Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU: Eng ganz Partie Länner wëllen um Budget vun der PAC festhalen
understand hookup culture

EU: Eng ganz Partie Länner wëllen um Budget vun der PAC festhalen

Si sinn zu hirer 20, dorënner Frankräich, déi sech e

bases of dating wiki
understand hookup culture

What the Fakt – De Jangeli rullt!

Vum 17. Februar 1882 un ass de „Jangeli“ iwwer 70

Petitioun fir Motorrieder am Stau
understand hookup culture

Petitioun fir Motorrieder am Stau

Wäert et deemnächst fir Motorrieder erlaabt sinn, bei engem Stau

Opgepasst: Virun Héichwaasser gëtt gewarnt !

Opgepasst: Virun Héichwaasser gëtt gewarnt !

Ugesicht den aktuelle Wiederkonditiounen, muss uechtert d‘Land mat Héichwaasser an Iwwerschwemmunge gerechent ginn. Laut den zoustännegen Autoritéiten ass d‘Lag wuel nach ënner Kontroll, et gëtt de Leit awer geroden, sech vun de bekannte Plazen ewechzehalen.

Wou et gëllt uecht ze dinn a wou ee gutt beroden ass ewech ze bleiwen, dat alles kann een am Detail op www.inondations.lu nokucken. Hei ginn och stänneg d‘Waasserpegel vu: Musel, Sauer, Uelzecht a Kuer aktualiséiert.

De Nidderschlag dee sech mam Stuermdéif Eleonor ugekënnegt hat, huet sech glécklecherweis a Grenze gehalen. Op der Attert, zu Ettelbréck an Dikrech ass d‘Lag dann awer ugespaant, an et ka bis de Weekend net vun Entwarnung rieds goen.

HéichwaasserOp der Musel, wou de Pegel och vun der Schnéischmëlz an dem Nidderschlag aus de Vogesen an Loutrengen ofhängeg ass, dierft op der Referenzstatioun Stadbriedemes e Waasserstand vu fënnef Meter erreecht sinn. Ab engem Pegel vu siwe Meter sollt een d‘Stiwwele bei Hand hunn.

Ëmmer mat derbäi, de Réiserbann an d‘Gemeng Hesper. Hei si schonn eng ganz Rëtsch Vëlosweeër betraff, während d‘Iwwerschwemmung vun de Felder eigentlech e gewinnte Bild ass. Hei ass een dann och gutt beroden sech net aus Virwëtz selwer a Gefor ze bréngen.

Ähnlech Sujeten Héichwaasser, Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel