Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den ACL kënnt de Mënsche mat reduzéierter Mobilitéit entgéint
https://moien.lu/speed-dating-entrevistas/

Den ACL kënnt de Mënsche mat reduzéierter Mobilitéit entgéint

Den Automobilclub zu Lëtzebuerg ass innovativ a fortschrëttlech. Mat engem

dating with bipolar disorder
https://moien.lu/speed-dating-entrevistas/

Food a Lifestyle: Blogger zu Lëtzebuerg geéiert

Mat groussem Opwand hat Mëtt leschter Woch de lëtzebuergesche Food

Ganz wäit ewech vun eis waart e Stär op säin Numm
https://moien.lu/speed-dating-entrevistas/

Ganz wäit ewech vun eis waart e Stär op säin Numm

Am Kader vum 100 järege Gebuertsdag vun der Internationaler Astronomen

Op e Kaffi mam Stater Schäfferot

Vum Logement-Bilan an dem demographesche Wandel vun der Stad Lëtzebuerg

Op e Kaffi mam Stater Schäfferot

Emol de Mount, esou d‘Traditioun, trëfft sech d‘Press mam Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg, fir sech iwwert d‘Aktualitéit ze ënnerhalen. Bei engem Kaffi-Croissant ginn déi wichteg Themen am entspaante Krees behandelt. Dëse Mëttwoch ass et ëm de Logement, den demographesche Wandel, d‘Europawahlen an en risege Chantier op der Dargent-Plaz gaangen.

Wunnraum schafen ass déi éischt Prioritéit

Wann et richteg ass, datt sech d‘Stad Lëtzebuerg beim Wunnengsbau net d‘Hänn an de Schouss geluecht huet, ass et genee esou richteg datt et de Leit – a besonnesch jonken déi op der sich no enger bezuelbarer Wunneng sinn – net séier genuch geet. Dat weess och den 1. Schäffen, Serge Wilmes (CSV) deen um Mëttwochmuere mat der Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) op de Sujet agaangen ass. Béid Politiker hunn déi absolut Prioritéit vum Sujet nach emol confirméiert.

Bis 2025, also iwwert déi offiziell Mandatsdauer vun eise Gespréichspartner eraus, wëll d‘Stad Lëtzebuerg am Partenariat mat der SNHBM an der Ënnerstëtzung vun der Regierung, Wunnraum schafen, deen sech d‘Mënschen och tatsächlech leeschte kënnen. Logesch datt vill vun de neie Logementer da fir d‘Locatioun geschafe ginn, woubäi et och Unitéite wäert ginn, déi d‘Interessente kafe kënnen. Fir sech en Iwwerbléck ze verschafen, ass vum Bestand en Inventaire gemaach ginn.

De Serge Wilmes erënnert drun, datt 2018 op fënnef Sitten 92 Wunnenge fäerdeggestallt gi sinn, an et dëst Joer nach 61 Unitéite gëtt, déi scho vum Gemengerot gestëmmt goufen. Deen huet zudeem och d‘Projete fir 2020 (29 Eenheeten), 2021 (23 Eenheeten), 2022 (101 Eenheeten) gestëmmt, esou datt un dësen Zuelen net méi dierft gefréckelt ginn. Fir den Zäitraum 2023-25 sinn nach emol 407 Wunnenge geplangt, d‘Projete sinn och finaliséiert, mee nach net vum Gemengerot ugeholl ginn.

Den Tempo bestëmmen anerer

Fir d‘Lydie Polfer an den 1. Schäffen, gëtt et den Ament keen aneren Häerzenswonsch, wéi datt déi benéidegt Wunnengen – am léifste scho muer – endlech disponibel sinn. D‘Buergermeeschtesch gëtt hei ze bedenken, datt de Service vun der Gemeng, deen sech ëm dëse sécherlech sensibelen Dossier këmmert, u seng Grenze stéisst. Wuel baut d‘Gemeng net an eegener Regie, mee och déi vill Kontrollen an d‘Iwwerwaachung vun de Chantieren, sinn eng entspriechend Erausfuerderung.

Am Kontext vum Wunnengsbau, muss een och op d‘Privatwirtschaft agoen, déi jo awer déi meescht nei Logementer schaaft. An hei kann d‘Lydie Polfer fir 2018 op e neie Rekord beim ausstelle vun den Autorisatiounen hiweisen: 1.555 sinn der ausgestallt ginn. Zum Verglach, 2017 waren et der grad emol 990. Eng Zuel déi ee relativiséiere muss, well et d‘Joer war wou sech d‘Reglementatioun vum PAG verännert huet, an vill Investisseuren den Impakt dovunner ofwaarde wollten.

