Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Coronavirus am Altersheem
International Neiegkeeten

De Coronavirus am Altersheem

An engem vun de 15 Altersheemer déi vu Servior geréiert

Schlass Drachenburg – eng heemelesch Residenz mat magescher Ambiance
International Neiegkeeten

Schlass Drachenburg – eng heemelesch Residenz mat magescher Ambiance

Et ass d’Schlass Neuschwanstein beim Rhein: Drachenburg ass eng Mëschung

What the Fakt – Hanukkah als Fest vum Liichterwonner
International Neiegkeeten

What the Fakt – Hanukkah als Fest vum Liichterwonner

Et ass d’Zäit vun de Feierlechkeeten. Heibäi sollt een sech

Frankräich: Mann kritt op oppener Strooss de Kapp ofgeschloen

Frankräich: Mann kritt op oppener Strooss de Kapp ofgeschloen

E Freideg am Nomëtten ass ee Mann onwäit vun enger Schoul ugegraff an ëmbruecht ginn. Laut der Police wier dem Affer de Kapp ofgeschloe ginn. Den Täter ass wéineg méi Spéit der Police erschoss ginn. De franséische President huet sech nach um Owend op der Plaz ee Bild vun der Lag gemaach. Et gëllt als erwisen, datt et sech ëm eng reliéis motivéiert Dot handelt.

D‘Dot huet sech zu Conflans Saint-Honorine (nordwestlech vu Paräis), onwäit vun engem Lycée zougedroen. Beim Affer géif et sech ëm en Enseignant handelen, deen – esou zumindest d‘Ausso – seng Schüler am Kontext vun engem Cours iwwer Meenungsfräiheet, Mohammed-Karikature gewisen hunn. De President Emmanuel Macron huet d‘Dot als islameschen Uschlag bezeechent.

Kapp

Hie war zesumme mat anere Minister op der Plaz, wou hien zum Ausdrock bruecht huet: „Ee vun eise Matbierger ass brutal ëmbruecht ginn. Hien ass d‘Affer vun enger islamistesch terroristescher Attack“. De Staatschef huet verséchert, datt sech déi franséisch Natioun dem Obskurantismus géif entgéintstellen, fir seng Enseignanten ze Schützen an ze verdeedegen. „Ils ne passeront pas!…“

Wat zum Virfall gewosst ass

Kuerz viru 17 Auer huet déi kommunal Police d‘national Police informéiert, datt si eng männlech Persoun opfonnt hunn, där de Kapp ofgeschnidde ginn ass. Wéineg méi spéit war eng Unitéit vun der Antikriminalitéitsbrigad (BAC) op der Plaz. An der Nopeschgemeng, zu Eragny, beim „Bois d‘Aulne“ sinn dës Beamten op ee Mann gestouss, dee si bedreet an „Allah Akbar“ gebläert huet.

Dës jonk Persoun wier du mat engeMesse op d‘Police lassgaangen. Der Opfuerderung vun de Polizisten, d‘Waff falen ze loossen an sech ze stellen, ass de Mann net nokomm. Et koum dunn zu Schosswiessel, deen de bis dohinner „vermuttlechen“ Täter net sollt iwwerliewen. Bei dësem Mann, deen als Täter identifizéiert ass, handelt et sech ëm ee jonken Erwuessene vun 18 Joer (2002 zu Moskau gebuer). Laut der Police war dëse Mann net opfälleg.

Et ass och gewosst, datt d‘Dot op engem Twitter-Account revendiquéiert ginn ass. Dësen Account gouf séier gespaart. Laut der Police wier d‘Foto vum Affer, nodeems dësem de Kapp ofgeschloe gi war, an dësem Tweet verëffentlecht ginn. Den Auteur vum Tweet behaapt sech fir „Allah“ gerächt ze hunn. D‘Police enquêtéiert, op den Account dem Täter oder engem méigleche Kompliz gehéiert.

Wien ass d‘Affer a firwat

Bei der Persoun déi ëmbruecht ginn ass, handelt et sech ëm ee 47 järege Geschichtsproff. „Hien ass ëmbruecht gi well hien enseignéiert huet. Well hien de Schüler d‘Fräiheet sech auszedrécken enseignéiert huet. D‘Fräiheet ze gleewen an net ze gleewen“, esou den Emmanuel Macron, deen eng direkt Verbindung zur Polemik mécht, déi et an dësem Lycée virun der Dot soll ginn hunn.

Kapp

Esouwäit et iwwerdroe gouf, soll den Enseignant virun enger Woch senge Schüler Mohammed-Karikature gewisen hunn. Dat hätt an der Schoul zu eppes Gedauschs gefouert. Emotiounen déi sech dann och an der Gemeng „verbreet“ hunn. Et gëllt als erwisen, datt de Proff uschléissend zolidd bedreet ginn ass. Datt et zu esou enger Dot kéint kommen, wollt/konnt kee sech virstellen.

De „Virfall“ – also d‘Weise vu Mohammed-Karikaturen – soll och an der sozialen Netzwierker zimmlech héichgekacht gi sinn, wat zu weidere Spannung an der Gemeng an am schouleschen Ëmfeld gefouert huet. Fir de Generalsekretär vun der Gewerkschaft vun de Police-Kommissären, David Le Bars, ass mat dëser Dot eng nei Grenz iwwerschratt ginn. D‘Republik war d‘Zil…

Reliéise Fanatismus

Am Kontext vun der Dot an der begleedender Enquête, déi dem Antiterror-Parquet uvertraut ginn ass, si véier Persounen aus dem direkte Familljekrees vum Täter verhaft ginn. Wéi eng Roll si an dësem erwisenermoosse reliéis motivéierte Mord gespillt hunn, muss vun den Enquêteure gekläert ginn. Ënnert de Persounen déi d‘Police „matgeholl“ huet, befënnt sech och ee Mannerjäregen.

D‘Dot ass dann nach gëschter Owend op Twitter „politesch eestëmmeg denoncéiert“ ginn. Fir d‘Marine Le Pen, Presidentin vum rietspopulistesche „Rassemblement National“ eng gutt Geleeënheet sech un de Start ze bréngen: „Den Islam féiert ee krich géint eist Land, mir mussen dëse mat Gewalt aus dem Land verdreiwen“. Dat dierft elo net derzou bäidroen, datt sech d‘Gemidder, déi ëmmer erëm vun alle Säiten erhëtzt ginn, elo berouegen. Ganz am Géigendeel.

Kapp

Nach virun ee puer Woche war et zu Paräis, onwäit de fréiere Büroe vun der Redaktioun vun der Satirezeitung Charlie Hebdo, zu enger gläichfalls reliéis motivéierter Messerattack komm. Hei waren d‘Affer zwee Journalisten, déi vun engem (angeblech) 18 järege Flüchtling aus dem Pakistan ugegraff goufen. Et dierf ee sech elo och net wonneren, wann et zu Reaktioune kënnt…

mat indymedia/par

Illustratioun: Andres F.Uran / unsplash

Ähnlech Sujeten Attentat, Conflans Saint-Honorine, Frankräich, islameschen Terror, Mohammed-Karikaturen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel