Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Leeft den Donald Trump nieft der Spur?
Meenung Neiegkeeten

Leeft den Donald Trump nieft der Spur?

Alles kann ee mat engem US-President dann awer net maachen.

Coronavirus: Italien ass Spärzon!
Meenung Neiegkeeten

Coronavirus: Italien ass Spärzon!

Et vergeet keen Dag méi, ouni datt et am Kontext

Dieselgate: Schwiereg Kooperatioun tëscht Däitschland a Frankräich
Meenung Neiegkeeten

Dieselgate: Schwiereg Kooperatioun tëscht Däitschland a Frankräich

Fir déi franséisch Riichter, déi den Optrag hunn iwwert d‘Gefuddels

Oppene Bréif: Altersheemer a Spideeler mussen nees e Besuchsrecht kréien

Oppene Bréif: Altersheemer a Spideeler mussen nees e Besuchsrecht kréien

Madamm Minister Lenert, Madamm Minister Cahen, Dir Dammen an Häre vun der Regierung, Dir Dammen an Häre vun der FHL;

D’Patiente Vertriedung Asbl freet sech, dass eis Fuerderung no engem Begleetrecht, wann een um Stierwe läit Rechnung gedroen an deementspriechend ëmgesat gouf. Genau wei och ons Fuerderung, datt bei der Gebuert de Partner dierf dobäi sinn. An der Maternité ass d’Besuchsrecht och scho gelackert gi.

Mir erlaben ons op eng weider Fuerderung aus onsem éischten oppene Bréif zréckzekommen, an dat ass d’Fuerderung no enger klorer an transparenter Reegelung fir all Haus an all Spidol, datt Patienten an Bewunner erëm dierfe Besuch vun hire Léifsten a Familljen empfänken.

D’Patiente Vertriedung Asbl gëtt all Dag vu Mënsche kontaktéiert, déi hier Familljemembere säit Wochen net méi gesinn hunn. Dëst ass fir béid Säiten eng ganz schwéier Situatioun. Et ass och fir déi mental Gesondheet vun den betraffene Leit net fërderlech wann se hier Famill esou laang net méi gesinn.

Et ass eis bewosst, dass et net einfach ass, Reegelungen opzestellen déi jidderengem gerecht ginn an och d’Sécherheet vu jidderengem mat abezéien, mir appelléieren awer un Äert Versteesdemech fir all déi Bewunner an Patienten, déi eleng musse bleiwen, ouni den Zousproch an den Réckhalt vun hire Familljen, eng Situatioun déi nëmme schwéier ze erdroen ass.

Net nëmme fir d’Patienten an d’Bewunner ass et eng schwiereg Situatioun, mee och fir d’Famillje selwer, wëll si sech hëlleflos fillen an d’Gefill hunn hir Léifsten am Stach ze loossen.

Datt zu enger Zäit wou et iwwerall un Schutzausrëschtung gefeelt huet, d’Besuchsrecht ageschränkt ginn ass, mécht an eisen An ganz vill Sënn. Déi Penurie besteet eises Wëssen elo awer net méi. Och sinn d‘Zuele vun Neiinfektiounen hei am Land jo mëttlerweil op engem ganz nidderegen Niveau. Geschäfter sinn erëm op, ab dëser Woch dierf een sech erëm ob eng Terrasse setze goen, an ab dem Weekend an de Restaurant.

Dat sinn Moossnamen déi fir den Pleséier fir d’Leit jo schéin a gutt sinn, mee mir als Patiente Vertriedung Asbl fuerderen, dass och grad elo ee Wee muss fonnt ginn, fir datt een seng Famill am Spidol oder am Altersheim erëm dierf besiche goen.

Bis dato ass dës Kris gutt gemeeschtert ginn, dank Ärem, Madamm Minister Lenert an der Regierung, hirem onermiddlechen Asaz.

Mee hei geet et em dat psychescht Wuelbefanne vu ville Leit, an wou muss verhënnert ginn, datt se mental ofbauen doduerch dass se kee Kontakt méi zur Aussewelt hunn. Natierlech muss dat Besuchsrecht déi néideg Mesuren a Virsiichtsmoossnamen anhale fir déi vulnerabel Leit weider ze schützen.

Dofir d’Fuerderung vun der Patiente Vertriedung Asbl, dass och fir Klinicken, d’Altersheemer an och Strukture fir Leit mat engem Handicap, elo eng Lackerung vun den Mesure muss komme fir do och deene Leit erëm ee Recht ob Kontakter mat hire Léifsten ze erlaben!

Matgedeelt vun de Patiente Vertriedung Asbl (28. Mee)

Illustratioun: © National Cancer Institute / unsplash

Ähnlech Sujeten Altersheem, Besuchsrecht, Oppene Bréif, Patiente Vertriedung Asbl, Regierung, Spidol
Nächsten Artikel Virrechten Artikel