Mee eng Autorisatioun bedeit net, datt direkt mam Baue kann ugefaange ginn. D‘Lydie Polfer weist drop hin, datt et bis zu 36 Méint dauere kann, bis alles virläit, fir mam Bau unzefänken. Hei ass net iwwert d‘Disponibilitéit vun de Bauaarbechter, an anere Beruffsorganisatioune geschwat ginn, déi och fir de Bau benéidegt ginn. Et spille vill Faktoren eng Roll, an déi bestëmmen d‘Vitesse. Dofir konzentréiert d‘Stad Lëtzebuerg sech elo, op de Bau vu grousse Komplexer mat villen Eenheeten.

Et fält kee PAP vum Himmel an esouguer dann…

Et ass also „nëmmen“ e Constat wann e fir x-te Kéier drun erënnert datt et un der Nofro kee Mangel gëtt, an d‘Stad sech an enger vu senge sécherlech wichtegsten Entwécklungsphase befënnt. Fir dat alles ze bewältege sinn zanter 2011, net manner wéi 33 PAP (Partikularen Amenagementsplang) fir insgesamt 9.741 Logementer ugeholl ginn. Dovunner sinn der, wéi et heescht, nëmme 16 aktivéiert, an op een gleeft oder net, mee weder d‘Lydie Polfer nach de Serge Wilmes sinn doriwwer erfreet.

Um Beispill vum „PAP Märel Zentrum“, wou eigentlech alles kloer ass an och d‘Terrainen der Stad Lëtzebuerg gehéieren, huet de Bau nach net ugefaangen. De 14 Juli 2014 war den Dossier „zou“ an awer schleeft e sech. Elo no bal 5 Joer, kann endlech mam Bau vun de Infrastrukturen (Stroossen, Kanalisatioun a wat soss nach alles néideg ass) ugefaange ginn. Problem hei: de Remembrement. Et brauch nëmmen ee Proprietär deen net wëll matmaachen, an scho gëtt et e laangwierege Prozess.

Zu Märel sollen 180 Wunnengen entstoen, vun deenen der 144 op d‘Stad Lëtzebuerg zesumme mat der SNHBM (als Bauhär) entfalen. An déi „Problemer“ esou wéi se bei dësem Projet beschriwwe gi sinn, treffen op eigentlech all Projet zou, wou et méi Proprietäre gëtt, déi sech natierlech alleguerte wëllen en Virdeel eraushuelen. Dat läit an der Natur vum Mënsch an eiser eenzeg op Profit zu Laaschten anerer ausgeluechte Gesellschaft. Et ass net déi sozial Komponent déi de Projet bremst.

Wat nach esou an der „Leitung hänkt“

De Serge Wilmes mécht nach drop opmierksam, datt bei dësen 33 approuvéierte PAPen, déi richteg grouss Projeten nach net berécksiichtegt goufen. Fir eng ronn 10 Hektar steet de PAP nach aus, an och déi esou imminent wichteg Projeten: Villeroy & Boch (Rollengergronn), d‘Porte de Hollerich, an de Mega-Komplex „Heinz van Landewyck / Paul Würth“ stinn nach aus. Hei sollen dausende Logementer entstoen déi och dréngend gebraucht ginn, mee kee weess wéini et ka lass goen.

Beim Projet „Porte de Hollerich“ wou scho villes konnt „gekläert“ ginn, huet d‘Gemeng een net esou einfache Problem ze léisen. Hei ass d‘Garage vum AVL (Autobusser vun der Stad Lëtzebuerg) doheem, an déi kann een net einfach esou verréckelen. Mee wouhinner mam „Schapp“? Dee brauch zolidd Plaz, gëtt et och net zum Nulltarif a wéi esou oft, wëll keen deen a senger Noperschaft hunn. All d‘Projete sollen zudeem un den ëffentlechen Transport ugeschloss ginn a nohalteg sinn…

An déi Problemer beim Wunnengsbau, egal ob et sech dem soziale Logement, oder de sougenannte moderate Wunnraum handelt, huet net eleng d‘Stad Lëtzebuerg. Déi Suerge sinn an de meeschte Gemengen zimlech déi selwecht. Mee d‘Haaptstad wiisst disproportionell zu anere Gemengen, wat derzou féiert, datt vill an oft vun de Problemer an der Stad Lëtzebuerg rieds ass. Eng Méiglechkeet déi och verstäerkt genotzt soll ginn, d‘Virkafsrecht. Wéi gesot, et gëtt sech wierklech beméit…

E Bléck op déi demographesch Situatioun

Wéi et mat der Iwwersiicht zum „Logement“ richteg erkannt ginn ass, d‘Stad Lëtzebuerg wiisst net nëmme wirtschaftlech, mee och demographesch entwéckelt sech d‘Haaptstad ganz rapid. Esou hunn op den 31. Dezember 2018 an der Stad Lëtzebuerg 119.214 Mënsche gewunnt, dat sinn der 2.886 méi wéi nach 2017. Eng Entwécklung déi Konstant ze si schéngt, woubäi sech d‘Gesellschaft vun der Stad Lëtzebuerg soziologesch verännert. Et ass ee wäit vun „fréier war alles besser“ ewech.

