Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

400 Enseignante bei der Konferenz fir Zesummenaarbecht
Neiegkeeten Stories

400 Enseignante bei der Konferenz fir Zesummenaarbecht

Zuelräich Enseignanten, Presidente vu Schoulcomitéen, Direktere vu Primärschoulen a Lycéeen,

Berlin: Dat politescht Karussell vun den Aarschkrécher
Neiegkeeten Stories

Berlin: Dat politescht Karussell vun den Aarschkrécher

D‘Bundeskanzlerin, Angela „Mutti“ Merkel, huet sech um Sonndeg zu Berlin

Plenarversammlung vun der Landwirtschaftskummer
Neiegkeeten Stories

Plenarversammlung vun der Landwirtschaftskummer

Zesumme mam Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech

Oppene Bréif: Ech sinn d’Meedchen am Fall Kiesch

Oppene Bréif: Ech sinn d’Meedchen am Fall Kiesch

All Geschicht huet méi ewéi eng Säit, an am Fall Jean Marc Kiesch – dee Mann, dee jorelaang gesicht a schliisslech viru kuerzem zu Madrid opfonnt ginn ass – wëll ech Iech elo meng Geschicht erzielen. Doduerch datt hie meng Boma wéinst hirer Rent ëmbruecht a mech mat zuelräiche Problemer zeréckgelooss huet, ginn ech nach haut vun Dämone verfollegt.

Ech war knapp 15 Joer al, hunn d’Weekender beim menger Boma verbruecht. Meng Tatta ass schonn deemools net mat mir eens ginn. Si wollt et net wouer hunn, datt hire Brudder mech sexuell mëssbraucht huet, war mat der Situatioun iwwerfuerdert an huet mech esou op Schraasseg an d’Erzéiungsheem geschéckt. Oder nee, de Jugendriichter huet dat esou decidéiert, well ech andauernd fortgelaf sinn a mech net wuel gefillt hunn.

Onverstanen an net eescht geholl, hunn ech meng Fräizäit oft op der Äispist verbruecht. A bemol ass deen dräi Joer méi ale Jong a mäi Liewe getrueden. Ob eng platonesch Manéier war hie mir direkt sympathesch – mir haten alle béid an der Gesellschaft ze kämpfen: Hie gouf nämlech duerch säin thailännescht Ausgesinn an d’Adoptioun gemobbt, an ech gouf dauernd Plattgesiicht vernannt.

Schliisslech hu mir zwee eis Deeg zesummen op der Äispist verbruecht, jo och gekifft an iwwert d’Suerge geschwat, probéiert se uschléissend ze vergiessen. Säin Tick war et allerdéngs mam Butterfly-Messer ze spillen. A wou d’Gras bis ausgaangen ass, koum schliisslech d’Diskussioun ob, wéi een u Geld kéint kommen.

Bekifft an enttäuscht vun der Welt hunn ech schlisslech am Witz (!!) gesot, datt meng Boma jo gläich hir Rent kritt. Mä, dat war just ee Witz, en einfache Witz! Am Endeffekt huet meng eegen Ausso mir mäin Gefill vum Doheem-Sinn, mäin Anker an den eenzege Mënsch dee mir nom Mëssbrauch gegleeft huet, geholl. Ech krut et mat der Angscht ze dinn an op seng Nofro, hunn ech ëm erkläert wou si wunnt. Dat war den nächste fatale Feeler. Ma, ech sot him awer, datt si Dënschdes Mëttes net am Haus wier, am Wëssen, datt si eigentlech a Sécherheet bei der Amiperas ass.

Der Boma hir Sue sollten NET fir eng gemeinsam Flucht geduecht sinn – sou wéi et dacks an de Medie geschriwwe gëtt – mee fir weidert Gras an Zigaretten. Et war och e gudde Strapp Verzweiwlung mat am Spill, ech gouf nämlech vun engem Meedche vu Schraasseg bedreet a sollt och him eppes fir seng Sucht matbréngen.

Aus Angscht virun deem enge Meedchen hunn ech eng Fuge gemaach, hunn mech an engem eidelen Haus verstoppt a geschlof. Dënschdes Moies souz ech zu Dikrech op der Gare, hunn ee Buch gelies, am Onwëssen, datt meng Boma schonn dout wier. Hien ass Nuets bei hir erageklommen an huet si ëmbruecht.

Mat engem elle schwéiere Pak u Scholdgefiller muss ECH elo liewen, an elo wou hie fonnt ginn ass, kënnt d’Vergaangenheet nees ëmsou méi staark erop. Ech sinn Affer an Täter zu gläicher Zäit. Mäi Witz hat fatal Welle geschloen. Et stinn nach ëmmer esou vill Froen oppen, mee leider huet keen d’Äntwerten. D’Plaz vun der Famill, den Doheem, sou wéi der geléifter Persoun, déi ech verluer hunn, gouf vun engem Dämon ageholl. Hien ass omnipresent, Dag fir Dag, nach haut.

No der Dot hat ech vill Gespréicher mam Ënnersichungsriichter, woubäi d’Wouerecht erauskoum. Ech krut e Fräisproch, hat näischt domat ze dinn. An awer hëlleft dëst Uerteel net doriwwer ewech, datt d’Scholdgefiller mech ploen. Ech muss d’Vergaangenheet hannert mir loossen an no vir kucken. A vläicht kann dës Erzielung en klengen Deel dozou bäidroen.

E Bréif vun engem Meedchen, wat d’Welt versprach krut, déi elo a Schierbele läit

Opmaacherbild: © Guilherme Stecanella / Unsplash

Ähnlech Sujeten Adoptioun, Äipist, Boma, Ënnersichungsriichter, Flucht, Fräisproch, Fuge, Jean Marc Sirichai Kiesch, Madrid, Mord, Oppene Bréif, Plattgesiicht, Rent, Scholdgefiller, Schraasseg, Suen, Tatta, Uerteel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel