Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU-Ausseministersommet zu Iran a Libyen
Meenung Neiegkeeten

EU-Ausseministersommet zu Iran a Libyen

Beim Sommet vun den Ausseminister stoung eng grouss Fro am

„Looss alles eraus“ – Danz a Rap als Form vun Therapie
Meenung Neiegkeeten

„Looss alles eraus“ – Danz a Rap als Form vun Therapie

Wien eng zweet Editioun organiséiert, dee muss och un eng

Dës Manga-Zeechnerin enthüllt d’Geheimnisser vum Ischpelter Schlass fir dech
Meenung Neiegkeeten

Dës Manga-Zeechnerin enthüllt d’Geheimnisser vum Ischpelter Schlass fir dech

Et ass nach guer net esou laang hier, do wousst

Oppene Bréif vum Astrid Lulling: 35 Joer SCHENGEN

Oppene Bréif vum Astrid Lulling: 35 Joer SCHENGEN

Als laangjäreg Europadeputéiert (34 Joer) hunn ech mech immens gefreet, datt um 14. Juni, dem 35. Joresdag d’Ënnerzeechnung vum Schengener Ofkommes bei enger Feierstonn zu Schengen zelebréiert ginn ass.

Et gouf natierlech wéinst Corona just ee symboleschen Akt mat dem därzäitege Buergermeeschter Michel Gloden,dem deemolegen Ënnerzeechner fir Lëtzebuerg Robert Goebbels am dem aktuelle Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn.

An normalen Zäiten hätt et sécher eng grouss Feier zu Schengen ginn, bei där ech, mat oder ouni Invitatioun, present gewiescht wier, wëll ech als Member vum Europäesche Parlament dëst Ofkommes no 1989 dauernd géint déi deemoleg Kollegen aus anere Fraktioune verdeedege misst an elo nach houfreg dorop sinn, datt mir de vollkommenen Ofbau vun de Grenzkontrollen am Schengen Raum erreechen an dëst am aktuellen EU-Vertrag verankere konnten.

Mam deemolege Buergermeeschter vun der Gemeng, dem Fernand Weber (1982-1999), hat ech enke Kontakt. Ech hunn hie reegelméisseg zu Stroossbuerg am Europäesche Parlament empfaangen, och mat Visiteursgruppen aus senger Gemeng, wëll et vill Iwwerzeegungsaarbecht ze leeschte gouf, bei där ech hien ënnerstëtze konnt.

Ech hu mech deemools ëmmer gefrot, wéi hien et als Buergermeeschter vun enger esou klenger Gemeng, dee fir säin Akommes eng Beruffsaarbecht huet missen ausüben, esou vill Zäit a Kraaft an déi wierklech, praktesch Realisatioun vun de fräie Grenzen investéiere konnt.

Entscheedend war net just d’Ënnerzeechnung vum Ofkommes um Niveau vun der Regierung. D’Mënschen an der Regioun missten iwwerzeegt, jo begeeschtert ginn. Dozou ware Lokalpolitiker, wéi de Fernand Weber onverzichtbar. Dofir dierfe si, och bei engem just symboleschen Akt, net ignoréiert ginn.

Dat wëll ech mat dësem oppene Bréif verhënneren. Dank a Bravo un de Fernand WEBER fir seng Verdéngschter als Schengener Buergermeeschter an den entscheedende Joer vun der Realisatioun vun den oppene Grenzen am SCHENGEN RAUM, déi méi, méi wéi jeemools virun, verdeedege mussen.

Matgedeelt vum Astrid LULLING, Europadeputéiert vu 1965-1974 a vun 1989-2014

Opmaacherbild: © Shari Pleimelding / moien.lu

Ähnlech Sujeten Astrid Lulling, Buergermeeschter, Fernand Weber, Jean Asselborn, Merci, Oppe Grenzen, Oppene Bréif, Schengener Ofkommes
Nächsten Artikel Virrechten Artikel