What the Fakt – D’Geschicht vun der éischter Häerztransplantatioun
Haut viru 51 Joer huet d’Medezin een enorme Fortschrëtt gefeiert.
D‘ASTI invitéiert all interesséiert Persounen, sech un de Gespréichsdëscher a
Um haidege Samschdegowend sollen déi italienesch Deputéiert, der Regierung d‘Vertrauen
Am Kader vun der Open-Data Strategie vun der Lëtzebuerger Regierung leet d’Nationalbibliothéik an eiser Haaptstad seng Donnéeën oppe fir a mécht se jiddwerengem zougänglech um neien Internetsite.
Ab elo kann all Bierger hei Daten eroflueden a se fräi notzen. D’Oppeleeung vun den Donnéeë vun der BnL viséiert dobäi verschidde Beruffsgruppen (Daten-Wëssenschaftler, Historiker, Linguisten, Entwéckler,…) un a schaaft eng Synergie um Niveau vun de Bibliothéiken.
Wisou leet d’Bibliothéik hir Daten oppen?
Als Infrastruktur vum Wësse muss de BnL den Accès op sämtlech Inhalter garantéieren. Déi Digital Ära vereinfacht dobäi den Zougang zu den Informatiounen an offréiert sou zu all Zäit qualitativ an technologesch Donnéeën, déi un déi nei Bedierfnisser vun de verschiddene Beruffsgruppen ugepasst sinn.
Dëse Schrëtt vereinfacht d’Recherche, vergréissert Transparenz vun den ëffentlechen Informatiounen a motivéiert d’Bierger aktiv un der Verbreedung vu Wëssen deel ze huelen. Jiddwereen ass fräigestallt, domat nei Applikatiounen ze entwéckelen, se ze komplettéieren oder mat aneren Informatiounsquellen ze verbannen.
Wat fënnt ee genau um Site?
Op der Internetsäit www.data.bnl.lu kënnen d’Bierger qualitativ Daten a Metadaten, mat enger Gréisst vun 250 MB bis 257 GB, eroflueden. D’Informatiounen hu verschidden Notzungsniveauen, déi vun den einfachsten Entwécklungen (z. B. Automatesch Bilderkennung) bis hin zu kënschtlechen neuronale Reseaue ginn.
D’BnL offréiert awer och Interfacë vun der Programmatioun vun Applikatiounen (API) an divers Webservicer déi Metadate vum Katalog vun der BnL préiwen an recuperéieren. Tâchen automatiséieren an nei Applikatiounen erstellen.
Dese Service gëtt och um Site data.public.lu vun der Lëtzebuerger Regierung, Partner vun der BnL ugebueden.