Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Summerlach: Nom „Casier-bis“ elo och nach de „Bommeleeër“
International Neiegkeeten WTF

Summerlach: Nom „Casier-bis“ elo och nach de „Bommeleeër“

D‘Land kënnt einfach net an d‘Summerpaus: do déi ominéis Affäre

„Casier-bis“ – Den oppene Bréif vun de Minister un d‘Press
International Neiegkeeten WTF

„Casier-bis“ – Den oppene Bréif vun de Minister un d‘Press

An hirem oppene Bréif un d’Lëtzebuerger Press, hunn de Justizminister,

Wéi gutt kenns du d’Lëtzebuergesch Literatur?
International Neiegkeeten WTF

Wéi gutt kenns du d’Lëtzebuergesch Literatur?

Déi éischte Kéier a ville Joren ass Lëtzebuerg erëm op

surprise

Op Missioun an Amerika

Op Missioun an Amerika

Den Ierfgroussherzog Guillaume an de Finanzminister Pierre Gramegna (DP) waren iwwert de Weekend an den USA, wou se un de Joresassembleeë vum Weltwährungsfong (IMF) an der Weltbank deel geholl hunn.

De wirtschaftleche Wuesstem huet sech weltwäit erholl, dat mat der Relance vun den Investitiounen, dem Austausch an der Stabiliséierung vun de Präisser beim Réimaterial. Och déi finanziell Konjunktur war insgesamt favorabel. Vill gutt Grënn also fir zouversiichtlech an d‘Zukunft ze kucken. An Hei gesäit den IMF dann och e globale Wuesstem deen 2017 bei 3,7% läit an sech 2018 favorabel sollt entwéckelen.

Missioun

Den Ierfgroussherzog Guillaume an de Pierre Gramegna haten eng Entrevue mam Christine Lagarde, Generaldirektesch vum IMF © Lëtzebuerger Ambassade zu Washington

Trotz enger gudder Prognose, hunn déi un der Assemblée bedeelegt Acteuren op d‘Risike vun der politescher Situatioun higewisen. Déi steigend Tendenz zum Protektionismus, den internationalen Terror an de Klimawandel sollten zur Virsiicht ermanen. Och en Thema, den Afloss vun der numerescher Revolutioun, d‘Entwécklung vun de Finanz-Technologien (FinTech) an d‘Virdeeler vun der nohalteger Finanz.

Wichteg Entrevuen

Nieft de Reunioune vum IMF, haten den Ierfgroussherzog an de Finanzminister eng Entrevue mam Dr. Jim Yong Kim, President vun der Weltbank, dem Frans Godts, Exekutiv-Direkter vun der Weltbank an dem Anthony de Lannoy, Exekutiv-Direkter vum Weltwährungsfong. Hei ass sech ënnert anerem iwwert d‘Entwécklung vun den zwou Institutiounen ënnerhale ginn.

Missioun

Den Ierfgroussherzog Guillaume an de Pierre Gramegna haten eng Entrevue mam Dr. Jim Yong Kim, President vun der Weltbank. © World Bank

Am Kader vun de bilaterale Relatiounen, huet sech de Pierre Gramegna och mat sengen Homologen aus Brasilien an dem Kasachstan getraff. Iwwert den Detail vun de Gespréicher am Marcello Estevão (Brasilien) an dem Bakhyt Sultanov (Kasachstan) war leider näischt gewuer ze ginn. En Aarbechtsgespréich mam Robert Leckow vum juristeschen Departement am IMF huet sech op d‘Dossieren zum FinTech bezunn. Hei wier et ëm d‘Méiglechkeete gaangen, fir déi international Zesummenaarbecht op reglementareschem Niveau ze stäerken.

Eppes ze gesi gouf et och

Et ass dann awer net nëmmen hanner zouen Dieren diskutéiert ginn. Den Ierfgroussherzog an de Finanzminister haten esou d‘Geleeënheet sech déi renomméiert Bibliothéik vum Kongress unzekucken. Hei ass iwwregens eng vun de gréissten a wichtegste Sammlunge vu Lëtzebuerger Bicher (ausserhalb vu Lëtzebuerg) doheem.

Missioun

Den Ierfgroussherzog Guillaume deposéiert eng Gerbe beim Monument vum onbekannten Zaldot um Kierfecht vun Arlington. © Lëtzebuerger Ambassade zu Washington

Besicht ginn ass och den allsäits bekannten National-Kierfecht vun Arlington. Hei huet den Ierfgroussherzog eng Gerbe, beim Monument vum onbekannten Zaldot a beim Monument zu éiere vun der Ardenneschluecht, néiergeluecht. E Geste zu Éieren vun den amerikaneschen Zaldoten déi fir d‘Befreiung vu Lëtzebuerg hiert Liewe ginn hunn.

Engem gudde Maufel net verschloss

Um Samschdeg war dann nach eng Receptioun mat uschléissendem Owesiessen op der Lëtzebuerger Ambassade op de Programm gesat ginn. Hei konnten sech den Ierfgroussherzog an de Finanzminister iwwert déi international Aktualitéit mat héichrangeg Gäscht ënnerhalen.

Missioun

Den Ierfgroussherzog Guillaume an de Pierre Gramegna deposéieren eng Gerbe beim Monument vun der Ardenneschluecht um Kierfecht zu Arlington. © Lëtzebuerger Ambassade zu Washington

Ageluede waren nieft der Generaldirektesch vum IMF, dem Christine Lagarde, och d‘CEO vun der Weltbank, d‘Kristalina Georgieva; de President vun der europäescher Investitiounsbank (BEI), de Werner Hoyer; den Direkter vum europäesche Stabilitéitsmechanissem (ESM), de Klaus Regling an d‘CEO vum consultative „Group to Assist the Poor“, d‘Greta Bull. Och hei war iwwert den Inhalt vun de Gespréicher näischt gewuer ze ginn.

Nach bis de 17. Oktober gëtt vun der Rees op Washington profitéiert, fir d‘Promotioun vun der Finanzplaz Lëtzebuerg ze maachen.

Ähnlech Sujeten Ierfgroussherzog, IMF, Pierre Gramegna, Washington, Weltbank
Nächsten Artikel Virrechten Artikel