Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

18 äiskal Filmer, déi s de fir Chrëschtdag kucke kanns
International Neiegkeeten Sport

18 äiskal Filmer, déi s de fir Chrëschtdag kucke kanns

Dir kennt et all: D‘Feierdeeg sinn do, et hockt ee

Virtuell Realitéit an e-Sports: zu Munneref gouf engem villes gebueden
International Neiegkeeten Sport

Virtuell Realitéit an e-Sports: zu Munneref gouf engem villes gebueden

Et war schonn déi drëtt Editioun vun der „Luxembourg Gaming

CSV: dynamesch Ënnerstëtzung am internationale Beräich
International Neiegkeeten Sport

CSV: dynamesch Ënnerstëtzung am internationale Beräich

Um Mëttwoch Owend ass eng nei Presidentin fir déi international

Et ass sech op héijem Niveau ausenanergesat ginn

Karting franséischt Championnat: Zoe Knebler an den Top Ten

Et ass sech op héijem Niveau ausenanergesat ginn

Fir déi jonk Lëtzebuerger Pilotin Zoe Knebler, war de leschte Weekend – wéi soll ee soen – eppes duerchwuess. Wann dann awer seng Leeschtung insgesamt ze luewen ass, esou konnt ei jonk Damm um Enn net mat sech zefridde sinn.

Et huet awer och schonn en Donneschdeg domatter ugefaangen, datt op dëser fir d‘Zoe Knebler neier Rennstreck – den 1.200 Meter Lange Circuit Gabriel Thirouin zu Angerville (F) – de Setup sech net wollt fanne loossen. Et ass sech um Enn op d‘Erfahrung verlooss ginn, wat sech an der Qualifikatioun net bewäert huet. D‘Zoe huet sech misse mat der 12. beschter Zäit zefridde ginn.

Karting

Am renne selwer ass dann awer besser gelaf. Esou huet d‘Knetzel an der éischter Manche net laang gebraucht fir sech gutt op der 6. Plaz ze positionéieren, an hei huet et dann déi lescht Ronne genotzt fir sech op déi lescht Podiumsträppchen ze stellen. An der zweeter an drëtter Manche huet sech déi jonk Lëtzebuergerin am Mëttelfeld opgehalen, a sécherlech och eppes d‘Material geschount.

A wann et reent… da meeschtens riichteran

Et war een awer gutt motivéiert an déi dräi Final-Leef um Sonndeg konnte kommen. Seriéis Chance fir eng Podiumsplaz ze ergatteren, hat et um Pabeier net, mee et ass gewosst, datt d‘Zoe Knebler no vir kuckt, a mat Wier déi Lëtzebuerger Faarwen eich hält. Mee déi lokal Konkurrenz ass och net ze veruechten. D‘Doriane Pin, 2018 dat drëtt zu Lavilledieu, wollt dëst Joer endlech den Titel.

En Titel deen sech – ausser de Lëtzebuergerin – och nach d‘Madeline Boisson an d‘Léonie Claude uneegne wollten. An et ass net wëll et Dammen, datt géif lues gemaach ginn. Esou konnt ee sech um Sonndeg op zimlech vill Aktiounen astellen, a et sollt een och net enttäuscht ginn, ausser vum Wieder dat dem Abrëll – de bekanntlech mécht wat hie wëll – all Éier gemaach huet.

Karting

An der éischter Final war deem dann och esou, am mat „Slics“ op naasser Streck, wou d‘Zoe vun der 6. Startplaz an d‘Course gaangen ass, war eppes Gerangels ugesot. Näischt wat eis Pilotin impressionnéiert hätt, an esou konnt hat sech op déi véiert Plaz an der Arrivée freeën. Eng Freed déi net laang ugehalen huet, wéinst engem wackelege Spoiler a 5 Strofsekonne war d‘Resultat Plaz 6.

Dat muss een dann emol ewechstiechen

Bis zur 2. Final war de Problem mam Spoiler geléist, de Fokus op d‘Pist geriicht. Eng Pist allerdéngs déi nach rëtscheg war, wat och eng Rei „Accrochage“ mat sech bruecht huet. Et ass zimlech driwwer an drënner gaangen, d‘Zoe Knebler huet sech aus de geféierleche Situatiounen erausgehalen, mee konnt sech leider net ofsetzen. Mat Plaz 13 war et dann och net zefridden.

Dat lescht Rennen, also den drëtte Final-laf huet op dréchener Pist stattfonnt, an hei huet déi Lëtzebuerger Pilotin zimlech konstant seng Ronne gedréit an géint „Hallef-Course“ hat et sech op enger gudder fënnefter Plaz am Feld agereit. Dunn ass et eppes ruppeg zougaangen, an iert et sech ëmsinn hat, war d‘Zoe nees op der 9. Plaz ukomm. Am General ass et dann och déi néngt Plaz ginn.

Karting

Gewonnen hunn d‘Championnat: 1. Doriane Pin (300 Punkten) 2. Madeline Boisson (235 Punkten) an 3. Léonie Claude (223 Punkten). Als eenzeg Lëtzebuergerin huet d‘Zoe Knebler (Birel Art/Rotax) eis Landesfaarwe vertrueden. Emol méi huet eis dës jonk Damm gewisen, datt Asaz, Motivatioun a eng eenzegaarteg Equipp am Hannergrond, de Wee zum Erfolleg ass.

Ähnlech Sujeten Championnat de France, Franséisch Meeschterschaft, Karting, Zoé Knebler
Nächsten Artikel Virrechten Artikel