Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

love
Hir politesch Parteie sti bei dëse Politiker net op der Stir! Weess du, wie wou Member ass?
Neiegkeeten

Hir politesch Parteie sti bei dëse Politiker net op der Stir! Weess du, wie wou Member ass?

D’Parteielandschaft zu Lëtzebuerg ass net grad kleng. Do kann ee

tonguemoney
Manner Stonnen, méi Fraen: Japan kritt Aarbechtsmaart-Reformen nogeluecht – fir d’Produktivitéit ze steigeren
Neiegkeeten

Manner Stonnen, méi Fraen: Japan kritt Aarbechtsmaart-Reformen nogeluecht – fir d’Produktivitéit ze steigeren

D‘Generaldirectrice vum Weltwährungsfong (IMF), Christine Lagarde, huet e Mëttwoch Japan

Net ganz esou einfach fir den Dylan Pereira um Hungaroring
Neiegkeeten

Net ganz esou einfach fir den Dylan Pereira um Hungaroring

E Sonndeg huet um Hungaroring an Ungarn de sechste Laf

Op d‘Universitéit goen ass eng eescht Ugeleeënheet

Mee firwat ginn d‘Lëtzebuerger esou gären an d‘Ausland?

Op d‘Universitéit goen ass eng eescht Ugeleeënheet

Déi Lëtzebuerger Vereenegung vun de Studente-Cerclen (ACEL), an där 45 Studenteveräiner representéiert sinn, ass d‘Ulaafstell fir all Student – op Member oder net – deen engem Problem begéint, deen hien eleng net léise kann. An heibäi geet et net ëm de Problem erauszefanne wéini deen nächste Studentebal ass, a wéi een dohinner kënnt.

Natierlech gëtt a Studentekreesser och emol gefeiert, mee fir déi ganz grouss Majoritéit geet et an éischter Linn drëms eppes ze léieren, sech eng Zukunft opzebauen. Dofir ass et leider ëmmer nees wichteg drop hinzeweisen, datt wann d‘Studente-Cerclen och „Soiréeën“ organiséieren, et hir éischt Aufgab ass, de Studente bei hiren Demarchen oder soss gelagerte Problemer zur Säit ze stoen.

Dat gëtt besonnesch da wichteg, wann de Student sech entscheet huet am Ausland ze studéieren. A jo d‘Majoritéit vun de Lëtzebuerger Studenten zitt et, trotz der gudder Renommée vun der UNI-Lëtzebuerg nach ëmmer an d‘Ausland. Den ACEL-President Pol Lutgen, Student zu Freiburg, wollt kucken op hien amstand ass eens ze ginn, a mengt, datt dat op vill Lëtzebuerger Studenten zoutrëfft.

Et wier deemno de Wonsch no „Fräiheet an Entdeckung“ deen eis Studenten ermontert am Ausland ze studéieren. Virzuchsweis an Däitschland, woubäi déi gréisste Communautéit vu Studenten zu Bréissel ze fannen, an och Frankräich ganz beléift ass. Dat alles huet och en Afloss op déi sëllechen Aktivitéiten déi vun de Studenteveräiner, déi wäit méi ze bidden hu wei e Studentebal.

De Stellewäert vun der UNI-Lëtzebuerg

Fir de Pol Lutgen stécht d‘UNI-Lëtzebuerg nach an de Kannerschong. Sécher wier villes geschitt, an d‘Haus vun der Konscht an de Studenten um Belval, wier ee grousse Fortschrëtt. Mee den ACEL-President gëtt ze bedenken, datt et Jore brauch, bis sech eng Stad an enge Universitéitsstad ka verwandelen. An hei spillen eng ganz Rei Faktoren eng grouss Roll.

Déi wichtegst entfält op de Logement. Hei begréisst de Pol Lutgen, datt um Niveau vum Loyer villes ënnerholl gëtt. De Staat bitt am Zentrum an am Süde Studentewunnengen un, déi tëscht 365 a 695 Euro leien. Esch wier eeschthaft beméit fir Studenten attraktiv ze ginn, an et sollt ee begréissen, datt iwwer 6.400 Studenten aus 122 Natiounen, d‘UNI-Lëtzebuerg begréissen.

Fir de Lëtzebuerger Student, deen sech awer fir e Studium am Ausland entscheet, ass de Logement e wichtegen Aspekt bei senger Auswiel. Fir d‘ACEL, déi sech op eng Etüd aus 2015 berifft, huet e Student e Budget vu knapp 1.000 Euro zur Verfügung. Bal d‘Hallschent dovunner muss fir Loyer, Steieren a Redevancen opgewannt ginn. Do sollt engem kloer ginn, datt net nëmme gefeiert ka ginn.

Bleift nach festzehalen, datt en Auslandsstudium jo och Liewenserfarung mat sech bréngt. Eng gutt Grondlag fir sech spéiderhin um globaliséierten Aarbechtsmaart ze behaapten. Et baut ee sech am Ausland en anert Netzwierk op, wéi dat fir e Lëtzebuerger Student beispillsweis de Fall op der UNI-Lëtzebuerg ass. Um Enn ass et Choix deen een assuméiere muss…

Foto: En Auslandsstudium (hei d‘Universitéit vu Freiburg) bréngt nieft dem „Wëssen“ och vill Liewenserfarung mat sech. E gudde Grond fir vill Lëtzebuerger Studenten, eng „Traditioun“ weiderzeféieren…

Ähnlech Sujeten ACEL, Pol Lutgen, Studenten, Uni-Lëtzebuerg, Universitéit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel