Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Battin Triple: E fruuchtege Minettsdapp
Neiegkeeten

Battin Triple: E fruuchtege Minettsdapp

De Battin „Triple“, e sougenannten Trappist-Béier, ass en uewergäregen a

Den Dylan Pereira hält u senger Strategie fest
Neiegkeeten

Den Dylan Pereira hält u senger Strategie fest

De lëtzebuergesche Pilot vum Team Momo Megatron Lechner Racing, kéint

Kaderkonventioun fir ëffentlech Fuerschungsariichtungen
Neiegkeeten

Kaderkonventioun fir ëffentlech Fuerschungsariichtungen

Den OGBL (Majoritéitsgewerkschaft vum Secteur a Spriecher bei de Verhandlungen)

Et gëtt „onbequem“ op der A3 tëscht Beetebuerg an der Stad

Et gëtt „onbequem“ op der A3 tëscht Beetebuerg an der Stad

Am Kontext vum Bau vun der neier Eisebunnslinn tëscht Beetebuerg an der Stad Lëtzebuerg, muss d‘Stroossebauverwaltung (Ponts & Chaussées) d‘A3 vun e Freidegowend 20 Auer bis e Méindeg 6 Auer spären. Vum Barrage betraff ass den Ofschnëtt: Beetebuerger Kräiz bis Gaasperecher Kräiz.

Bei dëser Geleeënheet ginn och Maintenance-Aarbechte virgeholl. Nieft Botzaarbechten, der Erneierung vum Belag (Gaasperecher Kräiz) an der Installatioun vun enger Ziel-Schläif gëtt sech och der Reperatur vu Leitplanken ugeholl. Mat entspriechende Behënnerungen ass ze rechnen.

A3

Barragen an Ëmleedungen

  • op der A3 tëscht dem Beetebuerger Kräiz bis Gaasperecher Kräiz aus Richtung Frankräich a Richtung A6 an A1;
  • d‘Opfaarte vum Beetebuerger Kräiz vun der A13 kommend a Richtung Gaasperecher Kräiz (A3);
  • d‘Opfaart vum Echangeur Léiweng, kommend vun der N31 a Richtung Gaasperecher Kräiz (A3);
  • d‘A3 tëscht Gaasperecher Kräiz a Beetebuerger Kräiz, kommend Kreesverkéier Gluck;
  • d‘Opfaarte vum Gaasperecher Kräiz aus de Richtungen A1 an A6 a Richtung Beetebuerger Kräiz (A3);
  • d‘Opfaart vum Echangeur Léiweng, kommend vun der N31 a Richtung Beetebuerger Kräiz (A3);

De Verkéier dee vun der A3 tëscht dem Beetebuerger an dem Gaasperecher Kräiz kënnt, gëtt a béid Richtungen iwwert d‘A13, A4 an A6 ëmgeleet. Et ass während dem genannten Zäitraum och net méiglech eng vun den, op dësem Streckenofschnëtt geleeënen Tankstellen, ze erreechen. Notéiere mir nach, datt, well d‘Virbereedunge schonn am Nomëtteg wäerten ulafen, et och zur Spëtzestonn um Freideg diert zu Behënnerunge kommen.

matgedeelt vun der Stroossebauverwaltung, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten A3, Beetebuerger Kräiz, Chantier, Gaasperecher Kräiz, Ponts et Chaussées, Stroossebauverwaltung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel