museksgenre.

ootc

© Shari Pleimelding/moien.lu

Dëst Joer kann een op 2 Bühnen direkt 11 Gruppe kennen- a léiwe léieren. Zesumme mat Foodtrucks a coole Verkafsstänn verwandelt sech d’Evenement an een herrlecht Gesamtkonzept. An fir d’Editioun 2019 ass ee weideren neie Partner mat an d’Boot gesprongen: den OGBL, den OGBL? Jo den OGBL – d’Gewerkschaft huet dës Decisioun getraff, wëll d’Kultur genau sou zu eisem Liewe gehéiert, wéi och d’Aarbecht. An Zukunft hoffen si weiderhi bei esou artisteschen Evenementer kënne mat dobäi ze sinn.

Een decke Line-Up!

Den OOTC Festival gëtt organiséiert vun The Schallot Collective, der Kulturfabrik an dem OGBL, a Kollaboratioun mat de Rotondes. Dobäi huet ee sech nees eng gutt afale gelooss, fir souwuel national, wéi och international Gruppen op Lëtzebuerg ze zéien. Dozou gehéiert ënnert anerem souguer eng Band aus Korea! Folgend Museker wäerten um OOTC Festival optrieden:

Beak> (UK)

Den Trio vu Beak> iwwerzeegt mat atmosphärescher Musek, déi vun Krautrock an de Beach Boys inspiréiert ass. Mat launesche Kläng, an awer strukturéierte Songs kann een hire Sound sécher net verwiesselen.

Built to Spill (USA)

Den Independant-Rock-Grupp aus Amerika gëllt als eng vun den aflossräichste Gruppe vun 1990. Komplex Melodien an virtuéis Instrumentalitéit sinn d’Charakteristike vun dëser Band.

Peter Kernel (CH)

Déi zwee Museker Barbara Lehnhoff an den Aris Bassetti hu sech trotz gemeinsamem Studium laang Zäit gehaasst. Glécklecherweis hu si géigesäiteg d’Talenter entdeckt, souwuel a Film-Installatioune, wéi och an der Musek, wouduerch si schliisslech ëmmer méi an ëmmer méi Lidder geschriwwen hunn.

The Murder Capital (IRL)

Si gehéieren zu de groussen Newcomer! Mat ausverkafte Shows an hirer Heemecht Dublin wëll dës iresch Rock Band elo och Lëtzebuerg a säi Bann zéien. Mat hiren dreiwenden impulsive Leckerbëssen faszinéiere si déi ganz Post-Punk-Zeen.

Jaye Jayle (USA)

Wéineger ass méi, an esou kann ee Flüsteren méi haart sinn wéi ee Jäizen. Mëttlerweil hunn déi kreativ amerikanesch Museker hir Plaz fonnt an iwwerzeegen mat aflossräiche Melodien.

Lysistrata (FR)

Et ass eng Band, déi voller jugendlecher Energie gelueden ass. De männleche Power-Trio bréngt mat enger Kombinatioun aus Post-Rock, Noise a Math-Rock jiddwereen zum wibbelen. Ee Mol op der Bühn spiert een direkt d’Energie an d’Spanung, déi an hirer Musek läit.

Town Portal (UK)

Eigentlech kommen dës Memberen all aus verschiddene Musek-Genres. Mëttlerweil hu si hir gemeinsam Léift fir d’Kombinatioun aus Jazz a Metal fonnt, wouduerch een hir Melodië wuel als kleng Aventurë beschreiwe kann.

Klein. (LU)

Mat minimalistesche Settings rutschen d’Bandmemberen an eng däischter melancholesch Welt eran, woubäi hir Melodien een ëmmer nees mat klengen Energie-Explosiounen iwwerraschen.

Say Sue Me (KOR)

Och Korea huet fantastesch Museker ze bidden! Mat Indie-Rock wëll de Quartett aus Busan elo och Esch iwwerzeegen, an dat wäerte si mat Sécherheet.

Dammit I’m Mad (SE)

Ee Pop-Avantgarde-Progressive-Indie-Duo aus Schweden: Si verdéiwen de retro-futuristesche Klang a mëschen dobäi Techniken, eenzel Puzzelstécker an Arrangementer, bis schliisslech eppes ganz Neies erauskënnt.

The Choppy Bumpy Peaches (LU)

Déi jonk Psychadelic/Space Rock Band aus Lëtzebuerg huet sech mëttlerweil schonn säin Numm an eisem Ländche gemaach. Mat psychedelesche Gitar-Riffs an indesche Summer-Vibes geréit een hei an eng ganz angenehm Atmosphär.

Loon-DJ’s am Ratelach

Och dëst Joer wäert de Festival nees mam Mix vun de Loon-DJ’s ofgeschloss ginn!

ootc

Weider Informatiounen

Den OOTC Festival fënnt den 27. Abrëll an der Kulturfabrik zu Esch-Uelzecht statt. D’Dieren ginn um 15:30 op, den Ticket am Virverkaf kascht 30€, an der Oweskees läit bei 35€. Weider Detailer fannt Dir ënnert ootcfestival.com.

Ähnlech Sujeten Esch-Uelzecht, Kulturfabrik, Line-Up, Musék, Out Of The Crowd Festival
Nächsten Artikel Virrechten Artikel