Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

NATO-Ausseminister blécken zu Bréissel an d‘Zukunft
International Neiegkeeten Stories

NATO-Ausseminister blécken zu Bréissel an d‘Zukunft

Zwee Deeg laang hu sech d‘Ausseminister vun de NATO-Länner zu

Bali: De Vulkan Agung kuerz virum Ausbroch
International Neiegkeeten Stories

Bali: De Vulkan Agung kuerz virum Ausbroch

Well de Vulkan Agung zu Bali ëmmer méi Damp an

Kenns du Käerjeng gutt genuch, fir hei vill Punkten ze kréien?
International Neiegkeeten Stories

Kenns du Käerjeng gutt genuch, fir hei vill Punkten ze kréien?

Zënter der Fusioun gehéiert Käerjeng eleng scho vun der Awunnerzuel

Op der Sich no engem Impfstoff

Wéini kann ee mat engem Vaccin rechen an wann e fonnt ass, wie kritt dësen?

Op der Sich no engem Impfstoff

Dat ee sech der sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, net entleedege kann, andeems ee sech erhofft, datt et zur sougenannter „Häerden-Immunitéit“ kënnt. Dat zumindest an engem akzeptabelen Zäitraum, berout d‘Hoffnung vun der Mënschheet op engem Impfstoff. Déi international Organisatioun CEPI mat Sëtz zu Oslo, wëll hei hiren Deel derzou bäidroen.

Op der ganzer Welt si Fuerschung a Wëssenschaft den Ament mat kaum eppes anerem esou beschäftegt, wéi mat der Sich no engem Vaccin, deen dëser Pandemie kéint entgéint wierken. Impfstoffer falen allerdéngs net vum Himmel an ouni entspriechend klinesch Tester, déi leider eppes Zäit an Usproch huelen, kann een déi net allgemeng asetzen. Mee et gëtt och Problemer,

Déi international Impfstoff Organisatioun CEPI (Coalition for Epidemic Preparedness Innovations) ass am Kader vun der Ebola-Epidemie (2014/2016) entstanen. Iwwer 11.000 Mënsche sinn a Westafrika verstuerwen, an dat obwuel et ee Vaccin ginn huet, deen huet awer net zäiteg zur Verfügung gestanen, an dat hat – wien wonnert et – erwisenermoossen e finanziellen Hannergrond.

De Profit steet iwwert dem Liewen

De Vizedirekter vu CEPI, Frederik Kristensen, huet erkläert, datt de Problem am Kontext vun der Epidemie mat Ebola, eng Entwécklung vun engem Impfstoff de Pharmakonzerner net „genuch Gewënn“ versprach huet. „CEPI ass gegrënnt gi fir deem entgéintzewierken“, esou de Kristensen, deen drop hiweist, datt ee sech ni wäert wierklech kënnen op eng Pandemie virbereeden.

Et ass awer méiglech gutt an essentiell Viraarbecht ze leeschten, an hei spillt CEPI eng grouss Roll. Esou finanzéiert d‘Organisatioun d‘Erfuerschung vun neien Impfstoffer, déi méi séier wéi déi üblech Variante kënnen entwéckelt ginn. Zwee Impfstoffer wieren elo am klineschen Test, wat enger wëssenschaftlech fundéierter Logik entsprécht. Zudeem kascht et och masseg Geld.

De parallellen Usaz, esou de Frederik Kristensen, bezitt sech op de Fait, datt déi meescht potenziell Vaccinen am Verlaf vun der Entwécklung scheiteren. Dat ass ganz normal, dréckt awer op de Portmonni, firwat Pharmakonzerner eppes renitent sinn, et sief si kënnen sech gewëss sinn, dat si entspriechend Kapital aus dësem Impfstoff schloe kënnen. Zudeem tauschen si keng Daten aus.

En zolitte Budget fir eng onofhängeg Recherche

Wéi de Vizedirekter vu CEPI weider erläutert huet, konnt d‘Organisatioun fir d‘Recherche am Kontet vum Covid19, bis ewell eng 700.000 Milliounen US-Dollar sammelen. Dat erlaabt et dann elo och den Tempo vun der Recherche ze erhéijen. „Wat ee soss ‚eent nom aneren‘ gemaach huet, dat muss haut alles zäitgläich geschéien“, esou de Frederik Kristensen, dee Präzisiounen huet.

Esou brauch vun deenen eenzelen Impfstoffer ugemoosse Quantitéiten, nach iert een iwwerhaapt weess ob se wierken. Nëmmen esou kann d‘Entwécklungszäit erhieflech verkierzt ginn. Dat awer ass net am Sënn vun de Konzerner, déi doranner eenzeg an eleng e finanzielle Risk erkennen, well jo net geséchert ass, datt si den „hellege Gral“ entdecken. De finanzielle Volet ass en decisiven.

Wann elo och d‘Ustrengung massiv ass, an esouguer wann d‘Pharmakonzerner iwwert hire Schied sprangen, muss ee vun enger Entwécklungszäit tëscht 10 a 16 Méint ausgoen. An dann ass e Vaccin zwar do, mee a streng begrenzte Quantitéiten. Dat bréngt och seng Problemer mat sech. Wien soll als éischt vun dësem Impfstoff profitéieren? Op eng gereecht Verdeelung sollt een net hoffen…

Eng gutt mee gewote Propos

Besonnesch wann et engem Pharmakonzern gelénge géif als éischten „de Vaccin“ ze fannen, stellt sech d‘Fro, vun der Offer an der Nofro. Hei kéinten sech déi mächtegst Länner nees d‘Kiischt um Kuch sécheren. CEPI huet proposéiert, datt den Impfstoff jidderengem zougänglech soll gemaach ginn, an dat virrangeg d‘Fleegepersonal an d‘Risikogruppen (weltwäit) dëse soll erhalen.

Et sollt deemno kee „Patent“ ginn an d‘Weltgemeinschaft misst sech och drop eenegen, solidaresch a fräi vun ideologesche Virsätz, dësen Impfstoff séier a bëlleg global anzesetzen. Dat ass ee fromme Wonsch, dee sech mat Staats- a Regierungscheffe wéi beispillsweis dem Donald Trump net esou realiséieren dierft. Woubäi ee generell un der Solidaritéit tëscht de Länner éischter verzweiwelt.

A wa jiddereen nëmmen op den eegene Nuebel kuckt, da behënnert dat déi absolut noutwenneg an intensiv Fuerschung, fir eben den Impfstoff ze fannen. Dat féiert zudeem dohinner, dat national Prioritéiten – virun allem politescher Natur – eng gerecht Verdeelung ass Fro stellen. Et kann een also eigentlech nëmmen drop hoffen, datt et de Vaccin séier an an ausreechendem Mooss ka ginn.

mat indymedia/osl

Illustratioun: © CDC

Ähnlech Sujeten CEPI, Coronavirus, Covid19, Impfstoff, Pharmaindustrie, Vaccin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel