Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
De ganz normale Wahnsinn
Money Neiegkeeten

De ganz normale Wahnsinn

Wann et em Waffe geet, verstinn d’Amerikaner kee Spaass. Dat

Netflix verdéift seng Science-Fiction Léift mat The Titan
Money Neiegkeeten

Netflix verdéift seng Science-Fiction Léift mat The Titan

Nodeems Netflix dëse Mount schonn mat Annihilation en neien Science

Dem Trump seng Géigenoffensive: „Se hu sech zu Moskau doutgelaacht“
Money Neiegkeeten

Dem Trump seng Géigenoffensive: „Se hu sech zu Moskau doutgelaacht“

E Sonndeg huet den Donald behaapt, datt et Russland gelongen

money

Op der sich no enger gudder Transaktioun

E Samschdeg hunn zu Lëtzebuerg d‘Wantersolden ugefaangen

Op der sich no enger gudder Transaktioun

Weien sech e Samschdeg an der Stad ëmgekuckt huet, deem sinn déi sëlleche Leit an den Stroossen net entgaangen. Och an de Geschäfter war eppes méi Lass, mee dat wierklech vill sollt Kaf gi sinn, erschléisst sech op dësem éischten Dag vun de Solden net.

An wie wéinst de Solden an d‘Stad komm ass, dee war gutt beroden den ëffentlechen Transport ze notzen, oder mat ganz vill Gedold ausstafféiert, et bei engem vun den iwwerfëllte Parkingen ze versichen. Gedold huet de Konsument dann uschléissend och an de Geschäfter gebraucht. Hei hat d‘Personal kaum eng Hand fräi – tëscht dem Araume vun de Saachen déi ugemooss goufen, an de Clienten déi alles an dat onméiglecht gefrot hunn – war et net einfach den Iwwerbléck ze behalen.

E Bild datt mat de Marke-Butteker staark kontrastéiert huet. Hei hunn d‘Leit sech an éischter Linn ëmgekuckt, kaf gouf éischter wéineg. Et ass jo och nach fréi, a vill Konsumenten dierften sech op de Silvester-Reveillon konzentréiert hunn. Mee kucke kascht bekanntlech kee Geld, an wann dat anert Joer d‘Primm oder den 13. Mount um Kont ukomm ass, kann ee jo erëmkommen. Ëmmerhi lafen d‘Solde bis de 26. Januar, do kann een et dann och eppes méi gemitterlech ugoen.

An da gëtt jo och déi privilegiéiert Clientèle, déi wou, well se als loyal an trei erkannt gëtt, zwee Deeg virun de Solden op sougenannten „privat Venten“ ageluede ginn. Eng Sonnerbehandlung déi derzou bäidréit, datt ee sech net muss an d‘Gewulls stierzen, kengem Gedrécks ausgesat ass, a virum allem vum voll ëmfängleche Choix profitéiere kann, an dat zum Solde-Präis. Fir vill Geschäftsleit d‘Geleeënheet an entspaanter Atmosphär de Stock ze liquidéieren.

Sinn d‘Solden eng gutt „Affaire“?

Wann ee sech en Ament hëlt, an emol eng Kéier op déi „ganzjäreg“ Promotioune bléckt, déi ëmmer gülteg „Niddregpräisser“ an den „Outlets“ an wéi uewe beschriwwen déi „privat Venten“ berécksiichtegt, dann dierf ee sech iwwer d‘Sënnhaftegkeet vun de Solde wonneren. Mécht een tatsächlech e bessert Geschäft, wéi wann een iwwert d‘Joer vu Promotiounen an Offere profitéiert? Oder sinn déi %-Zeechen an de Vitrinnen déi engem d‘Sënner verniwwelen?

Fakt ass, datt sech d‘Gewunneschte vun de Konsumente staark verännert hunn. Den Eenzelhandel deet sech, aus wéi enge Grënn och ëmmer, schwéier domatter de Client zefriddenzestellen. Deen huet nämlech Erwaardungen, an déi ginn net ëmmer erfëllt. Et ass deem tatsächlech egal op hien 20 Euro oder 200 Euro fir eng Box muss ausginn, hie wëll, egal wéi déck de Portmonnie gefëllt ass, ëmmer gutt zerwéiert ginn, an de gebuedene Präis sollt deem aus dem Internet ganz no kommen.

Esou ergëtt et sech, datt d‘Zäit vun de Solde wuel eng wichteg ass, si erméiglecht et dem Handel deem „ale“ Geschir lass ze ginn, an nei Kollektiounen eranzehuelen. Et ass zudeem e saisonaalt Geschäft, op dat vill Geschäfter schonn aus wirtschaftleche Grënn net verzichte kënnen. Fir esou munch Betrib kann et zukunftsentscheedend sinn. Interessant war festzestellen, dat während de Solde kaum ee sech d‘Fro stellt, zu wéi enge Konditiounen déi Saachen hiergestallt ginn.

Ähnlech Sujeten Eenzelhandel, Konsum, Konsument, Promotioun, Solden
Nächsten Artikel Virrechten Artikel