Search

You may also like

D‘Fréijoer: „Ze Waarm an ze Dréchen!“
Meenung Neiegkeeten

D‘Fréijoer: „Ze Waarm an ze Dréchen!“

Fir d‘Verwaltung vun den technesche Servicer vun der Landwirtschaft (ASTA),

money
Cargolux: Eng Fluchgesellschaft gënnt sech e neit Kleed
Meenung Neiegkeeten

Cargolux: Eng Fluchgesellschaft gënnt sech e neit Kleed

Fir d‘Cargolux an Lux-Airport schreift sech den 10. August a

Nëmmen e Profi packt et, méi wéi 7 Richteger an eisem Verbe-Quiz ze kréien!
Meenung Neiegkeeten

Nëmmen e Profi packt et, méi wéi 7 Richteger an eisem Verbe-Quiz ze kréien!

[onionbuzz quiz-id=150][/onionbuzz] Hannert eise Verbe verstoppen sech heiansdo di gréissten

Oppene Bréif: Mécht den Educatiounsminister de Geck mat eis?

Oppene Bréif: Mécht den Educatiounsminister de Geck mat eis?

Léif Dammen an Hären Deputéiert,

Alt emol erëm gouf eng geplangten Entrevue vum Här Minister Meisch mat der ALEE/CGFP, der APCCA/SEW/OGBL, der APPSAS, dem SLEG/CGFP an dem SPEBS/CGFP, also deene 5 Gewerkschaften a Personalrepresentatioune vum edukativen a psycho-soziale Personal aus dem Enseignement, vu Säite vum Här Minister Meisch kuerzfristeg ofgesot a reportéiert.

Mat schäinhellegen Argumenter vermeit den Educatiounsminister fir mat de Gewerkschaften a Personalrepresentatiounen ze schwätzen. Am Fréijoer an am Summer huet d’Pandemie missen als Erklärung duerhalen, fir net mat de Gewerkschaften a Personalrepresentatiounen ze schwätzen, obwuel se den Educatiounsminister net dervun ofgehalen huet, fir ouni Nout wärend der selwechter Zäit d’Aarbechtskonditioune vum edukativen a psycho-soziale Personal an de Schoulen duerch Notte vu senge Chefs de service verschlechteren ze loossen. D’Gewerkschaften a Personalrepresentatioune sinn den 13. Juli 2020 (!) einfach virun ee Fait accompli gestallt ginn.

Op de Gewerkschaften a Personalrepresentatiounen hir Invitatioun am Riseformat hin, déi si de 15. September 2020 am Kader vun engem Protestpiquet virum Educatiounsministère fir den Här Minister Meisch iwwerreecht hunn, konnt dësen net anescht, wéi sech op deem vun de Gewerkschaften a Personalrepresentatioune proposéierten Dag mat hinne fir een Austausch ze gesinn.

Op der Entrevue de 6. Oktober 2020 hunn d’Gewerkschaften a Personalrepresentatioune gemeinsam ee koherente Modell virgestallt, deen d’Basis duerstelle kéint fir d’ganz Tâchendiskussioun vum edukativen a psycho-soziale Personal am Enseignement ze léisen. Dee Modell, deen sech un déi aktuell Reglementer uleent, bitt d‘Méiglechkeet fir d’Tâchen an deene verschiddenen Aarbechtsberäicher ze definéieren, esou datt se un dat jeeweilegt Aarbechtsfeld adaptéiert sinn. Dobäi kéim et net zu enger Perte vun edukativen a psychosoziale Stonne bei de Schüler a Schülerinne par rapport zu der aktueller Situatioun.

En plus géifen d’Stonnen dann esou prestéiert ginn, wéi se an der Schoul gebraucht ginn. Ausserdeem hunn d’Gewerkschaften a Personalrepresentatiounen drop higewisen, datt et Reglementatioune fir hir Aarbechtskonditioune gëtt, déi duerch déi besoten Notten a Fro gestallt ginn. Mir hu ganz besonnesch op de Règlement grand-ducal (RGD) vun 2009 zu der Tâche vum Éducateur gradué a vum Éducateur am Enseignement fondamental higewisen, deem seng weider Gültegkeet den Här Minister Meisch net bestätege wollt. Dobäi ass dee besote RGD bis haut nach ëmmer gülteg! Des Weideren ass den Här Minister Meisch och net op d’Existenz vun enger Instruction ministérielle agaangen, déi d’Tâche vum Personal an de SePASen säit 2008 kloer definéiert.

Richteg Gespréichsbereetschaft gewisen huet den Här Minister Meisch awer eréischt, ewéi déi genannten Associatiounen een Avis juridique virgeluecht hunn, deen déi duerch déi besoten Notten definéiert Aarbechtskonditiounen eendeiteg als illegal astuuft. D’Gewerkschaften hunn dem Educatiounsminister dee besoten Avis juridique zoukomme gelooss, aus deem kloer ervirgeet, datt obligatoresch 44 Aarbechtsstonne pro Woch weder am Lëtzebuerger Aarbechtsrecht, nach am Statut festgehale sinn. Deemno sinn déi vum Minister gefuerdert Aarbechtskonditiounen net legal verankert.

