Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi amerikanesch Haushaltsspär: „Shutdown!“ (erkläert)
Neiegkeeten

Déi amerikanesch Haushaltsspär: „Shutdown!“ (erkläert)

Et vergeet kaum e Joer wou an den USA d‘Bedreeung

15 Doudeger bei Fligerofstuerz am Kasachstan
Neiegkeeten

15 Doudeger bei Fligerofstuerz am Kasachstan

Onmëttelbar nom Start vum Fluchhafen zu Almaty, ass d‘Fokker 100

Analys: D‘Industrienatioun Däitschland kann alles, ausser Internet
Neiegkeeten

Analys: D‘Industrienatioun Däitschland kann alles, ausser Internet

Exportweltmeeschter, Industrienatioun an eng helle Wull u gescheite Käpp. Esou

Opgepasst: Saisonsbedingte Wëldwiessel!

Opgepasst: Saisonsbedingte Wëldwiessel!

De Fall gesat et wier iech entgaangen: wëll Déieren halen sech net un de Code de la Route, kënne keng Schëlter a kucken och net lénks a riets, iert se op oder iwwert d‘Strooss lafen. Dat weess een och bei der Stroossebauverwaltung (Ponts & Chausées), an et gëtt sech Gedanke gemaach…

Besonnesch am Hiecht, ass dëse Phenomen opfälleg. Et gëtt owes fréi däischter, d‘Juegd ass op an wéinst dem Wieder (Niwwel, Gefisems oder Reen) gesäit de Chauffeur d‘Déieren nëmme ganz schlecht. Ëm dës Joreszäit sinn Accidenter mat Wëld, eppes méi heefeg, an dësem Problem wëll sech d‘Verwaltung unhuelen. Mee net dat dir elo mengt, et wier bis ewell näischt geschitt.

Eng allgemeng zefriddestellend Léisung ass nach a kengem Land fonnt ginn, an esou kopéiert och Lëtzebuerg déi Moossnamen déi iergendwéi funktionéieren. Et geet een och eege Weeër, wéi dat beispillsweis mat engem Experiment 2014 de Fall war. Déi rout Reflekteren, déi d‘Déiere sollten „zréckweisen“ goufen duerch Modeller ersat, déi e blot Liicht ofginn, wat vum Wëld erkannt gëtt.

Esou goufen op e puer Stroossen (Fëschbech – Weier an Hiefenech – Guedber) dëser Këschten opgestallt. Laut der Verwaltung konnt eng statistesch Baisse vun den Accidenter net festgestallt ginn. Déi Regional Déngschter, d‘Fierschter an d‘Jeeër, hunn hirersäits bei ënnerschiddleche Strecke positiv Effeten notéiert an d‘Këschte gi weider opgestallt.

Bei „blo“ bleiwen d‘Déiere stoen

De Prinzip vun dëse Reflekteren ass denkbar einfach. D‘Luucht vum Auto gëtt an enger Aart a Weis reflektéiert, datt sech Déier d‘Illusioun vun enger Heck oder enger Barrière mécht, wat verhënnert, datt et einfach riicht weider leeft. Laut Stroossebauverwaltung, reagéiere besonnesch déi „pelzeg“ Béischte ganz gutt drop. D‘Këschte sinn zudeem eng präiswäert a liicht opzeriichten.

Wichteg fir eis Déierefrënn: dës sougenannte „preventiv Reflekteren“ stéieren den Wëldwiessel net, mee d‘Sécherheet gëtt – esouwuel fir d‘Chauffeuren, wéi och fir d‘Wëld – enorm verbessert. An et ass net déi Mesure déi genotzt gëtt fir de Wëldwiessel ze securiséieren. Och d‘Passerellen déi sech iwwert déi grouss Stroossen erstrecken, sécheren dem Wëld e Passage vun engem zum anere Bësch.

Elo sinn dat natierlech punktuell Moossnamen, an et kann net all Kilometer Strooss esou geséchert ginn, datt d‘Wëld an d‘Gefierer ëmmer laanscht enaner kommen. Dofir heescht et och, seng Vitesse ëmmer de Wiederkonditiounen unzepassen. Sollt een an de Fall geroden, datt een d‘Réi oder soss e Bëschbewunner ze pake kritt, muss de Virfall bei der Police gemellt ginn.

Ähnlech Sujeten Ponts et Chaussées, Reflekteren, Stroossebauverwaltung, Verkéierssécherheet, Wëldwiessel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel