Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

IDEA an d‘Logementskris: „et ass fir sech d‘Hoer auszeräissen“
Kultur Neiegkeeten

professionals dating sites uk

Déi lénk huet sech mat enger Etüd vun der Denkfabrick

https://moien.lu/sinaloa-dating-site/
COP23: déi lénk vu Lëtzebuerger Regierung net iwwerzeegt
Kultur Neiegkeeten

COP23: déi lénk vu Lëtzebuerger Regierung net iwwerzeegt

Och déi lénk stellt fest, datt bei der 23. Weltklimakonferenz

Europawahlen 2019: Iwwerzeegten Demokraten
Kultur Neiegkeeten

Europawahlen 2019: Iwwerzeegten Demokraten

Europa geet et net esou gutt, an dat ass net

Open Air Konschtfestival zu Lellgen op Nationalfeierdag

Konscht mat alle Sënner erliewe steet den 23. Juni zu Lellgen um Programm

Open Air Konschtfestival zu Lellgen op Nationalfeierdag

D’Open Air Konstfestival A.s.b.l. luet den 23. Juni 2019 op déi 29. Editioun vun hirem Konschtfestival an. Dëse Festival zu Lellgen an der Gemeng Kiischpelt ass mëttlerweil iwwer d’Grenze vum Groussherzogtum eraus bekannt an ee Begrëff an der Kënschtlerzeen a bei alle Konschtintresséierten.

Zwar sinn eng Rei Ausstellunge virdrun an duerno, ma den Nationalfeierdag als Highlight vum Festival bréngt eemol am Joer d’Leit zu Lellgen zesummen a verwandelt dëst klengt Dierfchen an eng fantastesch Konschtgalerie ënner fräiem Himmel. Nieft engem Live-Concours, Stroossenanimatiounen an enger Rei Ausstellunge ginn och Ateliere fir Jonker vu 6 bis 19 Joer ugebueden.

Open Air Konschtfestival Lellgen Konstfestival

© konstfestival.lu

Live-Concours: De Publikum an der Roll vum Jury

Ronn 100 Kënschtler huelen um Live-Concours deel a bidden de Leit d’Méiglechkeet, hinne bei der Aarbecht iwwer d’Schëller ze kucken. D’Jury an dësem Concours, dee mat interessante Präisgelder, der Coupe “Kiischpelter Lohrblumm”, souwéi dem “Prix de la commune” dotéiert ass, ass de Besicher selwer, deen iwwert seng Favoritte bestëmme kann.

Stroossenanimatioun

Akrobaten, Stroossentheater, Stelzegänger a Komiker, op fräi ronderëm oder op der Bühn, beliewen d’Stroossen a begleeden d’Besicher op hirem Wee duerch d’Duerf. D’Companie Car o Chieno, Terra’s Trots, Classic Rallye Ride, Sau’rus trio, GALiRò, Ensemble Croft an eng ganz Rei aner Spektakele suerge fir eng ofwiesslungsräich Animatioun an de Lellger Stroossen.

Live-Museksgruppen, wéi The Busquitos, Saxdennis a MayB2 ënnermolen déi kënschtleresch Aktivitéite mat Musek vu besonnescher Zort. Vun Jazz iwwer Folklor bis hin zu verréckt verkleete Bands a Bloskapellen ass zu Lellgen alles dobäi.

Open Air Konschtfestival Lellgen Konstfestival

© konstfestival.lu

Breet gefächert Ausstellungen

Op de verschiddenste Plazen am Duerf sinn Ausstellungen ze besichen. Dobäi kann een ënner anerem d’Wierker vum Emil Antony, Rose Antony, Deborah Georg, Corinne Goetz, Marina Herber, Assy Jans, Serge Koch, Martine Marcelet, Paul Morag, Thea Peschon, Isabelle Pirson, Ingo Schandeler, Jessica Theis, Zahrée Veerman, Konscht am Gronn an dem Lëlljer Gaart gesinn. Déi renomméiert Kënschtler Margot Reding-Schroeder a Raymond Petit, déi sech zu Kiischpelt installéiert hunn, maachen iwwerdeems hir Ateliere fir de Visiteur op. Donieft gëtt et dëst Joer eng grouss Fräiliicht-Ausstellung mat Fotoen aus den Naturparken Our an Uewersauer.

D’Ausstellungen am Duerf sinn nieft dem 23. Juni och nach e Sonndeg, de 16. Juni vun 14:00 bis 17:00 Auer, souwéi e Samschdeg, den 29. Juni vu 16:00 bis 19:00 Auer an op Ufro fir de Public op.

Open Air Konschtfestival Lellgen Konstfestival

© konstfestival.lu

Art Academy

A professionell begleete Konschtateliere kënne Kanner a Jonker vu 6 bis 19 Joer an engem spaasserfëllten Ëmfeld e Wierk erstellen an um Art Academy Concours vum Konschtfestival deelhuelen. Encadréiert ginn dës Ateliere mat den Theme Molerei, Skulptur, Graffiti a Karikatur-Cartoon vun den Artisten isabelle Pirson, Florence Hoffmann, Daniel Mac Lloyd, Ingo Schandeler a Christophe Poissonnier. Méi Informatiounen an Umeldung op konstfestival.lu.

Nieft de professionell begleete Konschtateliere gëtt mat Kids Academy speziell fir déi méi kleng Kanner och eppes ugebueden. Heibäi handelt et sech ëm encadréiert Aktivitéiten ouni Umeldung. Déi kleng Kënschtler sinn ëmmer mat Begeeschterung um Wierk a sou munch Erwuessene staunt dobäi net schlecht iwwer d’Kreativitéit vu sengem Nowuess.

Weider Informatioune fënnt een op hirem Site.

Opmaacherfoto: konstfestival.lu

Ähnlech Sujeten Konscht, Konschtfestival, Konstfestival, Lellgen, Open Air
Nächsten Artikel Virrechten Artikel