D‘Lydie Polfer notéiert, datt den Trend zur Liewenspartnerschaft (PACS) weider d‘Nues virum traditionelle Bestietnes vir huet. An der Stad Lëtzebuerg hu sech 582 Koppele gepacst (+6) a 475 Koppele bestuet (+75). Um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg goufen 5.692 (+252) Gebuerten agedroen, dovunner entfalen der 1.214 op d‘Haaptstad. Et stierwen och emol Leit an der Stad, an 2018 waren et 1.596 Mënschen déi „ofgemellt“ goufen, d‘Stad selwer verléiert der nëmme 586.

Eppes wouriwwer ee sech sollt Gedanke maachen, dat ass d‘Relatioun tëscht den Awunner mat Lëtzebuerger Nationalitéit an deene mat friemlännesche Wuerzelen. Wann nëmmen nach 29,41% vun den Awunner an der Stad Lëtzebuerger sinn, a vun deenen anere ronn 70% nëmmen e ganz geréngen Deel sech politesch op kommunalem Niveau engagéiert, kann dat fréier oder spéider zum demokratesche Konflikt féieren. Woubäi d‘Stad Lëtzebuerg alles fir d‘Participatioun mécht.

D‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport ass beschlosse Saach

Wéi den Transportminister François Bausch e Méindeg d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport virgestallt an de Stéchdatum op dem 1. Mäerz 2020 festgeluecht huet, war den AVL als Operateur net opgelëscht ginn. Dat hat de Minister domatter justifiéiert, datt d‘Stad Lëtzebuerg fir seng eege Servicer och weiderhin dierf en Entgeld erhiewen. Et wier natierlech totale Blödsinn an erwise kontraproduktiv, wann sech d‘Stad Lëtzebuerg esou engem Spill géif higinn.

Esou ass um Mëttwochmueren dann och erwaardungsgeméiss d‘Bestätegung vum Schäfferot komm datt den AVL hei keng Ausnam zum ganze mécht. „Et ass evident datt d‘Stad Lëtzebuerg do mat mécht“, esou d‘Buergermeeschtesch, déi nach kloerstellt: „Mir sinn den ekonomeschen Zentrum vum Land, an hunn e groussen Interêt dorunner, den ëffentlechen Transport esou attraktiv wéi nëmme méiglech ze gestalten“. Den AVL wäert dann och näischt vu senger Qualitéit abéissen.

An dësem Kontext, a well dës Fro jo och ëmmer nees opgeworf gëtt, huet de Verkéiersschäffen, Patrick Goldschmidt (DP) direkt emol ënnerstrach, datt och beim AVL keng Plazen ofgeschaaft ginn. „Et kommen der éischter bäi, wéi datt mir der géifen entloossen. Dat gëllt och fir d‘Kontroller, déi am allgemengen eng wichteg Roll bei Sécherheet a Beholl iwwerhuelen. Hien ass sech awer bewosst, datt d‘Gratuitéit net automatesch zu méi Cliente féiere kann, da kann nëmme Qualitéit.

Esou eppes vu Chantier do gëss de verréckt

Mir haten eréischt e Samschdeg iwwert déi sëlleche Chantieren an der Stad Lëtzebuerg bericht, déi alleguerte villes vun den Automobilisten an Awunner vun der Stad Lëtzebuerg ofverlaangen. Mee deen eleiten, déi mir iech hei ukënnegen, do dierft deem engen oder aneren d‘Dronkenellen ausgoe wann e sech den Ëmfang vun den Aarbechten eppes méi no ukuckt a feststellt: „do muss ech all Dag derduerch fir op d‘Schaff“. An esou ass et och, de Chantier „Place Dargent“ huet et a sech.

Dës absolut noutwenneg Infrastrukturaarbechten ëmfaassen d‘Plaz François-Joseph Dargent, an d‘Stroossen: Eech, Millebaach, Auguste Laval a Munchen-Tesch. D‘Koordinatioun vun den Aarbechten huet d‘CREOS S.A. zougedroe kritt. Mat den Aarbechte gëtt am Mäerz ugefaangen, an et geet ee dovunner aus, datt se bis zum Juli 2020 ofgeschloss kënne ginn.

Fir den Awunner op der Plaz, déi vun dëser Baumoossnam direkt betraff sinn alles ze erkläre gëtt de 5. Februar um 18.30 Auer, am Festsall zu Beggen (26B, Rochefort-Strooss) vum Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg eng Informatiounsversammlung ofgehalen. Hei erhalen d‘Awunner detailléiert Informatiounen zum Ëmfang an der Dauer vun den Aarbechten. Gewosst ass allerdéngs, datt et fir keen einfach gëtt, an ee gutt beroden ass dëse Beräich wäitraimeg ze ëmfueren, wann ee kann.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Chantieren, Demographie, Gratis Ëffentlechen Transport, Kaffi, Logement, Lydie Polfer, Patrick Goldschmidt, Serge Wilmes, Stad Lëtzebuerg, Wuesstem
Nächsten Artikel Virrechten Artikel