D’Äntwerte vum Minister sollten, op seng eege Propos hin, 6 Woche méi spéit, de 17. November 2020, an enger weiderer Entrevue virgestallt an zesummen diskutéiert ginn. An der Tëschenzäit wollt de Minister dee vun de Gewerkschaften a Personalrepresentatioune presentéierten Tâchemodell duerchrechnen an dee virgeluechten Avis juridique vun de Juriste vu sengem Ministère analyséiere loossen. D’Gewerkschaften a Personalrepresentatiounen hu gefrot, fir 10 Deeg virum nächste Rendez-vous een Ordre du jour vun der Reunioun an eng schrëftlech Prise de position vum Minister, op mannst par rapport zum Avis juridique, ze kréien, esou wéi et gängeg Praxis ass.

Ouni de Gewerkschaften a Personalrepresentatiounen déi erwaarte schrëftlech Réckmeldung zoukommen ze loossen, huet den Educatiounsminister de Rendez-vous vum 17. November kuerzfristeg annuléiert a reportéiert, erëm mam schäinhellegen Argument vun der Corona-Pandemie, obwuel d’ganzt Land wousst, datt hien an der Woch all Hänn voll ze dinn hat mam Projet de loi 7662 zur Rekrutéierung vu Lycéesdirekteren aus dem Privatsecteur. Alt nees ee verheerende Projet, deen den Educatiounsminister ouni Nout a wéi gewinnt ouni iergendeng Form vu Sozialdialog duerchboxe wollt. Och hei gouf d‘selwecht ewéi bei der Tâchendiskussioun vum edukativen a psycho-soziale Schoulpersonal d’CoronaPandemie vum Educatiounsminister ausgenotzt fir klammheemlech seng ultraliberal Agenda emzesetzen.

Deen neien Datum fir dës reportéiert Entrevue wier dëse Méindeg, 7. Dezember 2020 gewiescht. Erëm si mer enttäuscht ginn! Des Kéier huet den Här Minister Meisch d’Entrevue mat deene 5 Associatiounen e Freideg kuerzfristeg ofgesot mam Argument, datt e Méindeg 2 wichteg Ministerialbeamte krank wieren. Dobäi wollte mir mam Här Minister selwer schwätzen! Mir kënnen net gleewen, datt de Fait, datt 2 Mataarbechter krank sinn, de ganze Betrib vum Ministère läämt an den Educatiounsminister drun hënnert, sech mat de Gewerkschaften a Personalrepresentatiounen auszetauschen. Déi Begrënnung stéisst ëmsou méi batter op, well jo och déi erwaarte schrëftlech Réckmeldung par rapport zum Avis juridique an zum proposéierten Tâchemodell nach ëmmer net virläit.

Mir froen eis ganz seriö, ob den Här Minister Meisch de Geck mat eis mécht!

Dobäi haten déi 5 Associatioune vill Hoffnungen an déi ofgemaachte Reunioun gesat. Nodeems mir de Minister op déi nach ëmmer ze applizéierend a bestoend Bases légales a Reglementatiounen higewisen an ee koherente Modell proposéiert haten, hate mir eis deementspriechend erhofft, datt déi ominéis Notte vum Juli 2020, déi an de leschte Méint fir vill Onrou um Terrain gesuergt hunn, endlech zeréckgezu géinge ginn an datt endlech e Sozialdialog zur edukativer a psycho-sozialer Aarbecht an de Schoule géing entaméiert ginn, fir uschléissend zu engem Legiferéieren duerch d’Chamber ze kommen.

Mëttlerweil huet den Här Minister Meisch awer op d’Question parlementaire 2847 geäntwert. An der Äntwert schreift hien, datt hien „in Abwesenheit spezifischer Gesetzgebungen für das sozialpädagogische Personal in den verschiedenen Bildungsbereichen“ agéiere géif. Domat verleegent hien déi säit Jore bestoend Reegelungen esou wéi déi valabel Bases légales, notamment de RGD vun der Tâche vum Personnel éducatif fir den Enseignement fondamental an de RGD vun der Tâche vum Personnel éducatif fir d’CNFPCen, béid vun 2009. Des kéinten ouni Probleemer op déi aner Beräicher am Enseignement ausgeweit ginn a wieren och kompatibel mat deem vun de Gewerkschaften a Personalrepresentatioune virgeschloene Modell.

Mä vermuttlech passen déi Reglementer dem Här Minister Meisch net a seng ultraliberal Agenda, déi vläicht nach Iwwerraschunge bereet hält, vun deene mir haut nach näischt wëssen. Op jidde Fall regéiert hie léiwer iwwert Notten a Projeten, déi ënnert dem Radar an ouni Sozialdialog gepuscht ginn, ewéi den demokratesche Prozess am Respekt vun der Verfassung an der Chamber als legislativem Pouvoir ze respektéieren.

Bemierkenswäert war an deem Zesummenhank an der Entrevue vum 6. Oktober op jidde Fall och, wéi den Här Minister Meisch sot, dee RGD vun 2009 a.B. op den Enseignement fondamental géing jo aus enger Zäit stamen, wou hien emol nach net Minister gewiescht wier. Zënter wéini kann ee Minister gëlteg legislativ Texter a Fro stellen, just well se viru senger Mandatszäit a Kraaft getruede sinn?

