Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Satir am Déngscht vun der Demokratie
International Neiegkeeten

is hi5 a dating website

Satire huet aktuell Héichkonjunktur. Dovunner kann een sech liicht iwwerzeegen,

dating websites basingstoke
International Neiegkeeten

De Robocup ass de speziellen Sport-Event vum Summer

Am Moment leeft e ganz besonneschen Fussball-Event a Japan: de

Brexit: déi Briten hunn se dach net méi all der Rei no!
International Neiegkeeten

Brexit: déi Briten hunn se dach net méi all der Rei no!

Zwee Méint virum Austrëtt aus der europäescher Unioun, ass dat

Op en Neits eng Dron am persesche Golf ofgeschoss

US-Krichsschëff USS Boxer wier duerch iranesch Dron bedreet ginn

Op en Neits eng Dron am persesche Golf ofgeschoss

Der Konflikt tëscht den USA an dem Iran gëtt den Ament nach am persesche Golf ausgedroen, an hei koum et gëschter dann och op neits zur Ausenanersetzung. En US-Krichsschëff huet an der Strooss vun Hormuz eng iranesch Dron vum Himmel geholl. Den US-President ass begeeschtert…

Et war net de Pentagon oder d‘US-Marine déi iwwert de Virfall bericht huet, dëse Privileg ass dem US-President, dee matten am Wahlkampf fir en zweet Mandat stécht, virbehale bliwwen. Wéi een et vum Donald Trump gewinnt ass, huet dëse mat Saachkenntnis a faktegestëtzten Informatiounen de Virfall ganz detailléiert erkläert. Teheran ass iwwerrascht, a weess vu kenger Dron déi feele géif.

persesche Golf

Wéi och ëmmer. Den Donald Trump huet erkläert, datt déi vermeintlech iranesch Dron sech 914 Meter vum Schëff ewech opgehalen hätt. D‘Schëffsbesatzung soll d‘Dron opgefuerdert hunn sech zréckzezéien, wat déi natierlech net gemaach huet, firwat si als Bedreeung betruecht an dofir dann och ofgeschoss gi wier. Sollt et tatsächlech eng iranesch Dron gewiescht sinn, steet et 1:1.

Elo versicht den US-President net eréischt säit gëschter seng NATO-Partner an aner Länner derzou ze bewegen sech den US-Interessen am persesche Golf unzeschléissen. Dat bisweile mat geréngem Erfolleg, och wann sech d‘Briten nom Tëschefall mat der „British Heritage“ genéidegt fillen, e weidert Krichsschëff zur Verstäerkung an d‘Regioun ze schécken. Mee wat ass wierklech drun?

Vill Propaganda, wéineg Beweiser

Den Donald Trump huet am Kontext vum jéngsten Tëschefall statuéiert: „Et ass déi jéngst vu ville provozéierten a feindlechen Aktioune vum Iran géint Schëffer déi an internationale Gewässer ënnerwee sinn. (…) D‘USA behalen sech d‘Recht vir, hir Interessen, Ariichtungen a Mataarbechter ze verdeedegen“. Hien huet seng Partner opgefuerdert, d‘Virgoensweis vum Iran ze veruerteelen.

persesche GolfAus dem Pentagon heescht et zum Virfall: d‘Bedreeung duerch eng iranesch Dron huet sech en Donneschdeg um 10 Auer (Lokalzäit) zougedroen. D‘USS Boxer huet sech zu dësem Zäitpunkt an internationale Gewässer opgehale wéi déi iranesch Dron sech dem Krichsschëff genéiert huet. Wéi d‘Dron ofgeschoss ginn ass, soen si net an och den US-Verdeedegungsministère gëtt keng Äntwert.

Vun iranescher gëtt et zum genannte Virfall just d‘Ausso vum Ausseminister Dschawad Sarif. An deen erkläert, datt een zu Teheran keng Dron géif vermëssen. Wien huet Recht a wie Litt? An esou Situatiounen, wou et séier wéineg reell an haltbar Beweiser gëtt, ass et natierlech schwiereg sech enger Partei zouzewennen. Den Ament awer ass déi amerikanesch Propaganda nach am Virdeel.

A ëm A, Zant ëm Zant…

Wann sech dann elo alles esou zougedroen huet, wéi dat vum US-President erkläert gouf, hu béid Säiten eng Dron verluer. Mee de Konflikt tëscht de Natioune gëtt net um Himmel eleng entscheet. Esou hunn d‘Briten de 4. Juli (amerikaneschen Nationalfeierdag) den iranesche Supertanker Grace1 festgesat, wëll dëse soll Pëtrol fir Syrien gebunkert hunn. Dat huet Teheran däitlech dementéiert.

persesche GolfInteressant dann d‘Meldung den iranesche Revolutiounsgardisten (IGRC) déi uginn, si hätten en auslänneschen Tanker mat geschmuggeltem Pëtrol an der Strooss vun Hormuz ugehalen an déi 12 auslännesch Crew-Membere verhaft. Et handelt sech heibäi ëm de relativ klengen Tanker „Riah“. Et dierf een dovunner ausgoen, datt et d‘Äntwert op d‘Beschlagnahm vun der Grace1 ass.

Déi wichtegst Fro awer, ob an a wéi engem Ausmooss et zu engem Konflikt komme kann, léisst sech net mat Bestëmmtheet klären. Et dierft entscheedend sinn, wéi dem Donald Trump säi Wahlkampf verleeft. Mat senger leschter rassistescher a misogyner Provokatioun géint véier Demokratinne mat „Migratiounshannergrond“ brauch et nees eppes wat allen Amerikaner gefält.

mat indymedia/tlv/was

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Iran, persesche Golf, Strooss vun Hormuz, USA, USS Boxer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel