Kenyatta Leader vun onduerchsichtege Walen am Kenia
Obwuel d‘Resultater nach provisoresch sinn, huet um Mëttwoch d‘Oppositioun am
Obwuel d‘Resultater nach provisoresch sinn, huet um Mëttwoch d‘Oppositioun am
Gëschter Owend huet de Gesondheetsministère seng Retrospektive zu den neien
Also datt déi polnesch konservativ a „liicht“ rietslaaschteg PiS-Regierung alles
Här Meisch,
Mir sinn e Grupp u Persoune vum Facebook-Grupp „Covid in Schools – Luxembourg“, dee scho méi wéi 1.000 Memberen an enger Woch gewanne konnt.
Mir adresséieren eis un Iech an der Hoffnung, datt Dir ob eist Uleies an eis Suergen zur aktueller Evolutioun vum Covid-19 an de Schoulen äntwere kënnt.
Bis haut sinn d’Elteren immens besuergt: D’Realitéit schéngt eis anescht, wéi et an de leschten verëffentlechte Rapport gewise gëtt.
Et gëtt Zäit méi Transparenz ze weisen: D’Zuel an d’Plazen u positive Covid-Fäll mussen schnellstméiglech matgedeelt ginn, net iwwert Rumeuren an net iwwert Informatioune vu privaten alternative Kanäl. D’Elteren mussen Decisiounen treffe kënnen, déi op de realen Informatioune baséieren, déi vun enger vertrauenswierdeger Quell verëffentlecht ginn. Soss verbreede sech Panik an Angscht. Mir hunn zu Lëtzebuerg déi eemoleg Geleeënheet e Beispill fir déi aner europäesch Länner ze sinn.
Mir invitéieren Iech héiflech d’Statistiken zu de Schoulen ze verëffentlechen, sou wéi et och d’Europaschoul mécht – an dat iwwert d’Internetsäit, Facebook oder E-Mail.
D’Situatioun a real Informatiounen ze verstoppen léisst näischt anescht wéi Mësstrauen bei der Bevëlkerung, déi schonn ëmmer manner Vertrauen an Är Institutioun huet, entstoen.
D’Aktualiséiere vun der Situatioun an de Schoule kënnt oft ze spéit fir d’Elteren, wann et e Covid-19-Fall an der Klass gëtt. Speziell fir Eltere vu vulnerabele Kanner, oder wann Elteren selwer vulnerabel sinn, erweist sech d’Situatioun net berouegend.
Mir bieden Iech also frëndlech verschidde Moossnamen direkt anzeféieren, sou wéi beispillsweis:
Zum Schluss wéilte mir Iech och bieden d’Resultater vun engem eréischt kierzlech verëffentlechte Sondage (virun 3 Deeg publizéiert) zur Kenntnis ze huelen, deen iwwert d’Moossnamen handelt, déi an der Schoul ergraff musse ginn, fir dës als „esou sécher wéi méiglech“ betruechten ze kënnen. D’Membere vum Grupp hu folgend Moossnamen proposéiert:
Mir hoffen, datt eist Uleies gehéiert gëtt an datt Léisunge fonnt ginn. Mir erwaarde mat Ongedolg eng Äntwert vun Ärer Säit.
Mat frëndleche Gréiss,
Grupp „Covid in Schools – Luxembourg“