Search

You may also like

Zeréck op Lëtzebuerg, esoulaang et nach méiglech ass!
Meenung Neiegkeeten

Zeréck op Lëtzebuerg, esoulaang et nach méiglech ass!

Nodeems de Lëtzebuerger Ausseministère gëschter virun onnéidegen Auslandsreesen ofgeroden huet,

Stroumausfall zu Esch – CHEM involvéiert awer net betraff
Meenung Neiegkeeten

Stroumausfall zu Esch – CHEM involvéiert awer net betraff

An der Süd-Metropol Esch-Uelzecht ass et um Méindegnomëtten zu engem

GEWËNNSPILL 2020: Signéiert Bicher waarden op Iech!
Meenung Neiegkeeten

GEWËNNSPILL 2020: Signéiert Bicher waarden op Iech!

Dir sidd, bedéngt duerch de Confinement vu Langweil geplot? Mir

D’Piraten zu OpenLux: D’Regierung wëll wuel keng Verbesserung

D’Piraten zu OpenLux: D’Regierung wëll wuel keng Verbesserung

Als Reaktioun op d’OpenLux-Enquête fuerderen d’Piraten eng Transparenzsteigerung am lëtzebuergesche Finanzsecteur. Rezent journalistesch Recherche hu Lëtzebuerg alt nees eng Kéier mat Praktiken zur “Steieroptimiséierung”, voire Steiervermeidung, an Zesummenhang bruecht.

Als Reaktioun betount d’Regierung an engem Communiqué, d’Lëtzebuerger Gesetzgebung wär a vollem Aklang mat allen internationalen an EU-Virschrëften esou wéi Transparenzstandards an et géifen och ausnamslos all d’EU- an international Moossnamen zum Informatiounsaustausch a Steierfroen an zur Bekämpfung vu Steiermëssbrauch a Steiervermeidung ugewend ginn.

Mat dëser Reaktioun weist d’Regierung net nëmmen, dass si un enger Verbesserung vun der Situatioun kengeswees interesséiert ass, mee werft och d’Fro op, ob alles wat legal méiglech ass, och gerecht ass.

Souguer wa Lëtzebuerg grousse Multinationale just op legale Weeër bei der Steieroptimiséierung hëlleft, heescht dat net, dass Lëtzebuerg op dës Aart a Weis net awer aner Länner Milliounen oder souguer Milliarden u Steierrecette kascht, déi an dëse Länner fir d’Allgemengheet hätte kéinten agesat ginn.

„Wann d’Regierung wëll, dass d’Lëtzebuerger Finanzplaz endlech net méi mat Geldwäsch a Steierhannerzéiung a Verbindung bruecht gëtt, da geet et net duer, ze soen, dass ee sech un d’Reegelen hält, da muss een dat och beweisen – an da muss ee mat de Geheimnisser an der Intransparenz, déi d’lëtzebuergesch Finanzplaz ëmmer nach dominéieren, opraumen. Grad e Mangel un Transparenz féiert zu esou Artikelen wéi dem OpenLux an dofir brauche mer éischter méi Transparenz bei Firmekonstrukter ewéi manner“, sou de Starsky Flor,Spriecher vun de PIRATEN.

Et war e wichtege Schrëtt, en ëffentlech zougängleche Registre des Bénéficiaires effectifs (RBE) anzeféieren an d’Pirate géifen sech och wënschen, dass Europa hei dem lëtzebuergesche Beispill nokënnt, an ähnlech käschtefräi Systemer en place setzt. Mee dat eleng geet net duer.

„Et geet net duer just ze dokumentéieren, mir mussen och dru schaffen de Contrôle vun den Informatioune méi einfach an effikass ze maachen“, sou de Sven Clement, Deputéierten vun de PIRATEN.

Lëtzebuerg brauch eng gerecht Steierpolitik mat transparente Virgaben a Kontrollen, eng Finanzplaz, déi modern an zugläich fair ass.

Matgedeelt vun der Pirate-Partei

Opmaacherbild: © Marten Bjork / Unsplash

Related topics OPENLUX, Piraten, Regierung, Starsky Flor, Steiermëssbrauch, Sven Clement, Transparenz, Verbesserung
Next post Previous post