Search

You may also like

D’Spëtzt vum Äisbierg ofbrieche geet net duer, fir d’Grondrecht op Wunnen zu Lëtzebuerg anzeléisen
Neiegkeeten

D’Spëtzt vum Äisbierg ofbrieche geet net duer, fir d’Grondrecht op Wunnen zu Lëtzebuerg anzeléisen

D’Konsequenze vun ongebremste Buedem- an Immobiliespektulatiounen zu Lëtzebuerg si säit

What the Fakt – De Weltdag vun de Mierer
Neiegkeeten

What the Fakt – De Weltdag vun de Mierer

Den haitegen 8. Juni steet ganz am Zeeche vun eise

Planning Familial: Méi Affer vu sexuellem Mëssbrauch, oft am familiären Ëmkrees
Neiegkeeten

Planning Familial: Méi Affer vu sexuellem Mëssbrauch, oft am familiären Ëmkrees

A sengem Rapport vun 2019 weist de Planning Familial ganz

Opgepasst: D’Eecheprëssessiounspënner sinn nees ënnerwee!

Opgepasst: D’Eecheprëssessiounspënner sinn nees ënnerwee!

Den Eecheprëssessiounspënner (Thaumetopoea processionea) breet sech säit e puer Joer och zu Lëtzebuerg aus a besidelt verstäerkt Erhuelungs- a Siddlungsberäicher vum Mënsch. D’Larve vun dëser Päiperleksaart befale, wéi et den Numm scho verréit, haaptsächlech Eechen a stellen eng grouss Gefor fir déi mënschlech Gesondheet, sou wéi och d’Gesondheet vun eisen Déieren duer.

Duerch d’Brennhoer vun de Raupen, déi sech ab dem drëtte Larvestadium entwéckelen, besteet dat gesondheetsschiedlecht Potential fir Mënsch an Déier. D’Gëft Thaumetopoein kann nämlech allergesch Reaktiounen ausléisen, duerch déi een un onangenehmem Bass, sou wéi Hautentzündunge leide kann. Donieft kënnen och d’Otemweeër an d’Ae gereiztst ginn.

D’Unzuel vun de Brennhoer hëlt an all Larvestadium zou. Si fale liicht vun de Raupen erof an esou kann hir Ausbreedung och duerch d’Loft méiglech sinn. Soumat ass den direkte Kontakt mat der Raup.,mee och d’Ausbreedung vu sengen Hoer geféierlech.

Eechenprozessiounsspinner

© Céline Salcher

Bei Kontakt mat de Brennhoer gëtt geroden sech direkt ofzeduschen an d’Kleedung ze wäschen. Bei méi staarke Reaktioune sollt ee bei den Dokter goen.

Fir d’Bierger iwwert den Eecheprëssessiounspënner opzeklären, ass am Joer 2017, an Zesummenaarbecht tëscht dem Gesondheetsministère an dem deemolege Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastruktur eng Informatiounsbroschür erstallt ginn. Hei kritt een Detailer zur Biologie vun der Raup, sou wéi zu de Geforen, déi vum Déier ausginn. Donieft ginn natierlech och d’Precautiouns- a Schutzmoossnamen opgezielt.

Dës Broschür ass op Däitsch a Franséich bei der Naturverwaltung ze kréien, oder iwwert www.emwelt.lu oder www.sante.lu erofzelueden. Passt also op Iech an är Hausdéieren op!

Related topics Brennhoer, Eechenprozessiounsspinner, Eecheprëssessiounspënner, Ëmwelt, Gefor, Gëfteg, Gesondheetsministère, Natur, Raupen
Next post Previous post