Search

You may also like

Sozialwahlen 2019: …et muss sech nach eppes gedëllegt ginn
Neiegkeeten

Sozialwahlen 2019: …et muss sech nach eppes gedëllegt ginn

Gëschter hunn d‘Salariéeën hir Personaldelegéiert an d‘Vertrieder fir Salariatskummer gewielt,

Vill mam Bus ënnerwee? Dann ass dee Quiz hei eppes fir dech!
Neiegkeeten

Vill mam Bus ënnerwee? Dann ass dee Quiz hei eppes fir dech!

[onionbuzz quiz-id=199][/onionbuzz] Et ginn net grad wéineg Buslinnen am Land.

Vëlospist an Trottoir op der Passerelle „Al Bréck“gespaart
Neiegkeeten

Vëlospist an Trottoir op der Passerelle „Al Bréck“gespaart

Wëll et nach net genuch Chantieren zu Lëtzebuerg ginn kënnt

OPGEPASST: Eventuell Kolibakterien an dëse Kéiszorte vu LE LARRY a BONI

OPGEPASST: Eventuell Kolibakterien an dëse Kéiszorte vu LE LARRY a BONI

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt am Bio-Nature-Chèvre an a Bio-Kraiderkéis vun der Mark Le Larry, wéi och dem Bio-Natur-Chèvre vun der Mark Boni eventuell Kolibakterien dra sinn.

D’Kéiszorte goufen aus der Vente geholl. Et kann awer net ausgeschloss ginn, datt een Deel vun de Produite scho verkaaft ginn ass. Den E. coli STEC kann och eng Woch no der Consommatioun zur Liewensmëttelvergëftung féieren. Symptomer sinn ënnert anerem Iwwelzegkeet, intestinal Problemer oder och Krämp. Bei Kanner, geschwächten an eelere Persoune kënnen dës Symptomer souguer méi schlëmm ausfalen. Huet een de Produit zou sech geholl a weist Unzeechen op sollt een direkt een Dokter opsichen.

No der Matdeelung vun de Societéiten Deli Traiteur, Delhaize a Colruyt gëtt gerode folgend Produiten net méi zou sech ze huelen:

  • Numm: Bio Crottin Nature
  • Mark: Le Larry
  • Unitéit: 125 g
  • Nummer: 2006401
    • Halbarkeetsdatum: 27.02.20202, 01.03.2020, 03.03.2020
  • Nummer: 2007101
    • Halbarkeetsdatum: 01.03.2020, 02.03.2020, 03.03.2020, 05.03.2020, 06.03.2020, 07.03.2020
  • Nummer: 2007201
    • Halbarkeetsdatum: 03.03.2020E. Coli

  • Numm: Crottin aux Herbes Bio
  • Mark: Le Larry
  • Unitéit: 125 g
  • Nummer: 2007101
  • Halbarkeetsdatum: 02.03.2020, 05.05.2020, 07.03.2020E. Coli

  • Numm: Fromage de Chèvre Bio Nature
  • Mark: Boni
  • Unitéit: 125 g
  • Nummer: 2006401
    • Halbarkeetsdatum: 03.03.2020
  • Nummer: 2007101
    • Halbarkeetsdatum: 05.03.2020E. Coli

Related topics Bio Crottin Nature, Boni, Colruyt, Crottin aux Herbes Bio, Delhaize, Deli, E. Coli, Fromage de Chèvre Bio Nature, Le Larry, Liewensmëttelsécherheet
Next post Previous post