Zudeem stinn an der Äntwert op besote QP 2847 folgend Aussoen:

„Seit geraumer Zeit befindet sich das Ministerium für Bildung, Kinder und Jugendliche im Austausch mit den Gewerkschaften des psycho- und sozialpädagogischen Personals (PSE).“

…an a Bezuch op de feelende Sozialdialog zum Thema Notte vum Juli an Aarbechtskonditioune vum edukativen a psycho-soziale Personal:

„Die zuständigen Abteilungen des Ministeriums für Bildung, Kinder und Jugend (MENJE) haben, insbesondere während den letzten 12 Monaten, regelmäßig Kontakt zu den Gewerkschaften aufgenommen und über die verschiedenen Entwicklungen diskutiert. Die Gewerkschaften haben dem MENJE ihre Positionen periodisch mitgeteilt und diese wurden bei der Ausarbeitung der Richtlinien in Betracht gezogen.“

D‘ALEE/CGFP, d‘APCCA/SEW/OGBL, d‘APPSAS, de SLEG/CGFP an de SPEBS/CGFP bleiwe formell bei hirer Ausso, datt et trotz onzieleger onbeäntwerter Demandes d’entrevue hirersäits virum 6. Oktober 2020 net zu enger eenzeger Entrevue mam Här Minister Meisch zum Thema vun den Aarbechtskonditiounen an den Tâche vum edukativen a psycho-soziale Personal komm ass! All Entrevuen am Laf vum leschte Joer waren eenzeg an eleng zum Thema Pandemie an hire Konsequenzen an de Schoulen, mä ni zum Thema vun den Aarbechtskonditioune vum edukativen a psycho-soziale Personal an de Schoulen!

A säit Juli 2019, also säit 18 Méint, huet och keen eenzegt Gespréich méi vun engem Ministerialbeamte mat enger Gewerkschaft oder enger Personalrepresentatioun zum Thema Aarbechtskonditioune vum edukativen a psycho-soziale Personal am Enseignement stattfonnt! Dës Onwouerechte beschiedegen zousätzlech d’Vertrauen an den Educatiounsminister. Mir froen eis geschlossen, awéifern ee vertrauensvollt Zesummeschaffen tëschent de Gewerkschaften a Personalrepresentatiounen an dem Educatiounsminister iwwerhaapt nach méiglech ass.

Et geet elo op jidde Fall duer! Hei gi Faits accomplië geschaf an – op Käschte vun der Qualitéit vum Unterrecht a vun der Prise en charge vun de Schüler a Schülerinne mat spezifeschen, psychologeschen oder soziale Besoinen op där enger Säit, an op Käschte vun der Gesondheet vum Personal op där anerer Säit – kloer op Zäit gespillt. Dëst ënnersträicht och de Mangel u Respekt vu Säite vum Educatiounsminister de Schüler a Schülerinne mat spezielle Bedürfnisser géigeniwwer. D’Personal en charge vun dëser Populatioun gëtt einfach lénks leie gelooss an domat hir Schüler a Schülerinne genee esou!

Dir Dammen an Hären Deputéiert, et ass an eisen Aen un der Zäit, datt d‘Chamber als legislative Pouvoir dem Här Minister Meisch Nohëllefstonnen a Verfaassungsfroen an am Wëssen iwwert demokratesch Virgoensweise gëtt! Gläichzäiteg kéint och nach op de Volet Éierlechkeet a Respekt agaange ginn. Well wann den Educatiounsminister esou weider mécht ewéi bis elo, da muss d’Fro erlaabt sinn, wéi laang hien iwwerhaapt nach als Minister ze droen ass. Dir Dammen an Hären Deputéiert, et ass un der Zäit, datt d’Chamber an dësem Dossier hir Roll als Kontrollorgan vum Pouvoir exécutif seriö hëlt an aktiv gëtt!

Mir fuerderen den Educatiounsminister op, déi uewen ugeschwaten Notten, déi déi bestoend rechtlech Basen ënnergruewen, an déi laut deem eis virleienden Avis juridique illegal a Bezuch op d‘Aarbechtsrecht sinn, bis de 15. Dezember 2020 zréckzezéien, an duerno a Rou a mat der néideger Seriositéit an Éierlechkeet mat alle Gewerkschaften a Personalrepresentatiounen ee Sozialdialog zu den Tâche vum edukativen a psycho-soziale Personal am Enseignement ze féieren, mat uschléissendem Legiferéieren duerch d’Chamber!

Matgedeelt vun ALEE/CGFP, APCCA/SEW/OGBL, APPSAS, SLEG/CGFP a SPEBS/CGFP

Opmaacherbild: © SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Related topics ALEE/CGFP, APCCA/SEW/OGBL, APPSAS, Avis juridique, Claude Meisch, Educatiounsminister, kee Sozialdialog, Ofso, Oppene Bréif, psychosoziaalt Personal, SPEBS/CGFP
Next post Previous post